Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn
International Neiegkeeten

dating a patient

Wa sech erweise sollt, datt d‘Aussoe vum fréieren US-Ambassadeur bei

vinny ventiera dating
dating pangalan ng general trias sa cavite
International Neiegkeeten

What the Fakt: Viru 70 gouf mam GATT de Grondstee vun der Globaliséierung geluecht

Nodeems et 1947 net méiglech war de Plang fir eng

Bei de Parlamentswahlen an der Ukrain läit dem Selenski seng Partei virop
International Neiegkeeten

Bei de Parlamentswahlen an der Ukrain läit dem Selenski seng Partei virop

Nodeems de Komiker Wolodymyr Selenski am Abrëll d‘Presidentschaftswahle gewonnen hat,

Schwéiert Zuchongléck an der Belsch fuerdert zwee Mënscheliewen

Schwéiert Zuchongléck an der Belsch fuerdert zwee Mënscheliewen

Um Méindeg goufen an der Belsch, zu Morlanwelz, onwäit der Industriestad Charleroi, zwee belsch Eisebunner déidlech, zwee schwéier an eng handvoll Passagéier méi liicht blesséiert, wéi een ausser Kontroll gerodenen Zuch mat engem anere kollidéiert ass.

Alles huet mam Accident tëscht engem Zuch an engem op enger Barrière blockéierten Auto ugefaangen. De Passagéierzuch (Namur-Tournai) an den Auto hu bei der Kollisioun Feier gefaangen, wat dozou gefouert huet, datt d‘Linn 112 de ganzen Dag iwwer huet misse gespaart ginn.

D‘Evakuatioun vum Auto war kee Problem, mee déi duerch d‘Feier zerstéiert Ramme huet misse vun engem Hub-Zuch ofgeschleeft ginn. Dat ass dann och géint der Owend gemaach ginn, mee ënnerwee hunn sech den Hub-Zuch an d‘Ramme brutal an aus nach net gekläerter Ursaach ausenanergerappt.

Eng Katastroph, déi net méi ze verhënnere war?

Um Owend huet de Luc Lallemand, delegéierten Administrateur vun Infrabel (Gestionnaire vum belsche Schinnenetz) éischt Elementer vun der Enquête bei enger Pressekonferenz virgeluecht. Deemno, wéi sech Zuchmaschinn a Ramme getrennt hunn, ass de beschiedegte Passagéierwon „wéi e blannt Gefier iwwer 14 Kilometer wäit gerullt“.

D‘Streck ass liicht ofschësseg an d‘Eegegewiicht vun der Ramme huet fir d‘Vitesse gesuergt. Zwee Eisebunner, déi mat Reparaturaarbechte beschäftegt waren, sinn vun der Ramme erfaasst ginn. Zwee aner Eisebunner sinn heibäi schwéier blesséiert ginn.

„Den Alarm op dëser blanner Ramme, ass vun engem Zuch op engem anere Gleis ausgeléist ginn“, esou de Luc Lallemand. „D‘Signalhaus vu La Louvière huet dorops hin de Stroum ofgeschalt, an der Hoffnung de Passagéierwon esou opzehalen“. Eng Operatioun déi net gehollef huet. Op héicht vun der Gare vu La Louvière, ass d‘Ramme mat engem weidere Passagéierzuch kollidéiert. Laut de Rettungsdéngschter goufen hei fënnef Leit blesséiert.

De Schock sëtzt déif

Och de belschen Transportminister François Bellot huet sech nach spéit am Owend zum Virfall geäussert. „Meng éischt Gedanke ginn un d‘Famillje vun den Affer an un d‘Aarbechter déi op der Plaz waren. Si si schwéier schockéiert. Als Minister wollt ech op d‘Plaz komme fir mer e Bild vun der Situatioun ze maachen a meng Solidaritéit zum Ausdrock ze bréngen“.

Via Twitter huet d‘SNCB de Famillje vun den Affer hiert Bäileed ausgedréckt.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Belsch, François Bellot, Infrabel, Luc Lallemand, SNCB, Zuchongléck
Nächsten Artikel Virrechten Artikel