Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De KINNEKSBOND geet an déi nei Saison: Wat gëtt gebueden?
https://moien.lu/meagan-good-dating-history-list/

De KINNEKSBOND geet an déi nei Saison: Wat gëtt gebueden?

Beim Kinneksbond, Centre Culturel Mamer steet eng nei Saison un,

breadcrumbing dating trend
https://moien.lu/meagan-good-dating-history-list/

https://moien.lu/dating-in-benin-city/

Haut de Moien huet d’Kommunistesch Partei KPL d’Protestaktioun „Ofrëschten, amplaz

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg
https://moien.lu/meagan-good-dating-history-list/

De PLZNR ee tschechesche Béier aus Lëtzebuerg

Ënnert der Bezeechnung „PLZNR“ huet d‘Brauerei „Bare Brewing“ e Pils

Science Summer Splash: Wa Wëssenschaft an Technik d‘Vakanz verschéineren

Science Summer Splash: Wa Wëssenschaft an Technik d‘Vakanz verschéineren

Organiséiert vun der PINS Asbl, fënnt vum 12. bis de 15. August zu Lëlz de grousse Summercamp „Science Summer Splash“ statt. Ugebuede gi wëssenschaftlech, technesch a spilleresch Aktivitéiten an enger dekontraktéierter Atmosphär.

Et wäert net langweileg ginn, an och wann déi gräisslech Bloalgen de Spaass um an am Waasser verbidden, esou gëtt et sëllechen Aktivitéiten, déi d‘Kanner am Alter tëscht 11 a 15 Joer awer bei beschter Laun dierften halen. D‘Organisateuren hunn sech dann och séier fir „Ersatzaktivitéiten“ entscheet. Dat bescht derbäi, geschwomme gëtt awer, datt awer an der Schwämm zu Veianen.

Déi jonk Leit ginn op der Plaz vun enger pluridisziplinärer Equippe vun Animateuren, a Leit aus de Beräicher Educatioun a Wëssenschaft encadréiert. Esou ginn all Dag zwee Ateliere ronderëm d‘Wëssenschaften an de Sport organiséiert. Déi gi mat Trëppeltier a Fräizaitspaass, wéi engem Lagerfeier oder Geocoaching komplettéiert.

Well um Stau aus bekannte Grënn keng Waasseraktivitéite stattfanne kënnen, stinn elo och um Programm: Teambuilding, Bouschéissen, VTT, an Héischseelklammen am Mariendall. Dozou da wéi gesot déi wëssenschaftlech an technesch Atelieren, déi onofhängeg vum Stauséi ofgehale ginn.

Summer

Ee vun den Animateuren hat d‘lescht Joer de Fonctionnement vu senger selwer gebauter Tesla-Spull demonstréiert. Dësen Traffo ass no sengem Erfinder dem Nikola Tesla benannt, an ass eigentlech e Resonanz-Transformator dee fir d‘hierstelle vun enger Héichfrequenz-Wiesselspannung (Héichspannung) genotzt gëtt. © PINS Asbl

Dorënner esou flott Saache wéi: Energie aus Damp, de Bau vun enger Waasserrakéit, d‘Technik vum Knuet, an esouguer eng molekular Kiche stinn um Programm. En Highlight dierft och de Rallye-Pedestre sinn, wou op den eenzele Statiounen de Wëssensstand op d‘Prouf gestallt gëtt.

Wat a wien ass déi PINS Asbl

D‘PINS Asbl ass 2009 gegrënnt ginn, an huet al Zil, d‘Vulgarisatioun vun de Wëssenschaften duerch eng spilleresch Approche mat interaktivem Charakter. Säin Ursprong huet d‘Asbl am Joer 2003, wou beim Science Festival eng Partie vun den aktuelle Memberen, wëssenschaftlech Ateliere realiséiert an animéiert hunn.

Zanterhier, ass PINS vun de Schoulen, de Maison Relais, mee och de Elterevereenegungen unerkannt ginn, an d‘Asbl kritt regelméisseg Ufroen, fir Atelieren ze organiséieren. An et sinn dann och tatsächlech d‘Kanner déi duerno froen. Am allgemengen dierf een hei zoufügen, datt jo och de neie Schoulsystem, deen d‘Wëssenschafte vermëttele wëll, e groussen Notzen heivunner huet.

A well den Interessi esou grouss ass wéi d‘Engagement vun de Memberen, geet PINS Asbl d‘Aarbecht och net aus. Et ass zudeem erwisen, datt duerch d‘Interventioun vun „externe“ Persounen, d‘Kanner d‘Wëssenschafte mat deem Virwëtz deen hinnen eegen ass, op eng flott spilleresch Aart a Weis nobruecht kréien. Vill vun de Kanner bleiwen dann och derbäi…

Foto: Am Héichseelgaart huet een et net ëmmer einfach Uewen an Ënnen ze ënnerscheeden. © PINS Asbl

Ähnlech Sujeten Lëlz, PINS Asbl, Science Summer Splash, Stauséi
Nächsten Artikel Virrechten Artikel