Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee
International Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg digital: nach net Nummer 1, mee gutt ënnerwee

Fir déi Lëtzebuerger Acteuren aus dem Informatiksecteur, dierft de Rapport,

Kuba: Dräi Méint gouf debattéiert, elo kann d‘Verfassungsreform kommen
International Kultur Neiegkeeten

Kuba: Dräi Méint gouf debattéiert, elo kann d‘Verfassungsreform kommen

Um haidegen Donneschdeg ginn no dräi Méint, d‘Debatten zur Verfassungsreform

No 25 Joer Natura 2000 bleift d’Missioun déi selwescht
International Kultur Neiegkeeten

No 25 Joer Natura 2000 bleift d’Missioun déi selwescht

Um Groeknapp zu Grolënster ass ee Sonndeg de 25. Gebuertsdag

Sebastian Fitzek am Athenée – Tëscht Famill a Psychothriller

Sebastian Fitzek am Athenée – Tëscht Famill a Psychothriller

Gëschter Owend duerfte Fitzek-Lieser a Frënn vun der Héngerhaut am Athenée dem Auteur senger Presentatioun vum Buch „Der Insasse“ gespaant nolauschteren. Scho säit 2006 faszinéiert de Sebastian Fitzek mat sengen intensive Geschichten, opreegende Wendungen an engem gewësse Grujel-Facteur een ëmmer méi grousst Publikum. Och zu Lëtzebuerg fannen seng Wierker steigenden Uklang, a sou war et kee Wonner, datt ee viru Käpp d’Bühn bal net méi gesinn huet.

Mat psychoteschen Thrillere wéi „Das Paket“ oder „Die Therapie“ versetzt den däitsche Journalist an Auteur Sebastian Fitzek eis reegelméisseg an een Zoustand vun der Angscht, der Panik, engem ellene Matgefill an Nervositéit. Bei der Presentatioun vu sengem neie Buch ass et allerdéngs net nëmmen ëm säi Wierk gaangen, mee och ëm perséinlech Geschichten an divers Tipps u Lies- a Schreifbegeeschterter, wéi si hir Technike verbessere kënnen. Dobäi ass een immens vill iwwert de sympatheschen dräifach-Papp gewuer ginn.

Ugefaangen huet et den Owend natierlech mat enger klenger Virstellung vum Auteur selwer. Schnell ass et extrem perséinlech ginn an esou huet den Auteur eis ganz no u sech a säi Liewen eru gelooss. Dobäi war de Sebastian Fitzek scho frou iwwerhaapt do ze sinn, well eigentlech ass hie vun engem Lieser – an uschléissend och vun der Press – fir dout erkläert ginn. Nujee, anscheinend hat hien awer gëschter Bols oder seng Fans sinn all ob eng Zombie-Presentatioun komm.

Mat vill Gelaachs sollt et viru goen. An esou huet sech den Owend ausgezeechent duerch eng Kombinatioun aus spannende Buch-Ausschnëtter an perséinleche Geschichten iwwert d’Famill a Frënn.

Fitzek

© Shari Pleimelding/moien.lu

Liesen als intime Moment

Wien liest ass meeschtens eleng, stellt sech seng eege Welt fir a lieft se am Kapp mat. Doduerch, datt de Fitzek net nëmmen Auteur, mee och Journalist ass, ënnerscheeden sech seng Recherche-Aarbechte wuel liicht vu senge Kollege sengen. Am Kader vum neie Wierk „Der Insasse“ huet hien nämlech een immens interessant Experiment gestart, bei dem sech am viraus dausende Fräiwëlleger gemellt haten, awer just ee Grapp voll Persounen ausgewielt gi sinn.

Wéi een et nëmmen onschwéier um Cover erkenne ka geet et bei der Geschicht ëm eng zouen Anstalt fir psychesch Kranker – an dësem Fall ëm eng Gefängnisustalt. D’Testpersoune sinn dofir op Berlin an esou eng ëmgebauten Ustalt, déi ee loune kann, geruff ginn, wou si virun der Verëffentlechung Ausschnëtter vum Buch liese sollten. Soumat sollten si d’Geschicht voll a ganz matspieren an erliewen – an dësem intime Moment eleng mat sech selwer an dem Buch begleet ginn. Um Enn vum Ausschnëtt sinn si esou uerdentlech erféiert ginn. Trotzdeem hu si zum Schluss zouginn, datt si d’Experiment och nach emol matmaache géifen.

