Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Industriezon Gadderscheier: D’Feier ass geläscht!
dating your cousins ex girlfriend Neiegkeeten

is bayley dating anyone

Um leschte Juli-Dag ass beim CGDIS den Appell eragaangen, datt

https://moien.lu/dating-sites-in-ranchi/
dating your cousins ex girlfriend Neiegkeeten

What the Fakt – Haut ass den Internationalen Dag vun der Famill!

De 15. Mee steet ganz am Zeeche vun der Famill.

Voll an Aktioun um Koll an Aktioun
dating your cousins ex girlfriend Neiegkeeten

Voll an Aktioun um Koll an Aktioun

Et ass en anere Festival, wéi een dat soss hei

Sea-Watch3: D‘Flüchtlingen hunn d‘Schëff verlooss

Verhaftung vun der Kapitänin spléckt d‘Meenungen, Kritik och aus Lëtzebuerg

Sea-Watch3: D‘Flüchtlingen hunn d‘Schëff verlooss

No iwwer zwou Wochen an der partieller Evakuéierung vu Flüchtlingen, war d‘Sea-Watch3 trotz dem Verbuet an den Hafe vu Lampedusa agelaf. D‘Kapitänin Carola Rackete ass nach op der Plaz verhaft ginn. D‘Flüchtlinge konnte gëschter bei Sonnenopgank d‘Schëff verloossen.

Sea-Watch3

Et war allerdéngs an haart Stéck Aarbecht. Iert d‘Situatioun konnt gekläert ginn, hat déi sech an der Nuecht zougespëtzt. Nuets um 2 Auer war d‘Sea-Watch3 an den Hafe vu Lampedusa agelaf. E Manöver dat déi italienesch Autoritéiten „anscheinend“ iwwerrascht huet. Leedeglech en klengt Boot vun der Police hat de Versuch ënnerholl, d‘Rettungsschëff um Festmaachen ze hënneren.

Knapps eng Stonn drop huet d‘Police d‘Kapitänin vun der Sea-Watch3 festgeholl. De Virworf: déi 31 järeg Kapitänin hätt Widderstand géint e Krichsschëff geleescht an domatter géint d‘Reegele vun der Schëfffahrt verstouss. Géif dës Beschëllegung géint d‘Carola Rackete viru Geriicht standhalen, misst déi jonk engagéiert Fra mat enger Prisongsstrof tëscht dräi an zéng Joer rechnen.

Sea-Watch3

Zudeem soll d‘Carola Rackete wéinst Bäihëllef zur illegaler Awanderung ugeklot ginn. Eng Rei EU-Länner, dorënner och Lëtzebuerg, hunn sech bereet erkläert d‘Migranten opzehuelen. Fir awer d‘Flüchtlinge vum Schëff ze loossen, hat den italieneschen Inneminister, Matteo Salvini, Garantie verlaangt. Ob hien dës erhalen huet ass ewell net gewosst, mee d‘Mënsche sinn a Sécherheet.

Vu Politik an enger Symbolfigur

Op de Biller vun der italienescher Tëlee, déi d‘Alafe vun der Sea-Watch3 zu Lampedusa agefaange krut, waren och e sëlleche leit am Hafen ze gesinn. Déi eng déi d‘Schëff an de Courage vun der Kapitänin mat vill Applaus begréisst hunn, an déi aner, déi offensichtlech d‘Migranten am léifste mam Mëschtgreef zréckgewisen hätten. Ënnerstëtzer a Géigner hu sech zolidd de Bass gehalen.

Sea-Watch3

Eng Fra war därmoosse vun der „Frechheet“ an dem „Culot“ vum Carola Rackete opbruecht, datt si d‘Verhaftung gefuerdert an d‘Kapitänin an Handschelle wollt virgefouert kréien. Eng Fuerderung déi de Matteo Salvini bestëmmt ënnerstëtzt hätt, sech dann awer net esou einfach ëmsetze léisst. Et ass nämlech net esou einfach, eng „Symbolfigur“ einfach esou, mir näischt dir näischt anzespären.

Mat der (falscher) Behaaptung, déi 31 järeg däitsch Staatsbiergerin hätt d‘Liewe vun de Poliziste bedreet, si hätt sech kriminell verhalen a géif d‘Spill vun de Mënschenhändler ënnerstëtzen, huet de Matteo Salvini awer nëmmen seng faschistesch ausgeriichten Unhänger zefriddegestallt. Gutt um Video, wou d‘Boot vun der Police tëscht Quai a Schëff ageklemmt ass, gesäit et bedreelech aus…

Sea-Watch3

Dobäi war d‘Aktioun vun der Police u sech esou iwwerflësseg wéi onsënneg. D‘Schëff war längst am Hafen. Resultat vum „Aktionismus“: d‘Carola Rackete erhält ëmmer méi Ënnerstëtzung, och an Italien selwer gëtt oppe vum Konflikt tëscht „Capitana“ a „Capitano“ geschwat. Fir d‘Oppositioun an Italien awer och d‘Geleeënheet ass sech nees anzebréngen. Berlin hält sech nach zréck…

mat indymedia/rom/ber

Illustratioun: © Mauro Biani 2019/Il Manifesto

Ähnlech Sujeten Carola Rackete, Lampedusa, Matteo Salvini, Migratioun, Sea-Watch, Sea-Watch3
Nächsten Artikel Virrechten Artikel