Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Putin befeelt d‘Liquidatioun vun Attentäter
International Neiegkeeten

De Putin befeelt d‘Liquidatioun vun Attentäter

Um Donneschdeg huet de Vladimir Putin den Uerder erausginn, op

Regional Traditiounen a Produiten um 30. Munzer Haupeschmaart
International Neiegkeeten

Regional Traditiounen a Produiten um 30. Munzer Haupeschmaart

Et ass scho fir déi 30. Kéier datt d‘Robbesscheier iech

D‘Weltmierer erhëtzen sech méi séier wéi erwaart
International Neiegkeeten

D‘Weltmierer erhëtzen sech méi séier wéi erwaart

Wa Staats- a Regierungscheffe vun esou groussen Natiounen, wéi d‘USA

Schwéiert Äerdbiewen op der iranesch-irakescher Grenz

Schwéiert Äerdbiewen op der iranesch-irakescher Grenz

Um spéide Sonndegowend si bei engem schwéieren Äerdbiewen, engem éischte Bilan no, op mannst 170 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Och vun honnerte blesséierte gëtt bericht. D‘Äerdbiewen, dat mat enger Kraaft vun 7,3 op der Richterskala an der Grenzregioun tëscht dem Iran an dem Irak zougeschloen huet, war bis an d‘Tierkei ze spieren.

Am Iran klëmmt de Bilan stënterlech. Laut der Staatstëlee an der Studenten-Agence ISNA, huet een um Méindegmueren 164 Stierffäll a wäit iwwer 1.600 blesséiert Persoune registréiert gehat. Deem muss een déi sechs Affer op irakescher Säit dobäirechnen. Mee och hei kann een am Moment just vun engem provisoresche Bilan ausgoen.

Laut dem amerikanesche geologeschen Institut (USGS), huet d‘Äerdbiewen op enger déift vu 25 Kilometer, ronn 30 Kilometer südëstlech vun der Stad Halabja an der Provënz Souleimaniyeh stattfonnt. Lassgaangen ass et um 22:18 Auer (Lokalzäit) a war bis an de Süde vun der Tierkei ze spieren. An der Tierkei soll et awer weder Affer nach Schied ginn hunn.

Den Iran am schlëmmste betraff

Op iranescher Säit, sinn all d‘Affer an der Provënz Kermanshah rezenséiert ginn. Déi ëffentlech Medien hunn d‘Bevëlkerung opgeruff Rou ze behalen: „D‘Situatioun an de Géigende vum Äerdbiewen ass ënner Kontroll“, verséchert d‘Staatstëlee. Trotz allem klëmmt Zuel vun den Affer stënterlech an dat ganzt Ausmooss vun der Katastroph wäert och eréischt bei Dagesliicht erkennbar ginn.

Am Irak ass et d‘Provënz Souleimaniyeh (irakesche Kurdistan) déi vum Äerdbiewe betraff ass. Hei sollen éischten Erkenntnisser no sechs Affer ze bekloe sinn. Matten an de Bierger geleeën, muss een déi Zuelen awer mat grousser Virsiicht genéissen. Och hei muss gefaart ginn, datt wann et bis Hell gëtt an d‘Autoritéiten sech aus de Loft en Iwwerbléck verschaaft hunn, de Bilan no uewe muss korrigéiert ginn.

Och zu Bagdad war d‘Biewe gutt 20 Sekonne laang ze spieren, an aneren irakesche Provënzen zum Deel eppes méi laang. Laut dem Internetsite vum geophyseschen Institut vun der Universitéit Teheran, war d‘Äerdbiewe vun e sëllechen Nobiewen an der Nuecht begleet ginn. Dovunner sollen der wéinstens dräi iwwer 4,3 op der Richterskala geleeën hunn.

Schwéieren Zougang

Op iranescher Säit, schéngen éischten Aschätzungen no d‘Stied Qasr e Shirin an Azgaleh (Provënz Kermanshah) ganz haart getraff ze sinn. Op der Tëlee huet de Gouverneur vun der Provënz matgedeelt, datt een derbäi wier dräi Noutlager opzeriichten. Laut der Agence IRNA wieren och eng drësseg Equippe vu Secouriste vum iranesche rouden Hallefmound ënnerwee.

Op der staatlecher Tëlee huet den Pir Hossein Koolivand, Chef vum nationalen Zivilschutz, erkläert, datt ee wuel vill Personal konnt an d‘Géigend bréngen, den Zougang zu verschiddenen Dierfer awer schwéier ass. Duerch d‘Äerdbiewen ass et op ville Plazen zum Äerdrutsch komm an d‘Stroosse sinn onpasséierbar.

Am Iran bleiwen an de Provënze Kermanshah an Ilam d‘Schoulen zou. D‘Leit an de betraffene Géigenden, esouwuel am Iran wéi am Irak, sinn opgeruff ginn, sech net an den Haiser opzehalen, fir enger Gefor duerch Nobiewen ze begéinen. Och sollt ee sech net onnéideg deplacéieren. Plazeweis ass och d‘Stroumversuergung ënnerbrach.

Schlëmm Erënnerungen

Am Juni 1990 hat en Äerdbiewe mat enger Stäerkt vun 7,4 op der Richterskala, am Iran beim Kaspesche Mier iwwer 40.000 Affer, 300.000 Blesséierter an 500.000 zerstéiert Wunnenge, gefuerdert. An e puer Sekonne war deemools eng Fläch vun 2.100 Quadratkilometer verwüst ginn. Betraff ware 27 Stied an 1.871 Dierfer an de Provënzen Zandjan a Ghilan.

Am Dezember 2003, hat e Biewen déi historesch Stad Bam (Iran) vun der „Kaart“ gestrach. Hei waren 31.000 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Zéng Joer duerno, am Abrëll 2013 hat den Iran op e neits mat Äerdbiewen ze kämpfen. An engem kuerzen Intervall waren unenaner e Biewe mat 6,4 an du mat 7,7 ausgebrach.

mam Shwan Mohammad/AFP

Foto: No engem Äerdbiewe vun 7,3 op der Richterskala, siche Rettungsdéngschter an der Stad Sarpol e Zahab (iranesch Provënz Kermanshah) no Iwwerliewenden. © Pouria Pakizeh/ISNA/AFP

Ähnlech Sujeten Äerdbiewen, Irak, Iran
Nächsten Artikel Virrechten Artikel