Search

You may also like

Dräi einfach Schrëtter fir en besseren Alliéierten se sinn.
Auto Neiegkeeten

Dräi einfach Schrëtter fir en besseren Alliéierten se sinn.

D’Welt ass net fair. Dat ass jo keen Geheimnis. Verschiddener

money
UNI.LU: Eng global Recherche an der Finanz-Technologie
Auto Neiegkeeten

UNI.LU: Eng global Recherche an der Finanz-Technologie

Dräi Rechtsprofessere vun der Universitéit Lëtzebuerg, der Universitéit vun Hong

A wou komme mir dann hir?
Auto Neiegkeeten

A wou komme mir dann hir?

Zanter längerem ass gewosst, datt Migrante bei eis am Land

Sécher ënnerwee?

Pneuen a Luuchte-Campagne vum ACL leeft op Héichtouren

Sécher ënnerwee?

Och dëst Joer bedeelegt sech den ACL nees un der Verkéierssécherheetscampagne „Pneuen a Luuchten“ déi vum 14. Oktober bis de 15. November stattfënnt. Wien beim ACL matmécht, kritt dann och seng Batterie gepréift. Eng gutt Iddi, well déi léisst bekanntlech am Wanter gären eppes no…

Mir hunn Hiecht och wann nach net alles duerno ausgesäit oder een dat einfach anescht empfënnt. Reduzéiert Siicht, rutscheg Stroossen a ganz laang kann et och net méi dauere bis et Moies kann zu Glatäis kommen. Fir är an deenen aneren hir Sécherheet, ass esouwuel den Zoustand vun de Pneue wéi och de Luuchten, wichteg! D‘Kontroll deet net wéi an dauert nëmmen e puer Minutten.

E puer Minutten déi „Liewe rette kënnen“ an déi een och sollt hunn, zemools den ACL an är Géigend kënnt an dir eigentlech just den Dag treffe musst. Nee mee ganz am Eescht, et ass wierklech wichteg an ni vu Muttwëll säi Gefier „checken“ ze loossen. Dofir: maacht och dir mat wann et heescht „Sécher an de Wanter mam ACL“. Dir wäert gesinn, si verstinn hire Metier.

16.10.2019: Cactus Käl

17.10.2019: Cactus Käl

22.10.2019: City Concorde Bartreng

24.10.2019: Mäertert, Parking CIMW

25.10.2019: Shopping Center Massen Wämperhaart

28.10.2019: Cactus Réiden un der Attert

29.10.2019 : City Concorde Bartreng

31.10.2019 : Shopping Center Knauf Pommerlach

04.11.2019 : Cactus Bereldeng

05.11.2019 : Cactus Houwald

07.11.2019 : Cactus Beetebuerg

08.11.2019 : City Concorde Bartreng

12.11.2019 : Cactus Käerjeng

13.11.2019 : Cactus Käerjeng

15.11.2019 : City Concorde Bartreng

Randbemierkung: D‘Kontroll vun de Pneue, Luuchten an der Batterie um Sëtz vum ACL zu Bartreng (Diagnostikzenter) kann een nëmmen op Rendez-vous maachen. Dat geet och ganz einfach: Tel 450045-6007 oder mat enger e-Mail un dc1@acl.lu

Related topics ACL, Batterie, Luuchten, Pneuen, Verkéierssécherheet
Next post Previous post