Search

You may also like

Polen: Riichter fir den ieweschte Geriichtshaff, trotz bedenke vu Bréissel
Neiegkeeten

Polen: Riichter fir den ieweschte Geriichtshaff, trotz bedenke vu Bréissel

Déi nei polnesch juristesch Autoritéiten, déi hir Existenz nëmmen enger

Kulinareschen Owend fir 6 nei Schoulkantinnen zu Madagaskar
Neiegkeeten

Kulinareschen Owend fir 6 nei Schoulkantinnen zu Madagaskar

E.D.I. Madagascar – Enfants Défavorisés de l’Île de Madagascar –

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn
Neiegkeeten

D‘USA wëlle fir d‘Stationéiere vun Truppen a Material bezuelt ginn

Wa sech erweise sollt, datt d‘Aussoe vum fréieren US-Ambassadeur bei

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn

Wien sech un de Rettungsdéngschter vergräift muss haart bestrooft ginn

Well et einfach net nei ze erdroen ass, datt ëmmer nees Secouristen oder Pompjeeën am Asaz beleidegt an esouguer Ugegraff ginn, huet sech d‘Regierung entschloss, den Artikel 410-2 (ënnerloossen Hëllef) vum Code Penal ze veränneren. Sollt de Gesetzprojet um Krautmaart Zoustëmmung erhalen, da kann et zukünfteg „elle“ ginn.

An datt d‘Gesetz muss „verbessert“ ginn, léisst sech schonn un de blanken Zuelen erkennen, déi den Inneminister Dan Kersch (LSAP) gëschter bei der Ukënnegung vum Gesetzprojet virgeluecht huet. Esou sinn zanter dem 1. Januar net manner wéi 23 Aggressioune géint d‘Rettungsdéngschter deklaréiert ginn. D‘Agräife vun de Rettungsdéngschter ze behënneren, muss Sanktionéiert ginn.

Hei gräift dann och de Justizminister Felix Braz (déi gréng) an: „Mir wäerten den Artikel 410-2, dee virgesäit ënnerloosse vun Hëllef ze sanktionéieren, änneren. Wien anerer dorunner hënnert Hëllef ze leeschte soll sech dann och strofbar maachen“. Hie stellt sech domatter, grad wéi den Inneminister hannert d‘Fraen a Männer vun der Rettungsdéngschter.

Sécherheet hierstellen

Et ass dann awer och drop higewise ginn, datt et am Code Penal schonn den Artikel 276 gëtt, an deem virgesinn ass, all déi ze bestrofen, déi Persounen déi eng ëffentlech oder staatlech Missioun ze erfëllen hunn, menacéieren oder aggresséieren. Den Artikel war esouguer duerch eng Jurisprudenz op d‘Buschaufferen an d‘Eisebunnspersonal erweidert ginn.

An datt d‘Rettungsdéngschter ganz kloer eng ëffentlech Missioun erfëllen, dierft kloer sinn. Trotz allem hunn sech den Dan Kersch an de Felix Braz virgeholl, déi nei Sanktioun anzeféieren. Dat well et bei enger Aggressioun net eleng ëm d‘Fraen a Männer vum Rettungsdéngscht geet, mee och déi Persoun, déi a Nout ass, duerch esou e Beholl a Gefor geréit.

Esou sollen dann déi Daboen, déi enger Aggressioun géint Rettungsdéngschter iwwerfouert gëtt, eng Strof riskéieren, déi vun 251 bis 10.000 Euro an/oder enger Prisongsstrof vun 8 Deeg bis zu 5 Joer bedroe kann. Eng zolidd Strof, woubäi de Justizminister betount, datt dës Moossnam éischter dissuasive Charakter soll hunn. Dat setzt viraus, datt déi Klatzkäpp och Verstand hunn…

De Regierungsrot fënnt dat gutt

Et ass och vum Justizminister preziséiert ginn, datt scho leschte Freideg, de Gesetzprojet vum Regierungsrot ugeholl ginn ass. Dee muss elo déi legislativ Prozedur duerchlafen. De Felix Braz hofft dann awer, datt déi nächst Regierung, also no de Chamberwahle vum 14. Oktober, dëse Gesetzprojet esou séier wéi méiglech zur Ofstëmmung ka bréngen.

Nodeems d‘lescht Joer am Mee dräi Ambulanciere bal annerhallef Stonn an engem Appartement zu Déifferdeng festgehale goufen, huet och d‘Administratioun vun de Rettungsdéngschter Mesuren ergraff fir hir Leit ze schützen. Esou gëtt et zanter dem Ufank vum Joer eng Prozedur, mat där d‘Operateure vum 112 méi séier vun engem Tëschefall „wëssen“ an och alles novollzéibar gëtt.

Da sinn d‘Fraen a Männer vun de Rettungsdéngschter och gehalen, am Fall vun enger Aggressioun, e Formulaire auszefëllen, an deem de Virfall geschëldert gëtt. Eng Moossnam, déi et och erlaabt genee Statistiken zur Problematik ze erstellen. D‘Secouristen erhalen zudeem och juristesch an psychologesch Ënnerstëtzung wann dat erfuerderlech ass. Eng Plainte gëtt systematesch deposéiert.

Foto: (v.l.n.r) Paul Schroeder, Direkter vun der Administratioun vun de Rettungsdéngschter; Dan Kersch,. Inneminister; Felix Braz, Justizminister; Jean-Paul Frising, Procureur. © MJUST/sip

Related topics Aggressioun, Gesetz, Inneministère, Justizministère, Rettungsdéngschter
Next post Previous post