De Kampf mat der Internet-Zwiwwel
Wien sech bei dem Titel mäi lang ersehntent Cyber-Monster-Mystery-Buch vermutt,
Wien sech bei dem Titel mäi lang ersehntent Cyber-Monster-Mystery-Buch vermutt,
Um 3. Juni ass op der Käerjenger Gemeng doriwwer bestëmmt
Firwat engagéiertst du dech bei Sea-Watch?
Aplaz ëmmer nëmmen ze schwätzen, wollt ech selwer aktiv ginn. Well d’EU näischt mécht, musse mir et ebe selwer an d’Hand huelen. Ech sinn als Fräiwëlleg u Bord an domat net eleng. Well onst Engagement ass keng Fro vu Suen, mee vu Solidaritéit.
Wat muss sech am Joer 2021 am Beräich vun der Migratioun änneren?
Mir brauche keng Grenzen – fir keen. ll Mënsch muss selwer d’Méiglechkeet hunn, selwer ze entscheeden, wou si liewen oder wat si schaffe wëllen. Dës Rechter misste fir jidderee gëllen. An zwar direkt.
Wat bedeit d’Sea-Watch 4 fir dech?
Fir mech ass d’Schëff en Ausdrock vu politeschem Aktivismus. Et bréngt Mënschen zesummen, déi sech géint déi Europäesch Politik stellen. Fir mech ass kloer, datt mir an dësen Zäiten een Zeeche setze mussen.
Firwat brauche mir och an Zukunft Rettungsmissiounen?
Mënsche wäerte flüchten, soulaang et Grenze ginn. Mir wäerte weider kämpfen, bis datt jiddereen sech fräi op dëser Welt beweege kann.
#SeaWatch4 #searescueisnotacrime #releasetheships
Mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch
Hei fannt Dir déi béid aner Folge vu “4 Froen un d’Sea-Watch-Crew: