D‘Reform vun de Gemengefinanzen dréit éischt Friichten
Hie konnt den Houfert um Freideg net verstoppen, eisen Inneminister
Hie konnt den Houfert um Freideg net verstoppen, eisen Inneminister
An enger beliefter Akafsstrooss am Londoner Süden huet ee Mann
Een Handelsschëff ass keng Plaz, fir e Mënsch ze begruewen. Doriwwer sollt sech déi Europäesch Unioun eens sinn. An awer sti Mënschen, ëm ee verstuerwene Flüchtling – an dat um dreckegen Deck vun engem Handelsschëff. Si wëllen Äddi soen an ëm esou gutt et geet déi lescht Éier erweisen. Et ass e makabert Bild fir déi onmënschlech Migratiounspolitik vun der EU.
D’Handelsschëff VOS Triton hat de Weekend 77 Mënsche vun engem Boot gerett, wat am Begrëff war ënnerzegoen. An dëse Fäll mussen déi zoustänneg Séinoutrettungsleetstellen dofir suergen, datt de Mënschen an der Besatzung vum Schëff ee sécheren Hafen zougewise gëtt.
Dat ass schonn erëm net geschitt. Mee dat ass net alles: D’Handelsschëff war verzweiwelt, an huet probéiert eegestänneg Lampedusa unzesteieren. D’Mënschen u Bord hunn net däerfen u Land, an och net op e Quarantaine-Schëff. An dat louch direkt virun hinnen am Hafen. Nee, si hu missen e weideren Dag mat der verstuerwener Persoun u Bord verbréngen. Schliisslech kruten si e sécheren Hafen a Porto Empedocle, Sizilien zougewisen. D’Schëff ass elo dohinner ënnerwee.
Déi Europäesch Unioun muss endlech ophalen, d’Séinoutrettung ze behënneren! Et ass eng Mënscheflicht, déi Geflüchten an Nout ze retten a si op eng sécher Plaz ze bréngen.
Mat der frëndlecher Geneemegung vu Sea-Watch, fräi aus dem Däitschen iwwersat vum Jessica Mersch
Foto: © Sea-Watch/Moonbird