De kuerze Besuch vum Marco Houwen beim Digitaliséierungsminister
De delegéierte Minister fir d‘Digitaliséierung, Marc Hansen (DP) hat de
De delegéierte Minister fir d‘Digitaliséierung, Marc Hansen (DP) hat de
Hei geet et ëm d’Geschicht vun zwee Pappen: De palestinensesche
Firwat ënnerstëtzt du Sea-Watch?
Déi onmënschlech Politik vun der EU ass scho laang e Problem fir mech. Sea-Watch ass fir mech déi direkt an noutwenneg Hëllef fir flüchtend Mënschen um Mëttelmier. Mir mussen eis op allen Niveauen fir eng gerecht europäesch Migratiounspolitik engagéieren. Vum Banner un d’Fënster hänken, iwwer déi direkt Opfuerderung un eis Politik, bis hin zu der Ënnerstëtzung vun enger Organisatioun wéi Sea-Watch: Mir sollten all aktiv ginn!
Wann s du net u Bord wäers, wat géings du elo Doheem maachen?
Doheem schaffen ech als fräi Kënschtlerin. A menger Installatioun „In-Humanity-EU” wollt ech d’Noutsituatioun vu Mënschen op der Flucht direkt op d’Strooss bréngen. Wéinst Corona konnt ech dës Aktioun nëmmen eemol duerchféieren – obwuel d’Thema brennt. Ech si frou, datt ech hei u Bord komme konnt, fir dobäi ze hëllefen, d’Schëff fir den nächsten Asaz prett ze maachen.
Wat sinn deng Fuerderungen un déi däitsch Politik?
Den neie Migratiounspakt ass eng absolut Katastroph. Et däerf net sinn, datt et weiderhi Lager un den Baussegrenze gëtt. De Banneministere muss ophalen, sech hannert Gesetzer ze verstoppen. Si sollen dem Landesopnamprogramm endlech zoustëmmen. Geflüchte europäesche Mënsche mussen an de Kommunen ukomme kënnen, déi sech dozou bereet erklären, si opzehuelen.
Mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch