Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Krunnewaasser am Restaurant?
Kultur rwanda gay dating

dating sites hastings

Et ass eng sécherlech gutt gemengte Petitioun, d‘Restaurateure per Gesetz

Educatiounsminister: „Et muss méi matenaner geschwat ginn!“
Kultur rwanda gay dating

Educatiounsminister: „Et muss méi matenaner geschwat ginn!“

Geet et dem Educatiounsminister, Claude Meisch (DP) no, da muss

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt
Kultur rwanda gay dating

Direktioun vun der Luxtram S.A. reagéiert op méigleche Sozialkonflikt

Nodeems sech OGBL a Landesverband (FNCTTFEL) ugangs der Woch hu

Am Interview: De Sebastian Fitzek kann ëmmer nach gutt schlofen

Am Interview: De Sebastian Fitzek kann ëmmer nach gutt schlofen

De Sebastian Fitzek gehéiert zu den absolute Gréissten vun der Däitscher Spannungsliteratur. Ech hunn d‘Geleeënheet ergraff, fir mat him e kuerzen Interview ze féieren.

Wéi schlooft Dir nuets?

Gutt, ech schreiwe mir meng Albdreem jo vun der Séil a kann dann gutt schlofen, wann anerer mat hinnen beschäftegt sinn.

Verfollegen Är Geschichten Iech net bis an de Schlof?

Nee, dat verhënnert meng Schreif-Therapie.
Ech schlofen éischter net, wann ech keng Iddien hunn.

Wéi behaalt Dir emotional Distanz?

Gutt Bicher, Filmer a virun allem nei Erliefnisser mat der Famill, zemools mat menge Kanner, suergen dofir, dass de Kapp nees fräi gëtt.

Wéini hutt Dir mam Schreiwen ugefaangen?

Ech wollt einfach ee Buch schreiwen, wat ech selwer gäre liese géif.
Schrëftsteller ze ginn ass awer keng bewosst Entscheedung.
Schreiwen ass eng Leidenschaft, déi ee pakt an där een nogoe muss, ob ee wëll oder net.

Wéi vill Zäit braucht Dir fir ee Buch? Vun der Idee, bis zum fäerdege Produkt?

Dat ass schwéier ze soen. Eng Iddi kënnt schnell, mä daacht se fir ee Roman? Heiansdo droen ech se jorelaang mat mir, bis dass ech mech un se eruntrauen. Bei Passagier23 hat ech déi éischt Inspiratioun am Joer 2008, ugefaangen hunn ech 2013, d’Buch ass 2014 erauskomm. Wann ech mech bis un den éischten Entworf sëtzen, brauch ech am Schnatt néng Méint.

Sinn d’Figuren am Buch reng fiktiv, oder hunn muencher vun hinnen een authentesche Kär?

Et ass wéi bei all gudder Ligen, alles huet säi wouere Kär. Ech probéieren awer e gutt ze verstoppen.

Wat inspiréiert Iech zum Schreiwen? Wat gefält Iech dorunner?

Ech gi vum Alldag inspiréiert. Wann een an enger Stad wéi Berlin d’Aen an d’Oueren ophält, begéint ee ganz vill interessant, skurril a spannend Gestalten a Geschichten. Leider schreift d’Liewen och dacks déi grausamst Geschichten. Ech hunn et gär, mir meng eegen Welt an domat dat Onméiglecht ze erschafen: Eng Welt an där dat Béist begräiflech ass.

Wéi huet sech Äert Liewen no deenen éischten Verëffentlechungen verännert? Huet den Erfolleg Iech iwwerrascht?

Et ass paradox! Mäi Liewen huet sech a verschiddene Punkten fundamental a gravéierend verännert. Eleng déi Tatsaach, dass ech Interviewe féieren däerf, interessant Mënsche kenneléieren, an a puer Deeg um Set vun der Verfilmung vu mengem eegenen Thriller „Das Joshua Profil“ stoen däerf – dat sinn ongleeweg Momenter, mat deenen ech ni gerechent hätt. Mä si trieden (zum Gléck) just punktuell op.
Déi meescht Zäit vu mengem Liewen verbréngen ech weiderhin ofgeleeën an zefridden um Schreifdësch.

Dir sidd ee vun de bekanntsten Thrillerauteuren an Däitschland, viru kuerzem sidd Dir och ënnert d’ Kannerbuchauteuren gaangen …
Ass Iech dee Wiessel net schwéier gefall?

Och hei: Ech hu mir dee Genre-Wiessel net erausgesicht. D’Idee koum duerch Zoufall, wéi meng Kanner mech gefrot hunn, mir eng Geschicht auszedenken, well ech dat aktuellt Virliesbuch an der Vakanz vergiess hunn. Ech hu keng Ahnung aus wéi engem verwurrelten Eck d’Iddien de Wee zu mir fannen. Ech weess just, dass ech se opschreiwen muss, wa se eppes a mir beréieren. Ech gi mengem Bauch no, net mengem Kapp.

Bleift et bei dësem enge Buch, oder léieren eis Kanner, de Fitzek-Thrill schonn an de jéngsten Joren kennen?

Dat hänkt dovunner of, ob mir nach weider Spillschoulskrimien afalen. 🙂

Wéi géift Dir Iech an dräi Wierder beschreiwen?

Dat geet nimools mat dräi Wierder duer.

Äert gréisst Laster ass?

Meng Schreifmanie.

Wat haalt Dir vu Buchverfilmungen?

Ech erwaarden ni, dass de Regisseur d’Biller toppt, déi ech beim Liesen oder Schreiwen schonns a mengem Kapp hat. Dank eiser Fantasie, hu mir Lieser deen allerbeschte Kappkino. Mä dat mécht Buchverfilmungen awer net iwwerflësseg. Ech perséinlech hunn et gär, wann ee Film gewëssen Aspekter vum Roman verdéift oder nei Facetten opweist, also keng sklavesch Kopie vum geschriwwene Wuert ass.

Wéini kënnen Är Fans mat deem nächsten Buch rechnen?

Enn Oktober erschéngt mäin neie Psychothriller „Flugangst7A“.

Wéi ee Rot kënnt Dir nach onerfuerenen Schreiwer mat op de Wee ginn?

Ofsoen a Kritik als noutwenneg Kannerkrankheet op dem Wee zum erwuessenen a gesonde Schrëftstellerliewen ze verstoen.

Foto: H. Henkensiefken/Copyright: FinePic München

Ähnlech Sujeten Bicher, Literatur, Sebastian Fitzek
Nächsten Artikel Virrechten Artikel