Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’ADESP zur Policereform: Problemer léisen, ier nei Chantieren opgemaach ginn
International Neiegkeeten Stories

D’ADESP zur Policereform: Problemer léisen, ier nei Chantieren opgemaach ginn

Als ADESP deele mer heimat eis Positioun zu verschiddenen Diskussiounspunkten

Facebook kritt juristesch Problemer wéinst sengem Gesiichtserkennungssystem
International Neiegkeeten Stories

Facebook kritt juristesch Problemer wéinst sengem Gesiichtserkennungssystem

En amerikanesche Riichter huet um Méindeg eng Sammelklo (Class Action)

EU-Kommissioun warnt Ungarn
International Neiegkeeten Stories

EU-Kommissioun warnt Ungarn

Wéinst de Noutstandsgesetzer, déi dem Viktor Orban eng bal onbegrenzte

SeaWatch4 am Hafe vu Palermo festgesat

Europäesch Asyl-Strategie ziilt drop of Rettungsmissiounen am Mëttelmier onméiglech ze maachen

SeaWatch4 am Hafe vu Palermo festgesat

D‘Freed vun all deenen, déi d‘Rettungsmissioune vun den ONGen, wéi MSF a Sea-Watch aktiv verurteelen ass nees riseg. Déi italienesch Autoritéiten hunn d‘Rettungsschëff SeaWatch4 no enger eelefstënneger Kontroll am sizilianeschen Hafe vu Palermo festgesat. Déi offiziell Begrënnung: et wier eng falsch Registréierung festgestallt ginn. Gesicht gouf no anerem, mee méi war net dran…

Am Kader vun enger „Hafenstaatskontroll“ hunn italienesch Inspekter 11 Stonne laang no allem gesicht, wat een als Begrënnung kéint virleeën, datt d‘SeaWatch4 net méi dierf erausfueren. A wéi erwaart hunn se eppes fonnt, och wann et wuel net dat war, wat sech d‘Inspekter erhofft haten, an esou gëtt hei eppes esoulaang mat den Hoer erbäigezunn, bis et sech halbweegs juristesch hält.

SeaWatch4D‘SeaWatch4, déi gemeinsam vun den ONGen: Sea-Watch, United4Rescue an Dokteren ouni Grenzen (MSF) fir Rettungsmissiounen am Mëttelmier agesat gëtt, ass nieft de Populisten an soss éischter faschistoid ausgeriichte Mënschen, och ganz Allgemeng de Politiker an Europa en Dar am A. Et gëtt ënnerstallt, datt si mat de Passeure kooperéiere an eng illegal Migratioun ënnerstëtzen.

Beweiser dofir gëtt et keng, mee an de sozialen Netzwierker ginn all déi Politiker héich gelueft, déi sech fir hir nationalistesch Haltung och nach géigesäiteg op d‘Schëller klappen. Hei geet et der Regierung zu Roum an der EU-Kommissioun ganz kloer drëms, esouvill Mënsche wéi méiglech am Mëttelmier erdrénken ze loossen, bis déi wou nokomme verstanen hunn, datt de Risk sech net lount.

Interessant Argumenter

Well weder de Kapitän vun der SeaWatch4 nach seng Crew „Amateure“ sinn, an och déi un dësem Schëff bedeelegt ONGe wësse wat si maachen, an entgéint allem Blödsinn deen esou an d‘Welt gesat gëtt, alles wéi just keng kriminell Organisatioune sinn – wat een elo vu Frontex esou net méi behaapte kann – haten et d‘Beamte vun der „Guradia Costiera“ net einfach den Nol anzeschloen.

SeaWatch4

Et gi mëttlerweil scho véier Schëffer durech esou oder änlech Inspektioune blockéiert. Dobäi geet et der italienescher Küstewaach guer net ëm Schëffssécherheet, mee ëm déi systematesch an vun der Regierung zu Roum wéi vun der EU-Kommissioun ausdrécklech erwënscht Verhënnerung vu Rettungsmissiounen. Net alle Beamten ass dës Method geheier. © Chris Grodotzki / Sea-Watch

Elo ass dann d‘Begrënnung vun der Küstewaach folgend: „D‘Rettung vu Mënscheliewen entsprécht net der Registréierung vum Schëff. D‘SeaWatch4 huet zudeem ze vill Rettungswesten u Bord an d‘Ofwaassersystem vum Schëff wier net op d‘Unzuel vun de Geretten ausgeluecht“. Méi war no 11 Stonnen intensiivster Kontroll net dran, an et konnt een dem Beamten säin Houfert ofgesinn.

Fir de Recht entsprécht d‘SeaWatch4 alle Sécherheetsvirgabe vum Flaggestaat. Dësen Zertifikat staamt nach vu Juli. Et ass esou offensichtlech wat hei gespillt gëtt, an net emol déi agesate Beamte verstoppen hire Friemenhaass, hie Ofleenung géintiwwer der Crew an hir Freed dorunner, dierfen en Bäitrag ze leeschte Migratioun ze verhënneren, och wann dat den Dout vu Mënsche bedeit.

