Search

You may also like

Frankräich: No Messerattack ermëttelt Anti-Terror Staatsanwaltschaft
International Neiegkeeten

Frankräich: No Messerattack ermëttelt Anti-Terror Staatsanwaltschaft

Zu Romans-sur-Isère, bei Lyon (Frankräich, Departement Drôme) ass et Samschdeg

Dieselskandal: De fréiere Generaldirekter vu VW gëtt an den USA ugeklot
International Neiegkeeten

Dieselskandal: De fréiere Generaldirekter vu VW gëtt an den USA ugeklot

Den Dieselskandal, dee wéinst dem Gefuddels bei VW fir grouss

Orientatioun am Fondamentale: Wann den Drock op d’Psychologen ze grouss gëtt
International Neiegkeeten

Orientatioun am Fondamentale: Wann den Drock op d’Psychologen ze grouss gëtt

An engem Bréif vum 23. September 2019 huet den Educatiounsminister

Sea Watch: 3 Froen un den Ditmar vun der Loftopklärung

Sea Watch: 3 Froen un den Ditmar vun der Loftopklärung

“Ech hunn net vill iwwer Geflüchten un de Grenze vun Europa nogeduecht – bis datt ech d’Situatioun selwer gesinn hunn. Ech géing mir wënschen, datt méi Mënsche mat hiren eegenen Aen gesinn, wat am Mëttelmier passéiert”, erkläert den Ditmar. No 32 Joer als Verkéierspilot wollt hie mat senger Erfarung d’Loftopklärung vu Sea-Watch ënnerstëtzen.

Firwat hues du dech bei Sea-Watch engagéiert?

Ech wollt hëllefen, well ech et kann. Et ass wichteg, dës Geschichten op Séi ze dokumentéieren a mat menge Fäegkeeten e Beitrag zu eppes Wichtegem ze leeschten.

Wéi war däin éischten Fluchdag?

Mir sinn op een Flüchtlingsboot mat Puppelcher a klenge Kanner u Bord gestouss. Wéinst dem Wieder an der Distanz vu Lampedusa sot eis Crew, datt si et wahrscheinlech net packe géingen. Et ass traureg, aus der Loft Mënschen ze gesinn, deenen een net hëllefe kann. Glécklecherweis sinn si den nächsten Dag sécher op italieneschem Buedem gelant.

Wéi huet d’Aarbecht dech verännert?

Mäi Bléck op d’EU huet sech verännert. Et ass wierklech schued, ze gesinn, wat Europa um Mëttelmier zouléisst. Mënschen an Nout am Fernseh ze gesinn, ass wäit ewech an steril, mee et mat eegenen Aen ze gesinn, ass eppes ganz aneschter.

Mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch

Related topics Ditmar, Flüchtlingsboot, Lampedusa, Loftopklärung, Sea Watch, Séinoutrettung, Verkéierspilot
Next post Previous post