Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den 11. Februar mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg nees op
Neiegkeeten

Den 11. Februar mécht d‘Cinemathéik vun der Stad Lëtzebuerg nees op

No enger duerch Parasitten organiséiert „Zwangspaus“ mécht d‘Cinemathéik vun der

SOLDEN!
Neiegkeeten

SOLDEN!

Déi Stater si bereet fir d‘Solden (28 Juni – 27.

Schottland wëll de „briteschen Empire“ verloossen
Neiegkeeten

Schottland wëll de „briteschen Empire“ verloossen

Déi schottesch Regierungscheffin Nicola Sturgeon ass dat, wat een gemengerhand

Sea Shepherd: Och beim Sport géint de Massaker u Mieresliewewiesen

Sea Shepherd: Och beim Sport géint de Massaker u Mieresliewewiesen
© Sea Shepherd Lëtzebuerg

Gëschter, den 12. Dezember 2020, huet d’Lëtzebuerger Handballnationalequippe géint d’Färöer Inselen e Qualifikatiounsmatch fir d’Weltmeeschterschaft an der Coque gespillt.

Direkt am Ufank gouf d‘Opmierksamkeet vun den Zuschauer awer vum Match ofgelenkt. Aktivisten hunn 8 Banneren an der Hal enthëlt fir op d’Ofschluechte vu Grindwalen an Delfinen op de Färöer Inselen opmierksam ze maachen.

Mat dëser Aktioun wollt een de Färinger weisen, dass een och zu Lëtzebuerg hier Traditioun net toleréiert an dat sënnlost Massaker net weider wëll esou hin huelen. Et war eng friddlech Aktioun wou kee vun den Aktiviste Gewalt ugewannt huet. Dës Aktioun huet sech eenzeg an eleng un d’Färinger gewënnt, déi un der Traditioun deelhuelen an drun fest halen.

Duerch Recherchë war schonn am Virfeld kloer dass esou Leit als Ënnerstëtzung fir d’Handballer mat gereest sinn. Et ass den Aktivisten net dorëms gaangen, fir géint den Handball oder géint eng Natioun ze goen. D’Aktioun, déi vun eenzele Leit organiséiert gouf, ass vun Sea Shepherd Lëtzebuerg an der Organisatioun Be A Voice For The Voiceless ënnerstëtzt ginn.

Matgedeelt vu Sea Shepherd Lëtzebuerg

Ähnlech Sujeten Be A Voice For The Voiceless, bluddeg Traditioun, Delfinen, Färöer Inselen, Grindwalen, Handball, Massaker, Nationalequipe, Sea Shepherd Lëtzebuerg asbl, Sport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel