Search

You may also like

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!
International Neiegkeeten

„We are equal“ – Zur Gläichstellung am Alldag!

De Ministère fir Gläichstellung tëscht Fraen a Männer huet elo

OPGEPASST: Réckruff vu Linguine Saumon-Spinat duerch Glasstécker
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Réckruff vu Linguine Saumon-Spinat duerch Glasstécker

D’Liewensmëttelsécherheet informéiert doriwwer, datt an dem Produit Linguine Saumon-Spinat vu

De Kardinol Jean-Claude Hollerich zur Lag vun der Welt
International Neiegkeeten

De Kardinol Jean-Claude Hollerich zur Lag vun der Welt

Wéi et sech op Chrëschtdag gehéiert, hunn d‘Kierchemänner op der

4 Froen un d’Crew vun der Sea-Watch

4 Froen un d’Crew vun der Sea-Watch

Den Ambroise ass Matrous u Bord. Hien ass säit 2016 bei Sich- a Rettungsoperatiounen aktiv an huet e klore Message un déi italienesch Autoritéiten.

Firwat bass du u Bord vun der Sea-Watch 4?

Ech sinn u Bord, well all déi aner ewechkucken an hier Aen zoumaachen. Mir mussen dës Aufgab iwwerhuelen, well et keng sécher Fluchtweeër méi gëtt. De Mënschen, déi flüchten, bleift näischt aneres iwwereg, ewéi déi geféierlech Iwwerfaart iwwert dat zentraalt Mëttelmier ze woen.

Ewéi ass d’Atmosphär u Bord?

Mir sinn all frustréiert, well mir net am Hafe sollte sinn. Et gëtt kee Rettungsschëff am Mëttelmier. Aplaz am Hafen ze sinn, misste mir am Asaz sinn.

Ewéi ass däi Message un déi italienesch Autoritéiten?

Gitt d’Schëffer fräi. Halt op d’Séinoutrettung ze behënneren. Halt op, Hafenstaatkontrollen ze !!br0ken!! Et ass zynesch, eis mat dësen Argumenter dorunner ze hënneren, Mënschen aus Séinout ze retten.

Wéi ënnerscheet sech d’Situatioun haut vun dengem éischten Asaz 2016?

Deemools war d’Opmierksamkeet fir d’Situatioun am Mëttelmier vill méi héich. Et war e sech eeneg, datt keen am Mëttelmier erdrénken däerf. Haut huet sech déi Siichtweis komplett verännert: Mënschen op der Flucht sinn et net wäert ze iwwerliewen. Ech hätt ni geduecht, datt mir véier Joer dono nach ëmmer hei sinn an déi selwecht Aarbecht maachen.

Mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Related topics Froen, Interview, italienesch Autoritéiten, Rettungsschëff, Sea Watch 4, Séinoutrettung
Next post Previous post