Den Zenter fir erweidert Fleeg an der Rockhal
Säit dem 24. Mäerz 2020 bilt, neift der Luxexpo, och
Säit dem 24. Mäerz 2020 bilt, neift der Luxexpo, och
Wann ee sech déi gesamt Entwécklung vun der Reaktivitéit op
D’Lëtzebuerger Literaturzeen brauch sech ëm hiren Nowuess net allze vill Suergen
Bei engem heftegen Äerdbiewen an der Osttierkei si mindestens 18 Leit verstuerwen an iwwer 500 Persoune sinn deels schwéier blesséiert ginn. Ville Mënsche gi vermësst. D‘Biewe war esou hefteg, datt et och an de Nopeschlänner ze spiere war.
Richteg haart getraff huet et d‘Provënz Elazig. Schied sinn erhieflech, vill Haiser sinn agefall an d‘Rettungsdéngschter hunn et an der Keelt schwéier sech duerch d‘Trëmmer e Wee ze maachen, fir déi blesséiert ze biergen. Rettungsaarbechten déi duerch Nobiewen zousätzlech behënnert ginn. Zur Stonn ginn nach mindestens 30 Mënschen ënnert de Ruine vermutt.
De President Recep Tayyip Erdogan huet der staatlecher Presseagence Anadolu verséchert, datt all Moossnamen ergraff ginn, fir de Leit op der Plaz séier Hëllef zoukommen ze loossen an datt alles gemaach gëtt, fir d‘Sécherheet vun de Mënschen ze assuréieren. An Engem Tweet huet hien de blesséierten eng séier Heelung an den doudegen d‘Gnod Gottes gewënscht.
Den tierkesche Gesondheetsminister ass nach an der Nuecht am Äerdbiewegebitt ukomm. Hien huet sech hei mat de Rettungsdéngschter getraff a Mënschen am Spidol gesicht. En éischte provisoresche Bilan soll haut de Muere presentéiert ginn. © Ministry of Health, TK
De Gesondheetsminister Fahrettin Koca an den Inneminister Süleyman Soylu sinn ënnerwee fir sech mat eegenen Aen e Bild vun der Situatioun ze maachen. De Verdeedegungsministère huet matgedeelt, datt Krisenzenter ageriicht gi sinn, fir Sich- an Rettungsmissiounen ze koordinéieren. De Katastropheschutz „Afad“ huet honnerte Leit op d‘Plaz geschéckt.
Laut Anadolu, déi sech op den tierkeschen Äerdbiewenobservatoire Kandilli berifft, hat d‘Biewen eng Stäerkt vun 6,5 op der no uewen oppener Richterskala. Den Epizenter soll am Bezierk Sivrice geleeë sinn. Och a Syrien, dem Libanon an esouguer am Iran ass zu Erschütterunge komm. Vill Nobiewen huet et scho ginn, weiderer ginn net ausgeschloss.
mat indymedia/tlv
Foto: Vill Haiser konnten dem Äerdbiewen net standhalen a sinn a sech zesummegefall. © AFAD