Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Si hu gelunn an bedrunn, elo kréien si de Prozess gemaach
manhattan 34 speed dating

Si hu gelunn an bedrunn, elo kréien si de Prozess gemaach

Véier Joer ass et schonn hir, datt de Bedruch bei

https://moien.lu/mpls-speed-dating/
manhattan 34 speed dating

https://moien.lu/dakota-johnson-dating-andrew-garfield/

Et ass well déi 22. Editioun vum internationalen Noise Awareness

De Jean Asselborn mat engem pessimistesche Bléck op d‘Welt
manhattan 34 speed dating

De Jean Asselborn mat engem pessimistesche Bléck op d‘Welt

Um Dënschdeg huet den Ausseminister um Krautmaart, den Deputéierten en

Sea Shepherd Luxembourg: Weltwäit a lokal aktiv

Sea Shepherd Luxembourg: Weltwäit a lokal aktiv

Zu Esch Belval hat ee Samschdeg déi Lëtzebuerg Sektioun vun enger vun den aktuell bedeitendsten Ëmweltorganisatioune weltwäit Frënn a Supporter op en informatiounsräichen Meeting an den Technoport agelueden. E Rendez-Vous, deen d’Aarbecht vu Sea Shepherd Lëtzebuerg och an der Ëffentlechkeet soll weider bekannt maachen.

Déi ganz Equippen déi sech op Invitatioun vu Sea Shepherd Lëtzebuerg um Technoport zu Esch-Belval afonnt hate fir mat Virträg an Infostänn iwwert hir Aarbechten an Aktiounen opmierksam ze maachen © Martine de Lagardère

Fir de Koordinator vu Sea Shepheerd Lëtzebuerg, Kevin Schiltz net déi éischt gréisser Aktioun vun dësem Joer. Si ware scho präsent op der Tattoo-Convention „The Storm“ um Kierchbierg an haten eng Botzaktioun op der Kockelscheier. Eng Aktioun, déi wéi eis de Kevin Schiltz bestätegt huet ee vollen Erfolleg war, haten se dach hei net manner wéi 520 Kg Plastik aus a ronderëm de Weieren agesammelt. Bei dëser Aktioun waren se vun DiveWinns a weideren 30 Supporter ënnerstëtzt ginn.

Um Technoport waren awer d’Virträg de Schwéierpunkt. D’Läscht Joer war dës Aktioun nach mam „Run for the Oceans“ um Gaalgebierg zu Bieles zesummegeluecht ginn. Fir awer eppes méi wiederonofhängeg ze sinn, huet Sea Shepherd Lëtzebuerg béid Evenementer getrennt.

Gemeinsam Interesse suerge fir Solidaritéit

Well et gescheit ass gemeinsam Interessen och solidaresch virzestellen, sinn fir d’Virträg och eng Hand voll Frënn ageluede ginn, déi am Kader vum „Supporter Day“ hir Projeten an Aktiounen konnte virstellen. Esou konnte mer der däitscher Vereenegung „Stop Finning Deutschland EV“ begéinen an och hei Interessantes gewuer ginn.

Den InfoStand vun “Stop Finning” Däitschland – © Martine de Lagardère

Dës Organisatioun, déi sech dem Hai verschriwwen huet, bréngt dann och ganz Wëssenswäertes zu Dag. Esou konnte mer erfueren, datt mir als Konsumente méi Haifleesch am Kachdëppe verschaffe, wéi eis dat eigentlech bewosst ass. Och a sëlleche Pharmaprodukter verstoppt sech den Hai a fir „Stop Finning“ ass et un der Zäit „Nee“ ze soen. Den Hai deen ëmmerhin eng ganz wichteg Roll am maritimen Ökosystem spillt, gehéiert zu de bedréidsten Liewensformen vum Planéit. Bedauerlecherweis huet hie keng Lobby, déi seng Kausa esou vertrëtt, wéi et néideg wier.

De Kevin Schiltz (Sea Shepherd Lëtzebuerg) mat de Vertriederinne vun der „Aktion Fairplay“ aus Berlin © Martine de Lagardère

Eng weider däitsch Organisatioun déi et säit 2012 gëtt, ass „Aktion Fair Play“. Si hu sech ganz dem Wuel vum Déier verschriwwen, egal wéi eent dat elo am eenzelen ass. Hiren Optrag ass d’Leit iwwert méiglechst vill Forme vun der Déierenausbeutung ze informéieren an Alternative vun Déierenhaltung opzeweisen. Dës Berliner Organisatioun behandelt also net nëmme wichteg Themen, mee stécht mat gudden Argumenter an Iddien ervir, déi et erlaben ee bessere Wee anzeschloen. Matmaachen an/oder nomaachen ass absolut erwënscht.

Sea Shepherd ass keng Protestorganisatioun

Iwwert d’Verdeedegung vun de Klengwalen, Delfiner a Robben eraus, ënnerhuelen all Joer ganz Schëffsequippage grouss Campagnë vir um Mier de Japanesche Walfänger ee Stréch duerch d’Rechnung ze maachen. Dat dann och mat groussen Erfolleg, wat awer och zu politesche Spannungen tëscht Australien a Japan féiert. Et ass awer eng vun de wichtegsten Erausfuerderungen, net nëmme fir d’Erhale vum Gläichgewiicht am Mier, mee ganz besonnesch fir eng bedréit Mierespopulatioun ze schützen.