SeaWatch4Déi evangelesch Kierch, déi och um Betrib vun der SeaWatch4 bedeelegt ass, bestätegt mëttlerweil och de Verdacht, datt dëst Séinoutrettungsschëff, datt all d‘Virgaben erfëllt, einfach nëmme soll dru gehënnert ginn, Rettungsmissiounen am Mëttelmier duerchzeféieren. D‘EU selwer huet all hir Frontex-Missiounen, ausser déi militäresch/polizeilech ausgesat. Si hëllefen éischter „stierwen“…

Eigentlech ass et Mord

„Et ass en humanitäert Aarmutszeugnis a widdersprécht de Wäerter, fir déi d‘EU sengerzäit de Friddensnobelpräis erhalen huet“, esou de Manfred Rekowski, Virsëtzende vun der Kummer fir Migratioun an Integratioun vun der evangelescher Kierch. An de Kierchemann huet seng Wierder mat Sécherheet ofgewien, well streng geholl, organiséiert d‘EU hei eng maritim Euthanasie.

D‘SeaWatch4 war am August nees an den Asaz geschéckt ginn. Nodeems si den 2. September 353 aus Séinout gerett Mënschen un eng „Quarantaine-Fär“ iwwerginn hat, wat natierlech och zäitlech bis zum wierklech allerleschte Moment erausgezögert ginn ass, huet d‘Schëff missen zu Palermo festmaachen. D‘Schëff war ënner Quarantaine gesat ginn a gouf vollstänneg desinfizéiert.

SeaWatch4Elo ass d‘Schicksal vun der SeaWatch4 keen Eenzelfall. D‘Alan Kurdi, ee Schëff dat och ënnert däitschem Pavillon segelt, waart den ament viru Lampedusa op d‘Erlaabnes ee sécheren Hafen unzelafen. Weder Italien nach Malta, jo nach net emol d‘Rettungsleitstell Bremen äntwert op déi vum Kapitän getätegt Appeller. D‘Alan Kurdi huet iwwert de Weekend 133 Mënsche gerett.

Déi italienesch a maltesesch Autoritéite géife jo am léifsten d‘Alan Kurdi torpedéieren oder soss iergendwéi am Mier – méiglechst mat alle Leit u Bord – versenken, a si géifen dofir bestëmmt och vill Zousproch erhalen. Nach gëtt datt vun der EU-Kommissioun verhënnert, déi et fir den Ament besser fënnt, juristesch onbedenklech – mee ethesch verwerflech – Mëttel géint d‘Hëllef anzesetzen.

Déi libesch Küstewaach ass engagéiert

Wa gewosst ass, datt Libyen matten an engem Biergerkrich stécht, den international unerkannte Staatschef Fayez al-Sarraj elo d‘Handduch geworf huet, säi Géigespiller de Generol Chalifa Haftar weider un der Muechtiwwernam schafft a keng vun dëse Parteien Zäit, Loscht a Geld huet, fir sech de Flüchtlingen unzehuelen, gëtt verständlech firwat d‘ONGe Libyen net als sécheren Hafe gesinn.

Zudeem stellt sech hei och d‘Fro zur Roll déi vun der libescher Küstewaach gespillt gëtt. Steet si ënnert dem Uerder vun Tripolis? Agéiert si Schonn am Optrag vun Ankara? Méiglech ass och, datt déi libesch Küstewaach mat Milize kooperéiert, déi d‘Flüchtlinge versklaavt oder Schlëmmeres mat hinnen dreift. Wéi och ëmmer, wou déi libesch Küstewaach optrëtt stierwe Mënschen…

SeaWatch4Eng Spriecherin vun internationaler Organisatioun fir Migratioun (IOM) zu Genève huet an der tëscht bestätegt, datt rezent 128 Mënschen, dorënner Fraen a Kanner, vun der libescher Küstewaach „zeréckbruecht“ goufen. Zanterhier schéngen si vun der Äerduewerfläch verschwonnen. Zanter Ufank vum Joer soll dës Küstewaach eng 8.000 Mënsche beim „Fluchtversuch“ akasséiert hunn.

Natierlech ginn déi vun der libescher Küstewaach ausgefouert „Missiounen“ belount. Net vun Tripolis, d‘Regierung huet kee Geld, mee vu Bréissel. Iwwer Mëttelsmänner gi Primmen un déi kooperativ Offizéier vun der libescher Küstewaach „weidergereecht“. A Geld war schonn ëmmer eng gutt Motivatioun. Zudeem huet ee sech a Libyen no 11 Joer Biergerkrich un den Dout gewinnt.

Foto: D‘SeaWatch4 huet mussen zu Palermo festmaachen. Well si Mënsche virum Erdrénke gerett huet a méi generell d‘Aufgab vun den eigentlech zoustännegen Autoritéiten iwwerholl huet, gouf alles ënnerholl, fir eng nei Missioun ze verhënneren. Bis ewell geet dës Rechnung op an zu Bréissel wéi zu Roum ass ee sech sécher, datt d‘Bierger an Europa dës Virgoensweis begréissen. Wann et eng „Kris“ huet, ass et entschidde méi einfach. © Sea-Watch Crew

Ähnlech Sujeten Alan Kurdi, EU-Kommissioun, Italien, Migratioun, MSF, Palermo, Sea-Watch, SeaWatch4, United4Rescue
Nächsten Artikel Virrechten Artikel