Do kënnt natierlech d’Fro op, wisou de Mënsch sech eigentlech gäre grujele wëll. A genau dëse Gedanke koum vu sengem eegene Jong, wou si eng Kéier iwwert dem Papp säi Beruff geschwat hunn op. Iergendwann mëscht et, duerch iergendee Schlësselerliefnes, wuel bei eis all Klick a mir verstinn et, ouni et erkläert ze kréien. Esou war et och bei sengem Jong nom Film „Vaiana“, wou a bemol ee béise Vulkandämon opgedaucht ass.

Déi nächst Fro, déi ee sech beim Auteur a senge Wierker stelle kann, ass natierlech, wéi hien op esou Geschichte kënnt. An dobäi misst de Fitzek selwer zouginn, datt et eng Mëschung aus perséinlechen Erliefnisser, déi hie veraarbecht, Recherche-Aarbecht an kreativen Erfindungsräichtem ass. Fir den Insasse huet hien beispillsweis bei engem Iessen zwee Poliziste getraff, déi sech iwwert ee Fall ënnerhalen hunn, bei dem de Märder am Prisong sëtzt, seng Dot awer ëmmer esou gutt geplangt huet, datt keen d’Läiche fanne kann, wa si d’Informatiounen net vum Gefaangene selwer kréien. Dëse wëll natierlech elo mat kengem méi schwätzen.

Ee Psychothriller mat engem Fräiwëllegen an der Ustalt

Beim Buch „Der Insasse“ vum Sebastian Fitzek geet et ëm ee vermësst Kand an ee verzweiwelte Papp, den d’Häll an der Psychatrie materlieft, fir Gewëssheet iwwert säi Jong ze kréien.

Nodeems de Mäerder zwou Dote gestanen huet an am Prisong setzt, kritt d’Police kee Wuert méi aus dem Guido T. Eraus. Trotzdeem ass ee sech sécher, datt hien och de sech Joer ale Max entfouert huet.

De Papp vum Jong kënnt net kloer mat der Ongewëssheet ëm den Zoustand vu sengem Kand an entscheet sech, selwer an dat psychatrescht Gefängnisspidol ageschleist ze ginn. Als falsche Patient mat enger geklauter Identitéit probéiert hien dem Guido T. Ganz no ze kommen an ee Geständnis ze erzwéngen.

fitzek

Tëscht Gutt a Béis

Eng Fro, déi den Auteur bei senge Geschichten ëmmer nees gestallt kritt ass, ob de Mënsch vun Natur aus ee béist Wiesen ass oder als gudde Mënsch gebuer gëtt an aus Impulser eraus deelweis béis handelt. Seng Äntwert ass kloer, datt de Mënsch vun Natur aus gutt aus. Beleeën deet hien dëst Argument mam Beispill vu schlëmmen Uschléi, bei deenen duerno ëmmer méi Leit do sinn, déi hëllefe wëllen, wéi der, déi engem schuede wëllen. Ouni dat Béist géif et och näischt Guddes ginn.

No senge Recherchen huet de Fitzek gemierkt, datt de Gros vun den Täter ëmmer aus engem Impuls eraus gehandelt hunn. Hier kriminell Aktioune ware meeschtens net am viraus geplangt an duerch hiert onvirsiichtegt Handele konnten si esou och schnell gefaasst ginn. Och den Auteur selwer beschreift sech als gudde Mënsch, den och gewëssen Ängschte huet, déi hien iergendwéi verschaffe muss. Duerch esou Aussoe kënnt de Sebastian Fitzek senge Lieser immens mënschlech eriwwer an bleift, trotz grujelege Geschichten, ee vun de populäersten däitsche Schrëftsteller vum 21. Joerhonnert.

Zum talentéierten Auteur

De Sebastian David Fitzek ass um 13. Oktober 1971 zu Berlin gebuer ginn. Studéiert huet hien Jura bis zum éischte Staatsexamen, uschléissend huet den Auteur als Chefredakter a Programmdirekter vir verschidden däitsch Radiostatioune geschafft.

Säit 2006 schreift de Fitzek Psychothrilleren, déi souguer all zum Bestseller gi sinn. Bis ewell gi seng Wierker an 20 Sproochen iwwersat an soumat ass den däitschen Thrillerauteur och an England an den USA bekannt. Seng Fra an dräi Kanner maachen dem Sebastian Fitzek säi glécklecht Familljeliewen perfekt.

Ähnlech Sujeten Athenee, Auteur, Buch, Der Insasse, Psychothriller, Sebastian Fitzek
Nächsten Artikel Virrechten Artikel