Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Belsch klassifizéiert Lëtzebuerg als Risikogebitt
Neiegkeeten

D’Belsch klassifizéiert Lëtzebuerg als Risikogebitt

Am Kader vun de Moossname fir géint d’Pandemie unzekämpfen hunn

Taxispräisser hunn zolidd zougeluecht
Neiegkeeten

Taxispräisser hunn zolidd zougeluecht

De „Comité de Suivi“ hat sech dëse 15. Oktober mam

money
D‘Haus vun der Mikrofinanz gënnt sech mat SPTF en neie Locataire
Neiegkeeten

D‘Haus vun der Mikrofinanz gënnt sech mat SPTF en neie Locataire

Viru 25 Joer gouf se zu Washington gegrënnt, déi „Social

Scoutskiermes um Cents

De jäerlechen Highlight am Centser Quartier

Scoutskiermes um Cents
© Melvin Hatto/moien.lu
Scoutskiermes um Cents
© Melvin Hatto/moien.lu
Scoutskiermes um Cents
D'Equipe vun der Waikiki-Bar war fläisseg dobäi Cocktailen ze mixen, ob mat Alkohol oder ouni. Den Apérol Spritz war besonnesch gefrot an nei dëst Joer am Sortiment: Gletscheräis-Drëpp. © Melvin Hatto/moien.lu
Scoutskiermes um Cents
Déi jéngste Branche, d'Biber. Hei froen d'Kanner sech, wien d'Kokosnoss geklaut huet... © Melvin Hatto/moien.lu
Scoutskiermes um Cents
© Melvin Hatto/moien.lu
Scoutskiermes um Cents
© Melvin Hatto/moien.lu
Scoutskiermes um Cents
© Melvin Hatto/moien.lu
Scoutskiermes um Cents
© Melvin Hatto/moien.lu
Scoutskiermes um Cents
© Melvin Hatto/moien.lu
Scoutskiermes um Cents
Do ass eppes drun! © Melvin Hatto/moien.lu

Et war nees esou wäit: Déi Centser Guiden a Scouten (LGS) an hir Amicale hunn och dëst Joer erëm op hir Scoutskiermes invitéiert, déi traditionell dee leschte Weekend am Juni stattfënnt. Eng Rei Cheftainen a Cheffen, Leit aus der Amicale, Elteren, Kanner a weider Fräiwëlleger hunn nees groussen Asaz bewisen, fir datt am Stater Quartier fir Grouss a Kleng eppes gebuede war. Dobäi erauskomm ass e fantastesche Weekend, deen d’Leit aus dem Quartier – awer och Besicher vun ausserhalb – bei heemeleger Atmosphär méi no zesummebruecht huet.

t’éischt awer mol der Rei no. Sou eng Guiden- a Scoutskiermes léisst sech net vun eleng op d’Been stellen. E gudde Grapp u Scouts-Cheffen, déi wärend dem ganze Joer onermiddlech am Asaz vun der Jugend sinn, sinn d’Häerzstéck vun all Grupp. Ouni si géif net vill lafen. Dowéinst wier et vläicht wichteg nach eemol ze betounen, datt si dës wäertvoll Aarbecht benevole leeschten – eng Partie Leit schéngt dat haut nach ëmmer net ze wëssen. E ganz motivéierte Chef kann sou innerhalb vun engem Scoutsjoer op ronn 600 (!) Stonne geleeschten Aarbecht kommen.

Scoutskiermes Cents

Dat ass en, de Grupp Hl. Franz vun Assisi LGS Lëtzebuerg-Cents. Eng groussaarteg Equipe mat Häerz a Verstand! © Melvin Hatto/moien.lu

Zu den Aarbechte vun engem Scouts-Chef gehéiere beispillsweis d’Virbereedung vu Versammlungen an Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher souwéi d’Ausféierung vun dësen an, wéi een dat um Cents kennt, d’Nobereedung (Bilan). Do dernieft si wärend engem Scoutsjoer och Aktivitéiten op nationalem Plang. Reegelméisseg fannen dann och nach Weekender a Sortien statt, mam groussen Highlight an der Summervakanz: de Summercamp. All déi Saache kaschten Zäit an Energie, wou ee sech heiansdo freet, wou déi forméiert Cheffen dës eigentlech hierhuelen.