Weltwäit fält Sea Shepherd dann och éischter duerch dem Kapitän Paul Watson seng eppes méi militant Aktiounen an der Antarktis op. Hien hat 1977 Sea Shepherd als eegestänneg Mieresschutzorganisatioun gegrënnt, nodeems hien als ee vun de Grënnungspappe vu Greenpeace seng eegen Ziler verfollegt huet. Mee dat géif villen Aktiounen an Campagnen net gerecht.

De Christophe Wisecourt (Sea Shepherd Lëtzebuerg) schneit de Gebuertsdagskuch fir déi 40 Joer vun der Déieren- an Ëmweltschutzorganisatioun ze feieren © Martine de Lagardère

Sea Shepherd setzt sech weltwäit op verschiddene Plazen an:

  • a Kanada géint d’Ofschluechte vun de Robben
  • zu Taiji géint d’Anfänken vu Klengwalen an Delfiner
  • op de Färöer-Inselen géint déi „traditionell“ Grindjuegt
  • op de Galapagos-Inselen géint illegal Fëscherei an fir d’erhale vum Weltliteraturen
  • am Senegal och géint déi illegal Fëscherei
  • Am Mëttelmier fir de Schutz vum Rouden a Bloflossen-Thon

D’Organisatioun wiert sech géint Delfinarien a setzt sech an fir den Hai. Eng helle Wull un Aktiounen déi Ëffentlechkeetsaarbecht an Ënnerstëtzung brauchen, humaner Aart duerch Volontairen a finanzieller Aart duerch Spenden.

Ee flotte Projet

Wëll Plastik eng vun de schrecklechste Menace vun eise Mierer Ass, war et eng klug Entscheedung sech dem Thema „Akafen ouni Verpackung“ unzehuelen. Wann och eigentlech hätt sollen ee Vertrieder vun OUNI (organic unpackaged natural ingredients) aus der Gliesener-Stross hei ee Virtrag halen, esou war dann zu gudder läscht d’Anna Hardt, vun „Unverpackt“ aus Tréier, deem dës Éier zoukomm ass.

Béid „Epicerien“ verfollegen dat selwecht Zil. D’Anna Hardt huet eis dënn eppes méi iwwert säi Buttek erzielt. Geleeën an der Pauline-Stroos zu Treier, net wäit ewech vun der Foussgängerzon, fënnt een hei säit 2016 ee stänneg méi grousst Sortiment un all deem wat een esou Dag fir Dag am Kachdëppen oder der Pan zoubereede wëll. All Produkter sinn, dat versteet sech vum selwen, organesch (also Bio) méiglechst aus der Regioun a Saisonal, awer mindestens fair gehandelt, wann se da vun eppes méi wäit kommen.

D’Anna Hardt (Unverpackt Trier) mam Christophe Wisecourt (Sea Shepherd Lëtzebuerg) © Martine de Lagardère

Dat betrëfft besonnesch déi klassesch Saache wéi Téi oder Kaffi, awer och Trendfood zu deem Kurkuma, Quinao an Ähnleches gehéiert. Fleesch huet „Unverpackt“ net am Sortiment, mat Ausnam vu klenge Leckereie fir d’Butzen, dat dann a Glieser. Wien awer elo trotzdeem net op Fleesch verzichte wëll gëtt bei de frëndleche Metzler an der Strooss geschéckt. Eng Zesummenaarbecht déi Friichten dréit. Da gëtt et nach Mëllechprodukter, Botz- an Hygiènesartikel a villes méi.

De Sënn an Zweck sech seng Saachen onverpaakt ze kafe läit dann och op der Hand. Nieft der Vermeidung vun Offall, reduzéiert dës Alternativ zum gewinnte Konsumverhalen d’Notzung vum Plastik als Verpakung enorm. An et schount net nëmmen de Portmonnie mee virun allem d’Ëmwelt. Gutt et kann een natierlech net alles ouni Verpackung kafen an d’Anna Hardt huet dann och mat engem breede Grinsen dorops higewisen, datt bei hinnen d’Kondomer natierlech eenzel verpak sinn. Et sinn déi vun „Einhorn“, voll Bio an béi all Akaf geet en Deel vum Goss un ee gudden Zweck.

Ee klenge Fazit

Mat engem ganz interessanten Dag, gudden Argumenter fir eppes ze Ënnerhuelen an och nees eppes méi verantwortlech ze konsuméieren, war dëse Samschdeg fir eis ee gudden. Mer si Léiwe Leit begéint an hoffe vun deenen nach weider ze héieren. Mer hunn Inspiratioun fir weider Reportage fonnt an invitéieren eis Lieser, sech d’Organisatioune méi genee unzekucken. Se sinn et alleguerten wäert.

Titelfoto:

Den Infostand vun „Sea Shepherd“ Lëtzebuerg © Martine de Lagardèreagardère

Ähnlech Sujeten Lëtzebuerg, Sea Shepherd
Nächsten Artikel Virrechten Artikel