Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ee Parquet fir Europa – Wéi wäit sinn se?
Neiegkeeten

Ee Parquet fir Europa – Wéi wäit sinn se?

D’Schafung vun engem europäesche Parquet gëllt als Resultat vun engem

D’Sam Tanson beim Luxembourg City Film Festival 2019
Neiegkeeten

D’Sam Tanson beim Luxembourg City Film Festival 2019

E Mëttwoch ass, a Presence vun der Kulturministesch Sam Tanson,

money
Op de Loyer vun de Geschäftslokaler an der Stad Lëtzebuerg verzichten!
Neiegkeeten

Op de Loyer vun de Geschäftslokaler an der Stad Lëtzebuerg verzichten!

An dëser Zäit vun den drastesche Restriktiounen, déi der Pandemie

Sech teste loossen als Zeeche vu kollektiver Responsabilitéit

Sech teste loossen als Zeeche vu kollektiver Responsabilitéit

Am fréie Mëtteg hunn d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert an de Fuerschungsminister Claude Meisch op d’Pressekonferenz geruff, an där si iwwert d’Test-Strategie am Kader vum Deconfinement informéiert hunn. Duerch groussflächeg Tester ka geziilt reagéiert, d’Infektiounsketten ënnerbrach an de Bierger nees méi Fräiheeten zougestane kënne ginn.

Fir unzefänken huet d’Gesondheetsministesch drun erënnert, datt d’Tester Mëttel zum Zweck sinn an der Fréierkennung déngen. Just esou kënnen infizéiert Leit fréi isoléiert, respektiv behandelt ginn.

Wëll een Ufanks just eng begrenzt Quantitéit un Tester hat, konnten dës och just reaktiv, also bei Persoune mat Symptomer agesat ginn. Mëttlerweil kënnen d’PCR-Tester och aktiv genotzt ginn, wat dann heescht, datt Persounen, déi de Virus kéinten a sech hunn, allerdéngs keng Symptomer opweisen och gepréift ginn. Dat war beispillsweis de Fall beim Personal an den Awunner vu Fleege- an Altersheemer. Hei konnte schonn 4.309 Persoune getest ginn, wouvunner 4,8 % positiv waren.

Mëttlerweil kommen d’Tester, fir de Virus ze erkennen, och preventiv an den Asaz. Verschidde Secteuren, wéi beispillsweis de Bausecteur oder den Enseignement, si schonn am viraus getest ginn, fir esou eng Risikoaschätzung maachen ze kënnen.

Sech teste

Paulette Lenert, Gesondheetsministesch © SIP / Emmanuel Claude

De Virus verstoen an domadder liewen léieren

De Minister Meisch huet erkläert, datt een mëttlerweil zwar schonn däitlech méi, awer nach laang net alles iwwert de Covid-19 weess. Esou laang et keng Impfung oder Medikamenter zur Bekämpfung vum Virus ginn, misst een infizéiert Persoune geziilt isoléieren an esou zur Sécherheet a Gesondheet vun der ganzer Bevëlkerung bäidroen.

D’Tester ginn dobäi op fräiwëlleger Basis gemaach. Et wier eng Invitatioun a keng Obligatioun. Ma, am Zeeche vun der kollektiver Responsabilitéit sollt een dëser Invitatioun awer nogoen.

sech teste

(v.l.n.r.) Ulf Nehrbass, CEO vum LIH; Paul Wilmes, Porte-Parole vum Taskforce COVID-19 Research Luxembourg © SIP / Emmanuel Claude

Wat geschitt, wann ech eng Invitatioun kréien, fir mech testen ze loossen?

No de béide Ministeren si schliisslech den Ulf Nehrbass, CEO vum LIH, an den Paul Wilmes, Porte-Parole vum Taskforce COVID-19 Research Luxembourg, zu Wuert komm. Och si hunn nach drun erënnert, datt vill eenzel Entscheedungen – also d’Entscheedung sech testen ze loossen – positiv Auswierkungen op den Deconfinement hunn.

D’Bierger a Frontalieren sinn a representativ Gruppen agedeelt ginn, fir sech testen ze loossen. Dës groussflächeg Tester solle vum 25. Mee bis den 28. Juli duerchgefouert ginn. An enger éischter Etapp kritt ee per Post eng Invitatioun geschéckt. Wie sech teste léisst, dee muss e Rendez-vous iwwert eng Online-Plattform huelen. Den Ofstréch gëtt dann am Hals gemaach.

No 2 Deeg kritt déi getest Persoun eng SMS geschéckt mat de Resultater. Ass si infizéiert, da gëtt si vun der Inspection Sanitaire kontaktéiert, a Quarantaine gesat an och all Persounen, déi mat hir a Kontakt waren, gi benoriichtegt. Et gëtt drun erënnert, datt ee sech just op Invitatioun kann teste loossen.

sech teste

(v.l.n.r.) Ulf Nehrbass, CEO vum LIH; Paul Wilmes, Porte-Parole vum Taskforce COVID-19 Research Luxembourg © SIP / Emmanuel Claude

Dräi Risiko-Kategorien

Bei de groussflächegen Tester gëtt an dräi Risiko-Kategorien ënnerdeelt:

  1. Persoune mam héchste Risiko de Virus a sech ze hunn an e virun ze ginn (beispillsweis Fleegepersonal, Police a Coiffeuren)
  2. Persounen, déi deemnächst oder zënter kuerzem nees schaffe ginn
  3. Rescht vun der Populatioun, ënnerdeelt a representativ Gruppen

Ab dem 25. Mee ass geplangt, fir ënnert anerem Coiffeuren (Kat. 1), Personal an der Kannerbetreiung (Kat. 1) oder och de Bausecteur (Kat. 2) testen ze loossen. Eng Woch méi spéit sinn dann Dokteren (Kat. 1), Polizisten (Kat. 1), Personal aus dem Prisong (Kat. 1), Schüler (Kat.2 ), Léierpersonal (Kat. 2), oder och Persounen aus der Industrie an dem Commerce (Kat. 2) drun. Ab iwwernächster Woch sollen och Persounen aus der Kategorie 3 groussflächeg getest ginn.

sech testen

Claude Meisch, Fuerschungsminister © SIP / Emmanuel Claude


Hei déi aktuell Zuelen vun der Säit vum Gesondheetsministère:

teste

Opmaacherbild: (vl.n.r.) Paulette Lenert, Gesondheetsministesch; Claude Meisch, Fuerschungsminister © SIP / Emmanuel Claude

Ähnlech Sujeten Claude Meisch, Covid-19, Gesondheet, Groussflächeg Tester, LIH, Pandemie, Paul Wilmes, Paulette Lenert, PCR-Test, sech teste, Sécherheet, Ulf Nehrbass
Nächsten Artikel Virrechten Artikel