Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Eng Camionnette rennt zu Toronto an d‘Leit: 10 Doudeger
co znaczy mentally dating

https://moien.lu/dating-social-networking-site/

De Chauffer vun der Camionnette deen e Méindeg zu Toronto

tj monterde dating tayo album
co znaczy mentally dating

example of a good female profile for online dating

Beim Lëtzebuerger Konsumenteschutz (ULC) sinn se den Ament net gutt

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel
co znaczy mentally dating

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel

Wann et richteg ass, esou wéi et vum südkoreaneschen Etat-Major

Scooter a Bedrängness

Scooter a Bedrängness

Do denks de der näischt Schlechtes, an dann trëfft dech dach glat de Blëtz beim… Mee bon ëm wat geet et eigentlech. Ma et geet ëm den Optrëtt vun der Techno-Band „Scooter“ op der Schwaarzmierhallefinsel Krim. Laut N24 huet d‘Band ëm den H.P.Baxxter sech domadder an der Ukrain keng Frënn gemaach.

Besser nach, d‘Autoritéite vun der Ukrain ermëttelen elo géint d‘Membere vun der Band, well déi illegal agereest wier. Bosseg seet een sech do. Ass et awer net, well déi mengen dat Doudeescht an esou verhält et sech, datt de Museker bis zu aacht Joer Prisong bléie. Ok. Dofir missten se schonn domm genuch sinn an ee Besuch zu Kiew riskéieren.

Dass d‘Annexioun vun der Krim duerch Russland an de sëlleche Problemer déi domadder zesummenhänke, am allgemenge vill Resonanz an de Medie fënnt ass gewosst. Mat der Annexioun huet sech och de facto d‘Debatt ëm d‘Fro zu wiem d‘Krim gehéiert erleedegt. Kee Mënsch mat Verstand kann dovunner ausgoen, datt Russland déi nees hir gëtt.

Elo ass et allerdéngs esou, datt „Scooter“ mat hirem Optrëtt keng bewosst politesch Stellung geholl hunn. Si hunn sech iwwregens nach ni zum Thema geäussert, an hunn, wat hiert gutt Recht ass, sech beim allsäits beléiften ZBFest zu Balaclawa (bei Sewastopol) hire Fans ugebueden. Fir elo dohinner ze kommen, hu si – well d‘Krim jo wéinst der Annexioun net iwwert d‘Ukrain ze erreechen ass – den Ëmwee via Russland geholl.

An do läit de Hues am Peffer. Reesen op d‘Krim via Russland gi vun der Ukrain als Grenzverletzung ugesinn. Zudeem dierfen zanter 2014 keng Kënschtler, déi op der Krim opgetruede sinn, an der Ukrain optrieden. Se hunn nach net emol der russescher Kandidatin Julia Samoilowa erlaabt um Eurovisioun-Kontest deel ze huelen.

Dat gewosst, ass et zimlech onwahrscheinlech, datt „Scooter“ eng Aluedung kritt an der Ukrain opzetrieden. Wahrscheinlech ass dogéint, datt et ee Musterprozess wäert ginn, wou d‘Museker nieft enger Prisongsstrof och eng fatzeg Geldstrof opgebrummt kréien. Nujee, fir d‘Medien eng Geleeënheet Pabeier ze schwäerzen, fir mech eppes fir ze schmunzelen.

Ech huele staark un, datt den H.P.Baxxter et esou relax gesäit wéi ech. Jidder Déierche säi Pleséierchen. Wann den ukrainesche Botschafter an Däitschland, Andrej Melnyk, heibäi vun enger gravéierender Strofdot ausgeet, geschenkt. Wann hien allerdéngs mengt, datt déi däitsch Justiz elo géint „Scooter“ aktiv géif ginn, dann huet hien sech geschnidden. Deem Opstand setzen sech weder déi Däitsch nach soss europäesch Autoritéiten aus.

Esou ass dat dann alt nees eng vun deene Meldungen zu där ech ze soe fleegen: „Wéi schnell ass näischt Geschitt“. Allez dann, „spasibo“ treie Lieser…

Ähnlech Sujeten Krim, Russland, Scooter, Ukraine
Nächsten Artikel Virrechten Artikel