Search

You may also like

Den OGBL huet elo eng „Presidentin“
International Neiegkeeten

Den OGBL huet elo eng „Presidentin“

Zanter de Sozialwahle war gewosst: den André Roeltgen ka säi

ACL: Mat modernem Design an neie Funktiounen!
International Neiegkeeten

ACL: Mat modernem Design an neie Funktiounen!

De Lëtzebuerger Automobilclub ACL iwwerzeegt elo mat enger Internetsäit am

Gedankekiermes am Deconfinement: Wat ass richteg oder falsch?
International Neiegkeeten

Gedankekiermes am Deconfinement: Wat ass richteg oder falsch?

Den Deconfinement ass voll am gaangen, et kéiert e bëssen

Sea-Watch 4: Iwwer 200 Mënschen a manner wéi 48 Stonne gerett

Sea-Watch 4: Iwwer 200 Mënschen a manner wéi 48 Stonne gerett

Mol keng 24 Stonnen no der éischter Sea-Watch Meldung koum déi zweet eran. Am Ganze goufen 97 Mënsche vun der Crew aus engem iwwerfëllte Schlauchboot gerett. Si konnten an internationale Gewässer fonnt ginn a sinn elo sécher op der Sea-Watch 4, dem Bündnisschëff vun der United4Rescue. E puer Stonnen drop, déi drëtt Aktioun. D’Ekipp huet wuel e gudde Laf, wann een dat esou soen däerf.

Sea Watch

Sea Watch / Twitter

A manner wéi 48 Stonnen huet d’Rettungsschëff well iwwer 200 Mënschen u Bord bruecht. Déi meescht vun hinne befannen sech an engem schlechte Gesondheetszoustand, si leiden ënner der Séikrankheet, sinn dehydratéiert an ënnerkillt. Vill Passagéier weise Verbrennungen duerch den Dreifstoff op – an hunn Symptomer, datt en och inhaléiert gouf.

D’Team vun Dokteren ouni Grenze leescht éischt Hëllef. Do kann ee frou sinn, datt d’Sea-Watch 4 eng komplett equipéiert Klinik u Bord huet.

Sea Watch

© Chris Grodotzki / Sea Watch

Mä wéi geet et elo weider?

D’Séinoutrettungsschëff huet bei der zoustännegen italieneschen a maltesescher Rettungsleetstell Hëllef ugefuerdert. Elo mussen si op d’Réckmeldung waarden, fir datt dës Mënschen esou séier ewéi méiglech op eng sécher Plaz an Europa bruecht kënne ginn.

Bleift ze hoffen, dass d’Crews net ze laang op d’Äntwert muss waarden! An datt se positiv ass. Laut dem Presseservice vu Sea-Watch ass et den europäesche Autoritéiten hier Flicht, hinnen direkt e sécheren Hafen zouzeweisen.

Sea Watch

© Chris Grodotzki / Sea Watch

Bei all dëse gudden Nouvellen, wollt ech Iech nach un eppes erënneren:

A mengen Ae sinn et net nëmme Flüchtlingen. Et si Mammen, Pappen, Bridder a Schwëster, ganz Familljen op der Sich no Fräiheet a Sécherheet, déi si an hirem ale Liewen net haten. Wien weess, ob se d’Rettungsschëff als Famill erreechen oder ob schonn e Member dem Mier zum Affer gefall ass.

Hire Kampf hält net mat der Rettung op, mee fänkt do eréischt un. Mat Erënnerungen aus der Heemecht ofschléissen, traueren, d’Hoffnung net opginn a sech en neit Liewen opbauen – et ass e laange Prozess fir tatsächlech unzekommen.

Nei Andréck verschaffen. Eng Aarbecht sichen. Dohanne villäicht Dokter gewiescht – hei geet et duer fir Botzmann ze ginn. Ufanks.

En neien Ufank a sou villen Hisiichten.

Dës Mënsche sinn net automatesch mat Terroriste gläichzestellen. Viruerteeler bréngen näischt. Se verletzen nëmmen. Jiddereen huet eng zweet Chance verdéngt. Oder? Dat géife mir eis och fir eis selwer wënschen.

Opmaacherbild © Chris Grodotzki / Sea Watch

Related topics Dokteren ouni Grenzen, Flüchtlingen, Hëllef, MSF, Rettung, Schutz, Sea-Watch4, Sécherheet, Séinoutrettung, United4Rescue
Next post Previous post