Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!
Neiegkeeten

What the Fakt – Haut gëtt d’Bonfire-Night gefeiert!

An England gëtt all Joer um 5. November mat Freedefeier

D’Doktere warne virun de Gefore vum allsäits beléiften Aluminium
Neiegkeeten

D’Doktere warne virun de Gefore vum allsäits beléiften Aluminium

Mir all benotzen et, mee déi wéinegst Leit wëssen iwwert

dislike
Zwielef Joer Prisong well hien op e Student geschoss huet
Neiegkeeten

Zwielef Joer Prisong well hien op e Student geschoss huet

E jonke Mann vun 21 Joer muss fir 12 Joer

science.lu mécht Reklamm fir den IEE „people counter“

En 3D-Sensor mat spezieller Covid19-Software hëlleft bei de Kontaktbeschränkungen am Handel

science.lu mécht Reklamm fir den IEE „people counter“

Ob en Iwwerwaachungssystem vun enger Entreprise méi vertrauenswierdeg ass, wann dëse vun de Lëtzebuerger Acteuren aus Wëssenschaft a Fuerschung virgestallt gëtt, an dobäi och nach de Virus Covid19 als Grondlag genannt gëtt, woubäi d‘Software generell asetzbar ass, kann ee getréischt mat „Nee“ beäntwerten. Mee de System ass awer interessant genuch, fir sech domadder ze befaassen.

Dëse „Compteur“ dee vun der Entreprise IEE S.A. (a sense for innovation) vu Biissen entwéckelt ginn ass, erfaasst Mënschen déi an e Gebai eran, oder aus engem Gebai erausginn, an de Modell vun deem science.lu hei schwätzt, ass schonn déi drëtt Generatioun. Domadder wier da schonn emol séchergestallt, datt dëst Produkt och net wéinst der Covid19-Pandemie entstanen ass.

Aus dem Beitrag un Blog vu science.lu geet dat esou och ervir, woubäi hei versicht gëtt de Leit ze erklären, datt wéinst der Covid19-Situatioun, d‘Software op dës besonnesch Situatioun agestallt ginn ass. Dat stëmmt esou natierlech net, mee wéi sollt een soss Reklamm fir ee Produit maachen, wann een déi ënnert dem Deckmantel vun der Wëssenschaft a Fuerschung ënnert d‘Leit bréngt?

Wëssenschaft sollt „objektiv“ sinn, zumindest wann et d‘Zil ass, datt d‘Mënschen hir da vertraue sollen, wa si mat hirem Latäin um Enn sinn. Dofir sollt se éierlech sinn, an dat ass an dësem Fall net esou. Dëse System schützt zudeem net virum Covid19 an seng Uwennung huet éischter zoufälleg ee gréisseren Notzen am Kontext vum Kampf géint d‘Verbreedung vun dëser Infektiounskrankheet.

Wat kann de „people counter“?

Loosse mir emol d‘Virwërf vun der „gratis Reklamm“ op der Säit, well un a fir sech ass et ganz interessant wat de „people counter“ (Mënschenzielmaschinn) esou drop huet. Dës Apparatur ass onwiesentlech méi grouss wéi en Dampmelder, hänkt iwwert den Zougangsberäicher an erfaasst jiddereen deen eran oder eraus geet. Dës Zielmaschinn ass wéi gesot scho méi laang um Maart.

Op sech de System virun der Covid19-Pandemie „gutt verkaf“ huet ass net gewosst, bei IEE S.A. ass een do éischter eppes „zougeknäppt“. Dofir dierft sech am Kontext vun de Covid19-Oplagen, de „people counter“ besonnesch fir gréisser Geschäfter/Institutioune mat vill Publikumsverkéier, wéi Akafszenter, Baumäert an/oder Muséeën als nëtzlech erweisen, wëll jo den Zougang begrenzt ass.

De „people counter“ suergt also dofir, datt net méi Leit an engem Gebai oder spezifesche Beräich sinn, wéi dat recommandéiert ass. An dëse Sensor aus der drëtter Generatioun huet eng lass, seng Prezisioun läit bei 99%. Aktuell gëtt säin Asaz an engem Baumaart getest, an wann et wuel net den Optrag vu science.lu ass Reklamm fir Hiersteller an Uwänner ze maachen esou ass de System flott.

Hei gi keng perséinlech Daten erhuewen, wat een ervirhiewen dierf. Fir d‘Entreprise selwer ass et flott, well zu all Ament gewosst ass wéi vill Leit sech an engem bestëmmte Beräich ophalen, wat ënnert Ëmstänn ganz hëllefräich ka sinn, falls et zu enge Evakuéierung misst kommen. Mee och soss, léisst sech erfaasse wéini déi meescht Leit kommen. Mam Covid19 huet et näischt ze dinn.

Et ass éischter „zoufälleg“ datt de System vun den Aschränkungen am Kontext vum Covid19 profitéiert. Esou eppes kritt een net geschenkt, a potentiell Clienten dovunner musse vum Notzen (wirtschaftlech) iwwerzeegt ginn. Mam Virus a seng Folge sinn d‘Chancen sech um Maart duerchzesetzen exponentiell gestigen. De Präis selbstverständlech och, mee de Maart reegelt dat…

Illustratioun: Datt sech esou eng Zielmaschinn och an ëffentleche Beräicher wéi Garen an/oder groussen Administratioune bewäerte kéint, steet ausser Zweiwel. © Anna Dziubinska / unsplash

Ähnlech Sujeten Business, IEE S.A., people counter, Reklamm, science.lu
Nächsten Artikel Virrechten Artikel