Search

You may also like

Arlon Retail Park: Een neien Akafszentrum zu Sterpenech
International Neiegkeeten

Arlon Retail Park: Een neien Akafszentrum zu Sterpenech

Haut huet zu Arel-Sterpenech een neien Akafszentrum seng Dieren opgemaach.

money
Den Diesel gëtt nees méi bëlleg
International Neiegkeeten

Den Diesel gëtt nees méi bëlleg

Diesel fir d‘Gefierer: 0,9444 (o.Tva) 1,105 (m.Tva) -0,025 Heizungsmasutt 10PPM

De Pavillon vun der virtueller Realitéit am Casino Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

De Pavillon vun der virtueller Realitéit am Casino Lëtzebuerg

Leschten Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel (DP), zesumme mam

Séinoutretter*inne grënne Sea-Eye Academy

Séinoutretter*inne grënne Sea-Eye Academy

D’Sea-Eye Academy bilt d’Séi- a Landcrew vu Sea-eye a verschiddenen Trainingen a Workshops fir hier Asätz aus. Well fir am Mëttelmier Mënsche virum Erdrénke retten ze kënnen, sinn net nëmmen op héijer Séi, mä och u Land déi verschiddenst Fäegkeeten a Kenntnisser gefuerdert.

Training

Mënschen aus Séinout ze retten erfuerdert eng agespillte Crew, déi sech scho virdrun op schwéier Asätz op Séi virbereet an Asazszenarien trainéiert. D’Crew muss souwuel fachlech Fäegkeeten an och eng héich Belaaschtbarkeet abréngen. E Rettungsasaz am Mëttelmier verlaangt vun de Séinoutretter*innen an all Sekonn 100 %. Sea-Eye trainéiert seng Crew dofir scho säit dem éischten Asaz 2016. Mä mat de Jore sinn d’Ufuerderungen un d’Crew geklommen, genee ewéi d’Zuel vun de Crewmemberen op de Rettungsschëffer. Fir den Ausbildungsstonnen an dem neien Training en Ënnerdaach ze ginn, gouf d’Sea-Eye Academy gegrënnt. Ënner dem Motto “Léieren, trainéieren, retten” ginn hei zukünfteg Séinoutretter*inne fir hier liewensrettend Asätz ausgebilt.

Fortbildung

Nieft dem Training fir d’Rettungsasätz stäerkt d’Sea-Eye Academy duerch eng Villfalt u Workshops och déi wichteg Aarbecht vun der Landcrew.

D’Landcrew besteet aus aktiven Ënnerstëtzer*innen an zwielef Lokalgruppen, déi sech vum Land aus fir d’Aarbecht vu Sea-Eye asetzen. Dobäi geet et ënnert anerem ëm d’Informéieren zum Thema Flucht a Séinoutrettung. Et gi Fortbildunge fir wierksam Ëffentlechkeetsaarbecht, Fundraisung an d’Auserneesetze mam Thema Rassismus. Mä et geet och ëm Themen ewéi de Betrib vun enger Hëllefsorganisatioun an d’Nowuessfërderung zur Virbereedung zukünfteger Verantwortungsträger*innen.

Ob um Séi oder u Land, mir wëlle Mënsche befäegen, sech méiglechst effektiv fir d’Séinoutrettung an de Schutz vu Mënscherechter anzesetzen. Dofir hunn mir d’Sea-Eye Academy an d’Liewe geruff” seet d’Lena Meurer, Virstand bei Sea-Eye fir Memberen an Éierenamt.

Informéieren a vernetzen

D’Sea-Eye Academy bitt Interessenten an Organisatiounen Informatiounsofferen zum Thema Séinoutrettung am Mëttelmier a Vernetzungsméiglechkeeten.

„Jidderee muss selwer entscheeden, ob en d’Aen opmécht. Mat der Sea-Eye Academy schafe mir e Forum iwwert d’Austauschen, der Weiderbildung an der Vernetzung, fir datt mir ons zesumme mat der Flucht auserneesetzen an eis fir Mënscherechter op Séi anzesetzen”, seet d’Johanna Pohl, Leederin vun der Sea-Eye Academy.

Wien ka matmaachen?

D’Offere vun der Academy riichten sech un all Mënschen, déi sech zu Séinoutretter*innen ausbilde wëlle loossen oder sech vum Land aus fir d’Séinoutrettung am Mëttelmier asetze wëllen. Och einfach nëmmen interesséiert Mënsche sinn häerzlech wëllkomm, zemools wann se Sea-Eye an hier Aarbecht méi no wëlle kenneléieren.

D’Sea-Eye Academy fänkt mat Workshops zu verschiddene Positiounen u Bord un – engem Training fir Agent*innen, souwéi engem Rechtsvirtrag zum Thema Séinoutrettung. Weider Fortbildungen zu Themen ewéi Social Media fir Lokalgruppen an en Argumentatiounstraining géint riets a rassistesch Bemierkunge si geplangt a wäerten deemnächst op der Academy-Säit ze fanne sinn.

https://sea-eye.org/academy/

Wosst Dir schonn, datt et hei zu Lëtzebuerg eng Landgrupp vu Sea-Eye gëtt? Si ass nach ganz frësch a freet sech iwwert all Hëllef. Kontakt via Email: grupp.letzebuerg@sea-eye.de

Related topics Lëtzebuerg, Sea-Eye, Sea-Eye Academy, Séinoutrettung
Next post Previous post