Migratioun: Zypern fuerdert Hëllef vun der EU
Zypern huet d‘Hëllef vun der EU ugefrot, well se de
Zypern huet d‘Hëllef vun der EU ugefrot, well se de
Säit e Sonndeg gëllt bei eisen däitschen Noperen Impfflicht géint
Verännerunge gehéieren zum Liewen. An enger Gesellschaft, déi sech rapid weider entwéckelt an ëmmer nees verännert, muss och d’Sozialversécherung sech upassen, fir esou Verbesserunge bei der Pensioun ze erzilen. Dobäi muss een och den individuellen a spezifesche Besoine vun de Versécherte Rechnung droen.
Huele mir d’Beispill vun enger Mamm hir Aarbecht reduzéiert, respektiv temporär ganz opgëtt, fir sech doheem ëm hiert Kand ze këmmeren. Déi nei Informatiounsbroschür erkläert all Persoun, wéi een d’Pensioun am Beschten un déi eege Situatioun upassen an esou spéider gréisstméiglech dovu profitéiere kann. „Ech hoffen, datt jiddwereen déi Moossnam fënnt, déi zu sengen aktuelle Liewensëmstänn a sengen zukünftege Besoine passt“, ënnersträicht de Romain Schneider.
(v.l.n.r.) Fernand Lepage, President vun der CNAP,; Danielle Becker-Bauer, Presidentin vum CNFL; Romain Schneider, Minister fir sozial Sécherheet; Claude Seywert, President vum CCSS © Ministère fir sozial Sécherheet
Bei der Broschür Elo ass de Moment, fir Är Karriär bei der Pensiouns-Versécherung ze completéieren! geet een op folgend Froen an:
D’Broschür gëtt op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch a Portugisesch ugebueden. A physescher Form kann ee säin Exemplaire beim Ministère fir sozial Sécherheet, bei der nationaler Pensiounskeess, dem Zentrum fir sozial Sécherheet an dem nationale Rot vun de Lëtzebuerger Fraen a Gemenge kréien. Déi digital Versioun fannt Dir op mss.gouvernement.lu, www.cnap.lu, www.ccss.lu an www.cnfl.lu.