Dat ass eng Fro vun Engagement. A wuel jiddereen, dee mol an de Scoute war, weess, wat en dorunner huet. Net ëmsoss heescht et, datt d’Scouten eng Schoul fir d’Liewen ass. Hei léiert ee Saachen, déi ee vläicht net onbedéngt an anere Clibb oder Veräiner erliewe géif. A vill Leit wëllen en Deel dovunner nees zeréck un d’Scoute ginn an engagéiere sech.

Talentshow, Spillwiss, gudde Kascht, Waikiki-Bar a méi…

Och dëst Joer gouf op der Bühn flotte Spektakel an Animatioun vun de Biber, Wëllef, Avex a Carapio gebueden. Och extern Nummeren, also vu Leit ausserhalb vun de Scouten, goufen ugeholl. Déi Kleng waren no hiren Optrëtter richteg houfreg op sech an d’Elteren hu gestraalt. Am Hannergrond sinn d’Aarbechten op Héichtoure gelaf.

Bei guddem Wieder wëll een d’Leit jo net erdiischtere loossen, an esou haten d’Leit hannert dem Comptoir, der Schampesbud an der Waikiki-Bar genuch ze dinn. Grad sou wéi d’Leit am Service, déi onermiddlech mat hire Plateauen hin an hir gerannt sinn. De Grillmeeschtere war et och scho sou waarm genuch, trotzdeem hu si de ganze Weekend iwwer opgeluecht, ob Grillwurscht, Metti, Kéiswupp, Kotlett oder Hamburger. D’Kichecheffen hu sech dann nees besonnesch Méi ginn: Hei gouf et Steak Limousin, Salade Gourmande, souwéi Scampi mat Fritten an Zalot. Gromperekichelcher sinn et och nach ginn. Net ze vergiessen a fir all Scout e Muss: Pakalu. Fir d’Schneekerten ass et an der Patisserie Eisekuchen, Paangecher, selwer gebaakten Taarten an natierlech Glace ginn.

Scoutskiermes Cents

D’Wëllef hu mat hirem schwongvollen Optrëtt de ganze Publikum ugestach. Wéineg verwonnerlech bei Queen hirem “Don’t Stop Me Now” © Melvin Hatto/moien.lu

Um schéine Site vis-à-vis vum Centser Waassertuerm a bei gemitterlecher Atmosphär ass de Samschdegowend ausklénge gelooss ginn. Bis déif an d’Nuecht souzen d’Leit nach gemeinsam bei engem Pättchen an iergendwann hunn dann och déi lescht Krunnemécken sech op den Heemwee gemaach – wollt een dach e Sonndeg op mannst e bësse fit sinn, wann een nees zréck op d’Kiermes kënnt.

Ronderëm den Home vun den Centser Scouten ass et e Sonndeg eng Spillwiss mat Atelieren a Spiller fir Kanner ginn. Dorënner och eng Afebréck, wéi een dat beispillsweis vun enger Montée kennt. D’Carapio, dat sinn déi am Alter tëscht 14 a 17 Joer, hu sech dann am Virfeld de Kapp zerbrach an e sougenannten “Escape Room” konzipéiert. Heibäi gëtt een als kleng Equipe an e Raum “agespaart” an et muss een zesummeschaffe fir Rätselen ze léisen, fir schlussendlech eraus ze kommen. Wien selwer mol bei sou eppes matgemaach huet, dierft dat wonnerbart Gefill kennen, de richtege Code vun engem Schlass erausfonnt ze hunn.

Scoutskiermes Cents

Wa Papp a Bouf gemeinsam beim Grill Hand uleeën, dann ass dat eng onschlobar Kombinatioun. © Melvin Hatto/moien.lu

Lues awer sécher ass och de Sonndeg op en Enn komm. Beim Araumen kruten d’Cheffen no engem laange Weekend dann awer nach vun enger Rëtsch Elteren a Fräiwëllegen ënnert d’Äerm gegraff. No engem éischte Bilan léisst sech soen: Et ass ee midd, awer ganz zefridden!

An der Galerie sinn e puer Andréck vun e Samschdeg ze gesinn.

Opmaacherfoto: © Melvin Hatto/moien.lu

Ähnlech Sujeten Cents, Guiden a Scouten, LGS, Scouts-Chef, Scoutskiermes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel