Trotz Coronakris fält d’Juegd net aus
Wärend der Coronakris kommen engem jo essentiell Froen zu de
Wärend der Coronakris kommen engem jo essentiell Froen zu de
Wann den Donald Trump nei, méi restriktiv Migratiounsregeleunge fuerdert, nodeems
Gewaltsam a récksiichtslos huet déi Libysch Küstewuecht d’Rettung, bei där zuelräich Mënschen a Panik waren, intervenéiert. Trotz de verzweiwelten Ustrengungen hunn dësen Dag ongeféier 20 Mënschen hiert Liewe verluer. D’Crew huet déi Schëffer mat 59 Iwwerliewenden an dem Läichnam vun engem 2-Järege Jong u Bord verlooss.
Dräi Joer méi spéit bleift Trauer a Roserei. Gewalt géint Iwwerliewender, illegal Réckféierungen no Libyen an dat systematescht Erdrénken am zentrale Mëttelmier hëlt keen Enn. Och haut gi weiderhi Mënschen an e Land zeréckgeschleppt, an deem si schwéiere Mënscherechtsverletzungen ausgesat sinn.
Zur Zäit si bal all ziville Rettungsschëffer blockéiert an se gi vun den Autoritéiten un hirer Aarbecht gehënnert, obwuel erëm déidlech Wochen hannert hinne louchen.
Och elo, wou d’Schëffer festsëtzen, verléieren nach vill ze vill Mënschen hiert Liewe beim Versuch dat zentraalt Mëttelmier hannert sech ze loossen.
Iwwerliewender vum Virfall vum 06. November 2017 hunn beim europäesche Geriichtshaff fir Mënscherechter eng Klo géint Italien agereecht.
Wat och ëmmer d’Resultat vum Verfare wäert sinn – fir déi iwwer 20 Mënschen, déi un dësem Dag duerch déi déidlech europäesch Geriichtshaff fir Mënscherechter eng Klo géint Italien agereecht. Jiddefalls fir dës Persounen an duerch d’Ofschottungspolitik kënnt all Hëllef ze spéit.
Aus Solidaritéit denke mir haut nach un déi Iwwerliewend, hier Familljen a Frënd*innen. Wat bleift ass d’Roserei an de Wonsch no engem uerdentleche Fluchtwee.