Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Irma huet Barbuda voll erwëscht
International Neiegkeeten

Irma huet Barbuda voll erwëscht

Haiser déi sech „opgléist“ hunn, Geschäfter opgerappt, Palmen entwuerzelt: Nodeems

De Mann dee Katalounien d’Onofhängegkeet versprach huet
International Neiegkeeten

De Mann dee Katalounien d’Onofhängegkeet versprach huet

De Carles Puidgemont, ass als President vun der autonomer Provënz

Um Schantje vum CNIS zu Gaasperech geet et virun
International Neiegkeeten

Um Schantje vum CNIS zu Gaasperech geet et virun

De nationale Brand- a Rettung-Zenter (CNIS) zu Gaasperech hëlt lues

Sea-Watch3 leeft zu Lampedusa an den Hafen an

Kapitänin vum Rettungsschëff op der Plaz verhaft, Flüchtlingen nach ëmmer u Bord

Sea-Watch3 leeft zu Lampedusa an den Hafen an

Schëff vun der ONG „Sea-Watch“ ass entgéint dem Uerder vum Inneminister Matteo Salvini an den Hafe vu Lampedusa agelaf. U Bord vun der Sea-Watch3 sinn nach 40 vun den 53 Flüchtlingen déi d‘Schëff Mëtt Juni virun de libescher Küst aus de Waasser gefëscht hunn. Nodeems d‘Schëff um Quai festgemaach huet, ass d‘Kapitänin Carola Rackete vun den Autoritéite verhaft ginn.

Lampedusa

Der Kapitänin vun der Sea-Watch3, déi ënnert hollänneschem Pavillon Segelt, dreet e Verfahre wéinst Ënnerstëtzung vu Mënschenhandel. Den italieneschen Inneminister Matteo Salvini, war fierchterlech aus der Këscht gesprongen, nodeems d‘Rettungsschëff trotz dem Verbuet, an italienesch Gewässer „agedronge“ war. Hie bezeechent d‘Crew vun der Sea-Watch3 als Piraten.

Lampedusa

Säitens der ONG konnt nach e leschte Statement vun der Kapitänin iwwermëttelt ginn. „Mir sinn net erliichtert, mir si rosen! Dës Landung hat virun iwwer zwou Woche misse stattfannen a si hätt misse vun den Autoritéite koordinéiert a net behënnert ginn“, esou d‘Carola Rackete. Iwwert de Fait vun der Verhaftung, riskéiert déi däitsch ONG elo och nach d‘Sea-Watch3 beschlagnahmt ze kréien.

Solidaritéit?

Iert d‘Sea-Watch3 mat senger mënschlecher Fracht entgéint allen Uerder dann awer zu Lampedusa festgemaach huet, war hannert de Kulissen no enger „politescher Léisung“ gesicht ginn. Laut dem italieneschen Ausseminister Enzo Moavero, géif et Zousoe fir Migranten opzehuelen. Et hunn sech bereet erkläert Migranten opzehuelen: Däitschland, Finnland, Frankräich, Lëtzebuerg a Portugal.

Lampedusa

Alles gutt? Nach net, well et heescht, datt den italieneschen Inneministère op „Garantien“ waart, déi sech an Zuelen, Zäiten a Mëttel iwwersetze loossen. A Während de Matteo Salvini bei senge Fans Punkte sammelt, hu fënnef Deputéiert aus „Solidaritéit“ um Schëff iwwernuecht. Dorënner och de fréieren Transportminister Graziano Delrio, vu, sozialdemokratesche Partido Democratico (PD).

Lampedusa

Déi Deputéiert hu vun extreemste Konditiounen um Schëff bericht a fuerderen d‘Autoritéiten op d‘Leit vu Bord ze loossen. D‘Regierung awer bleift standhaft, a wëll déi gerett Flüchtlingen nëmme vu Bord loossen, wann aner EU-Länner sech bereet erklären d‘Leit opzehuelen, ouni datt déi an Italien „registréiert“ ginn. Domatter wëll Roum verhënneren, datt een hinnen d‘Leit zeréckschéckt.

mat indymedia/rom/ber

Foto: Geet et dem Matteo Salvini no, da soll och d‘Crew vun der Sea-Watch3 verhaft, an d‘Schëff beschlagnahmt ginn. Klaut dem italieneschen Inneminister, géif sech d‘Mannschaft ausserhalb vun de Gesetzer befannen. Dogéint gëtt et awer och Widderstand, well d‘Mënschlechkeet eis muss erhale bleiwen. © Mediterranean Hope

Ähnlech Sujeten Carola Rackete, ECHR, Lampedusa, Matteo Salvini, Migratioun, Sea-Watch, Sea-Watch3, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel