Traurege Weltrekord fir Groussbritannien
Obwuel si op der Insel gutt mam Impfe virukommen, muss
Obwuel si op der Insel gutt mam Impfe virukommen, muss
De Weekend vum 11. an 12. Mee 2019 fënnt um
D’Kulturfabrik an d’Stad Esch musse leider matdeelen, datt duerch d’Coronakris
D’Crew wousst, datt se séier misse mat der Evakuéierung maachen. U Bord vun der ALAN KURDI wären d’Mënschen nämlech méi sécherer ewéi bei de Milizen u Bord. Glécklecherweis waren an deem klengen, a Séinout geroden Holzschëff nëmme 24 Persounen, déi séier op den zwee Asazboote vun der ALAN KURDI bruecht konnte ginn. Esou ass et hinne gelongen, dës Mënsche virun engem Zougrëff duerch d’Milizen ze schützen an ze verhënneren, datt se an d’Biergerkrichsland zeréckbruecht ginn.
Ewéi d’Rettungsbooter dem Rettungsschëff méi no komm sinn, gouf d’Crew doranner bestätegt, datt et sech ëm déi sougenannte libysch Küstewuecht handelt. Aus där Entfernung war ze gesinn, dass sech vill Mënschen um Boot fonnt hunn, et hat op mannst e Grupp flüchtender Mënschen opgegraff, fir se zeréck op Libyen ze bréngen.
sea-eye fuerdert: Keng Réckféierunge méi op Libyen
No Internationalem Recht misste Mënschen, déi aus Séinout gerett ginn, op eng sécher Plaz bruecht ginn, eréischt dann ass d’Rettung ofgeschloss. Mä well a Libyen Biergerkrich ass a Mënschen ausgebeut, gefoltert, vergewaltegt an ermuert ginn, ass Libyen keng sécher Plaz.
Fir d’lescht huet Amnesty International e Bericht verëffentlecht, deen beseet, datt dausende vu Flüchtlingen, déi vun der libyscher Küstewuecht opgegraff goufen an duerch eng Zwangsréckféierung no Libyen zeréck bruecht sinn. Do sinn se verschwonnen.
Obwuel déi Europäesch Union iwwert dës Virfall informéiert ass, finanzéiert si säit Joren déi sougenanntem libysche Küstewuecht, fir datt si dës Mënschen op hirem Wee offänkt.
Dat muss ophalen! Dofir fuerdert Sea-Eye op, datt déi europäesch Union d’Ënnerstëtzung vun der libyscher Küstewuecht astellt.
Libyen ass keng sécher Plaz – fir keen!
Opmaacherbild: © sea-eye / Twitter