Search

You may also like

US-Haushaltssträit: E weidere Shutdown schéngt ofgewiert
Neiegkeeten

US-Haushaltssträit: E weidere Shutdown schéngt ofgewiert

„Nach emol gutt gaangen“ mussen sech d‘Salariéen an d‘Aarbechter vun

Editorial: Literaresch Rebellioun
Neiegkeeten

Editorial: Literaresch Rebellioun

Si souzen deels um Bueden. Hu virgelies an de Publikum

Nom Wahlkampf ass virum Wahlkampf
Neiegkeeten

Nom Wahlkampf ass virum Wahlkampf

Kaum ass deen ee Wahlkampf zu Enn gaangen, fänkt och

Schwéiert Accident zu Iewerleng

Haut de Moien huet et ee schwéiert Accident ginn. Schonn um Sonndeg ass et uechtert Land zu dräi Accidenter mat Verletzte komm.

Schwéiert Accident zu Iewerleng

Aus dem Policebericht ass ze enthuelen, datt et de Moien um 7.20 Auer op der Haaptstrooss zu Iewerleng zu engem schwéiere Accident komm ass. Wéi et heescht huet en Automobilist wärend der Faart d‘Kontroll iwwert säi Gefier verluer an ass géint ee Bam gerannt. Duerch de Knuppert ass de Chauffer vum Auto ageklemmt ginn an huet misse vum CGDIS aus senger mësslecher Lag befreit ginn. Nodeems dat gelongen ass, konnt de Mann an d‘Spidol iwwerfouert ginn. D‘Streck war wéinst de Biergungsaarbechte komplett gespaart ginn. Si gouf um 9.20 Auer nees opgemaach.

Um Sonndeg war ee Chauffer mat seng Auto géint eng Mauer gerannt, déi d‘Kapell-Strooss vun der N25 trennt. Duerch de Knuppert huet sech d‘Gefier iwwerschloen an ass géint zwee weider Autoe geknuppt iert en um Dach zum hale koum. De Chauffer vum Gefier ass uschléissend an d‘Spidol gefouert ginn, wou och en Alkoholtest gemaach ginn, dee „positiv“ ausgefall ass. Dem Chauffer gouf ee Fuerverbuet zougestallt, iert hien no kuerzer Behandlung nees d‘Spidol verloosse konnt.

Zu Esch-Uelzecht hat et dann um Sonndegowend kuerz no 22 Auer an der Strooss Ferdinand Nothomb gerabbelt. De Chauffer deen d‘Accident verschëlt hat, wollt sech de Pabeierkrom erspueren an hat sech duerch d‘Bascht gemaach. D‘Police huet sech folgerichteg missen op d‘Sich nom Flüchtege maachen an konnt d‘Gefier – dat an engem éischter schlechten Zoustand war – an der Other-Strooss lokaliséieren. De Chauffer war och nach op der Plaz an den Alkoholtest war positiv. D‘Police huet dem Mann dann emol de Führerschäin ofgeholl.

Domadder hätt et kënne gedoe sinn, wann de Bäifuerer, deen och eppes ze déif an d‘Glas gekuckt hat, sech net dernieft beholl hätt. Dee wollt d‘Beamten op d‘Prouf stellen a huet versicht engem vun de Polizisten eng ze haen. Wat niichter schonn net esou einfach ass, sollt him a sengen ugeschloen Zoustand zum Gléck guer net geléngen an esou war de „Rebell“ séier immobiliséiert. Fir sech vum iwwerméissegen Alkoholkonsum ze erhuelen, gouf dësen dann um Kommissariat am Passagearrest ënnerbruecht bis hien nees erniichter war.

De leschten Accident um Sonndeg huet sech géint 23 Auer zu Äischen an der Stengeforter-Strooss zougedroen. Hei war eng Damm mat hirem Auto an d‘Schleidere geroden an géint eng Stroosseluucht geknuppt. D‘Madamm, déi bei dësem Virfall liicht blesséiert gouf, hat och eppes iwwer Mooss gedronk. Och Si huet de Beamten hire Führerschäin iwwerlooss…

Illustratioun: Brett Jordan / unsplash

Related topics Accident, Alkohol um Steier, Alkoholiséierte Chauffeur, Führerschäin, Police
Next post Previous post