Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Lektioun fir de Juncker
Cry International Neiegkeeten

Eng Lektioun fir de Juncker

De britesche Brexit-Minister David Davis huet ee Freideg gemengt, datt

Streik an de Fleegeheimer: Zu Beetebuerg verhäerten sech d‘Fronten
Cry International Neiegkeeten

Streik an de Fleegeheimer: Zu Beetebuerg verhäerten sech d‘Fronten

E Freideg huet den OGBL, am Kontext vum Streik am

crying
USA: De Chef vun de Scoute muss sech fir dem Trump seng Ried entschëllegen
Cry International Neiegkeeten

USA: De Chef vun de Scoute muss sech fir dem Trump seng Ried entschëllegen

Um Donneschdegowend huet de Chef vun den amerikanesche Scouten sech

crying

Ofdreiwen, ass wéi sech engem bezuelte Killer ze bedéngen

Ofdreiwen, ass wéi sech engem bezuelte Killer ze bedéngen

E Mëttwoch huet de Poopst Francis de Schwangerschaftsofbroch an senger Priedegt, während senger traditioneller Audienz op de Plaz vum Hellege Pier, mat dem Optrag un e bezuelte Killer verglach.

„Ass et richteg e Mënscheliewen ze liquidéiere fir e Problem ze léisen?“, esou d‘Fro vum héchste Kierchemann un déi Gleeweg op der Plaz. „Ass et richteg sech engem bezuelte Killer ze bedéngen, fir e Problem ze léisen?“, esou de Poopst weider, dee vum originellen Text ofgewach ass.

„Et ass net richteg sech engem Mënsch ze entleedegen, och netz engem klengem, fir e Problem an de Grëff ze kréien. Et ass wéi sech engem Optragskiller unzevertraue fir e Problem ze léisen“, huet de Poopst a senger Priedegt, déi dem bibleschen Uerder „du bréngs keen ëm“ gewidmet war, gesot.

Dobäi hat et „friddlech“ ugefaangen. De Poopst Francis, Chef vun der kathoulescher Kierch, huet ugeprangert, datt dat mënschlecht Liewen, wéinst de Konflikter, Kricher, der Ausbeutung an der Exklusioun, vu senger Wäertschätzung verluer huet, an d‘Welt sech engem bessere besënne muss.

Gewalt a Liewensofneigung

Op dës „Lëscht“ huet de Kierchemann aus Argentinien, de Schwangerschaftsofbroch gesat. Dat am „Numm vum Schutz vun anere Rechter“. A well een zu Roum nach net alles verstanen huet, freet de Poopst: „Wéi kann en Akt deen en onschëllegt Liewen eliminéiert, therapeutesch, zivil oder einfach Mënschlech sinn?“.

De Kierchemann huet allerdéngs och eng Erklärung: „d‘Gewalt an de Refus vum Liewe kommen aus der Angscht“. Sech op Kanner bezéiend, vun deene gewosst ass, datt si mat engem Handicap op d‘Welt kommen, huet hien sech net u Kritik zréckgehalen, wat d‘Berodung zur Ofdreiwung fir dës Eltere bedeit. (Frankräich: Dokter bezeechent Schwangerschaftsofbroch als Mord)

Interessant, wa gewosst ass, wéi d‘Kierch mat „behënnerte“ Mënschen ëmgaangen ass. Mee dat këmmert de Poopst Francis net. Dee behaapt sech drop datt: „E krankt Kand ass wéi all Mënsch am Besoin, wéi eng eeler Persoun déi Hëllef brauch, wei esouvill Aarmer deenen et net geléngt déi zwee Enner unenaner ze bréngen“.

Wat d‘Kierch „hirem“ Gott alles zoumutt

Hien ass dann och iwwerzeegt, datt esou e behënnert Kand eng „Gabe Gottes“ ass, déi zum Zweck huet déi betraffe Fra aus hirem Egozentrismus erauszehuelen. Datt ass esou misogyn wei däitlech a passt zu senger Ausso am Juni.

Do hat de Poopst den Avortement aus medezinesche Grënn – well eben en Handicap um Foetus festgestallt konnt ginn – als en Eugenismus (Rassenhygiène) mat „wäissen Händchen“, esou wéi dëse vun den „Nazien“ praktizéiert gouf, verkläert.

„Am leschte Joerhonnert, war d‘Welt skandaliséiert vun deem wat d‘Nazie gemaach hunn, fir op d‘Rengheet vun der Rass uecht ze dinn. Haut maache mir dat selwecht mat wäissen Händchen“ esou de Kierchemann, deen nach eng drop geluecht huet:

„Firwat gesäit e keng Zwerge méi an de Stroossen? Well de Protokoll vu villen Doktere seet: dee kënnt mat enger Anomalie op d‘Welt, deem musse mir eis entleedegen“.

Kommentar

Fraen a Medeziner ze kriminaliséieren, déi e Schwangerschaftsofbroch virhuelen, ass net nëmmen „Domm“ mee och nach richteg geféierlech. D‘Kierch déi sech géint „Ausgrenzung“ wëll opgestallt hunn, mécht mat der Ausso vun hirem héchsten Dirigent, awer grad dat.

Si mécht zudeem däitlech, dat eng Fra, no hirem Versteesdemech, net d‘Recht huet selwer ze bestëmmen. Woubäi d‘Behaaptung, e behënnert Kand op d‘Welt ze bréngen „e Gottesgeschenk“ soll sinn, éischter „erschreckend“ ass. Zudeem ass de Verglach mat de Nazien hei net ubruecht.

Wat de „bezuelte Killer“ betrëfft, esou sollt een sech zu Roum drun erënneren, datt de Klerus – wéi beispillsweis a Spuenien ënnert dem Generol Franco – ganz bewosst „Optragskiller“ ëmmer nees de Seege vun der Kierch ausgeschwat huet, an hei ass et net ëm den Avortement gaangen…

mat AFP

Foto: De Poopst Francis, Chef vun der kathoulescher Kierch, kriminaliséiert de Avortement, a jiddereen deen sech an iergendenger Form dorunner bedeelegt. Hie bezeechent Dokteren déi sech fir esou en Akt hierginn, mol als bezuelte Killer, mol als Nazien. © Alberto Pizzoli/AFP

Ähnlech Sujeten Avortement, Franziskus, kathoulesch Kierch, Kriminalitéit, Poopst
Nächsten Artikel Virrechten Artikel