Search

You may also like

Homosexualitéit bei Kanner: De Poopst réit zu psychiatrescher Behandlung
International Neiegkeeten

Homosexualitéit bei Kanner: De Poopst réit zu psychiatrescher Behandlung

Déi kathoulesch Kierch ass a bleift dovunner iwwerzeegt, datt Homosexualitéit

money
EU dierf Strofzoll op US-Importer erhiewen
International Neiegkeeten

EU dierf Strofzoll op US-Importer erhiewen

Well d‘US-Regierung de Fligerkonstrukteur Boeing massiv subventionéiert huet, dierf d‘Unioun

Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!
International Neiegkeeten

Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!

De Prozess deen d‘Regierung zu Madrid géint déi katalanesch Separatiste

Schwiereg Generaldebatt fir d‘Vereenten Natiounen

Deen ee wëll vereenen, deen anere werft verbal Molotowcocktailer uechtert d‘Géigend

Schwiereg Generaldebatt fir d‘Vereenten Natiounen

Zum Optakt vun der Generaldebatt vun der Vereenten Natiounen huet den UN-Generalsekretär Antonio Guterres d‘Welt zu méi ze Zesummenaarbecht opgeruff a virun engem „kale Krich“ tëscht den USA a China gewarnt. Den US-President muss dat als „Aluedung“ mëssverstanen hunn an attackéiert Peking mat gewinntem Engagement.

75 Joer UNO, ee versaute Festakt an eng Erëffnung vun enger Generaldebatt ënner däischtere Virzeechen. D‘Ried vum Antonio Guterres deit op onbequem Zäiten hinn: d‘Covid19-Pandemie huet d‘Welt an de Gesondheetsnoutstand versat, där schléisst sech elo eng Wirtschaftskris un, wéi d‘Welt se nach net gesinn huet, de Klimawandel ass reell a Washington sicht Sträit mat Peking.

Den UN-Generalsekretär kënnt op de Punkt: „De Coronavirus huet d‘Welt dëst Joer an d‘Knéie gezwongen, mee deen ass nëmmen eng Generalprouf fir déi gewalteg Erausfuerderungen déi eis nach bevirstinn“. An hien huet dann och nees virun engem Konflikt tëscht den USA a China misse warnen. Dat awer ass éischter ee fromme Wonsch, well den Ament gëtt sech näischt geschenkt.

An esou war dem Donald Trump seng opgezeechent Ried dann alles anescht wéi en diplomateschen Héichpunkt. De Locataire aus dem Wäissen haus huet nees vum „China-Virus“ geschwat an dem „Fakt“, datt Peking d‘Welt net iwwert déi tatsächlech Gefore vum Covid19 informéiert huet. China hätt d‘Kontaminatioun vu Mënsch zu Mënsch geheim gehalen a seng Bierger an d‘Welt geschéckt.

Hei hätt den US-President och kënne behaapten, datt Peking absichtlech „infizéiert“ Mënschen an d‘Welt ausgesand huet, fir aus dem entstoende Chaos Profit ze schloen. Natierlech ass och nees eng Attack géint d‘Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) geridde ginn, déi jo bekanntlech vu China kontrolléiert gëtt. Mat iwwer 200.000 Covid19-Doudeger brauch den US-President ee Schëllegen…

Interessanterweis huet den Donald Trump net esou mat Selbstkritik. Hien huet d‘USA nees als de globale „Friddensstëfter“ presentéiert. Amerika ass eng Natioun déi de Fridden duerch Stäerkt erbäiféiert a nohalteg ze gestalte versteet. Hien hält folgerichteg och weider u senger America First Doktrinn fest a réit alle Staats- a Regierungscheffen hir Länner och op déi éischt Plaz ze setzen.

mat indymedia/nyc

Foto: De President vun der 75. Sessioun vun de Vereenten Natiounen, Volkan Bozkir, virun engem Covid19-bedéngt zimmlech eidelen Haus. Dat meescht spillt sech dann och am virtuelle Raum of. © United Nations

Related topics 75 Joer UNO, Antonio Guterres, Donald Trump, Generaldebatt, Vereenten Natiounen
Next post Previous post