Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach
Kultur Stories WTF

Editorial: De Wahlkampf ass lancéiert an et gi keng Prisonéier gemaach

Eis konservativ Europadeputéiert Viviane Reding (PPE/CSV) huet es zwar net

Koplescht: Ass de Wiessel vum Wahlbezierk einfach esou méiglech?
Kultur Stories WTF

Koplescht: Ass de Wiessel vum Wahlbezierk einfach esou méiglech?

Dës Fro steet am Raum. Den Dag vun de Gemengewahlen

Eenzelhandel am Euroraum: Bedeitend Hausse vum Ofsazvolumen am Eenzelhandel
Kultur Stories WTF

Eenzelhandel am Euroraum: Bedeitend Hausse vum Ofsazvolumen am Eenzelhandel

Am November 2018 ass den Ofsazvolumë vum Eenzelhandel, vis-à-vis vum

surprise

Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng

Zwee Bicher vum Bestseller-Schrëftsteller virgestallt

Sebastian Fitzek: Spannung fir Grouss a Kleng

De Sebastian Fitzek ass en däitschen Thriller-Autor, deen 1971 a Berlin gebuer ass. Zënter 2006 schreift hie Psychothriller, déi alleguerten Bestseller goufen. Schonn säin éischten Roman „Die Therapie“ huet d’Täschebuch-Bestsellerlëschten vum Stern a vum Spiegel eruewert. Domat gouf hien fir den Friederich-Glauser-Präis nominéiert.

Hien huet schonn iwwer sechs Milliounen Bicher verkaf an seng Wierker goufen a 27 Sproochen iwwersat. Als ee vun de wéinegen däitschen Thrillerautoren erschéngen seng Bicher och an den USA an England, der Heemecht vum Spannungsroman.
Bis elo goufe seng Bicher an zwou Editiounen verëffentlecht, Droemer Knaur a Bastei Lübbe. Hien huet Déieremedizin an Jura studéiert an hien huet och als Chefredakteur a Programmdirektor bei verschiddenen däitschen Radiosstatiounen geschafft. Hien ass bestuet an huet dräi Kanner. Hie spillt gär Tennis, Batterie, a liest all Woch ee Buch, awer net nëmmen Thriller.

Das Paket
Droemer Knaur

De Sebastian Fitzek gëtt net fir näischt den däitschen Stephen King genannt – beim Liesen vun dësem Psychothriller versteet een direkt firwat!

Säit déi jonk Psychiaterin, Dr. Emma Stein, d’Bekanntschaft mam sougenanntene „Friseur“ gemaach huet, dee se vergewaltegt huet, an hier dono d’Hoer ewech raséiert huet, ass näischt méi wéi et war. Si lieft a stänneger Angscht, a gëtt ouni Medikamenter guer net méi eens.
Wéi wann dat net scho schlëmm genuch wier, gleeft kee sou richteg, dass d’Emma dem „Friseur“ säin Affer war, fir dee war et nämlech net typesch seng Affer ze vergewaltegen.

Duerch déi fuerchtbar Angscht, huet hatt säin Haus dono net méi verlooss. Just de Bréifdréier däerf an d’Haus, dee bréngt nämlech alles wat online bestallt gouf, well säi Mann Verschiddenes net vun ënnerwee matbrénge kann. An enges Daags huet hien kee Pak fir d’Emma, mä fir ee friemen Noper. Ab deem Punkt geschitt eent nom aneren, et bleift spannend.

Mir hunn déi kuerz, knackeg Kapitel ganz gutt gefall, déi perfid Spillercher, déi mam Emma gespillt goufen, d’Atmosphär am allgemengen, ech konnt et richteg fillen. Während dem Liesen hunn ech dauernd geduecht: „Dat Aarmt“, „Hatt ass wierklech krank“, „Oh nee, hatt ass net krank an denkt dat just“, oder „Et war de Bréifdréier“, „Oh nee, ech mengen, et war awer de Mann“, an dunn koum et ganz anescht, wéi ech mir geduecht hunn. Et war natierlech och eng genial Iddi, de Cover ewéi ee schmuddelege Pak ausgesinn ze loossen, d’Stëmmung passt direkt.
Traut Dir Iech de Pak opzemaachen?

Pupsi und Stinki
Pattloch
*Droemer Knaur

Also de Klengen gefréiert d’Blutt natierlech net an den Oderen, wa se dës Geschicht virgelies kréien – d’Buch ass garantéiert net grujeleg!
Mä wann Är Kanner awer genee esou empfindlech ewéi d’Haaptfigur am Buch sinn, kéint et mol virkommen, dass hinnen vru Schreck, oder vru Laachen, deen een oder aneren Pups entfiert.

Dee klenge Paul huet et ganz schwéier, et gëtt de Geck mat him gemaach, hie muss nämlech ganz oft, ganz vill pupsen. Et wëll kee mat him spillen, mat him bastelen, oder niewend him sëtzen. Dës Eenzelgängerroll gefält dem Paul natierlech guer a glat net. Ee Picknickausfluch ännert alles.
De Pupsi, wéi e genannt gëtt fënnt e Frënd. Et ass ee Sténkdéier, wat natierlech Stinki heescht. De Stinki huet och ee Problem, hie ka bei Gefor net markéieren, a soumat leider keng Ugräifer ofschrecken.

A beemol trëfft d’ Grupp op ee verfroossene Wollef… Wat elo? Wéi de Paul doduerch zum Held gëtt, a wat säi Pups domat ze dinn huet, liest Dir am beschte selwer no!

E witzegt Detail vum Buch ass d’Tatsaach, dass den Här Fitzek ëmmer erëm Wierder a Wierdergruppen ernimmt huet, déi mat der eigentlecher Geschicht näischt ze dinn hunn. De Supermarché an deem seng Mamm schafft, verkeeft zum Beispill ënnert anerem Spannebeen, an säi Papp transportéiert mat sengem Kamion Geeschteraan. Ee gudden Trick, dee genotzt ka ginn, fir erauszefannen, ob d’Kanner och wierklech opmierksam nolauschteren.

Och wann am Buch vill vu pupsen riets ass, sou ass de Message awer ee ganz aneren: Akzeptéier dech esou wéi’s de bass! Gutt, an anere Bicher ass et méi intelligent ëmgesat, an dësem Buch ënnerhält et eben. Duerch dee villen Text ass d’Buch wierklech ideal fir ee klenge Bicherwuerm.

Ähnlech Sujeten Bicher, Kannerbicher, Literatur, Sebastian Fitzek
Nächsten Artikel Virrechten Artikel