Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Mam gudde Beispill virgoen
free dating websites in toronto

Editorial: Mam gudde Beispill virgoen

Et ass scho verwonnerlech, wéi vill Leit – och hei

hook up with a ts
free dating websites in toronto

Kanns du dës Wierder richteg schreiwen?

Wéi all Woch hu mer och haut erëm e puer

15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!
free dating websites in toronto

15. Joer Slowenien an der EU: De Xavier Bettel bei der Zeremonie!

Um vergaangene Mëttwoch huet de Premierminister Xavier Bettel an der

Sécherheet am Enseignement, wat leeft?

2018 huet et 88 Plainte wéinst Gewalt an der Schoul ginn

Sécherheet am Enseignement, wat leeft?

Zu Lëtzebuerg huet d‘Uwennung vu Gewalt ënner Schüler eng nei Dimensioun erreecht, firwat den ADR-Deputéierten Enn Mäerz de Minister fir Bannesécherheet, François Bausch (déi gréng) an den Educatiounsminister, Claude Meisch (DP) mat enger Rei Froe beduecht huet.

An tatsächlech héiert ee vun ëmmer méi Enseignanten datt an de Schoulen d‘Gewalt zum Alldag gehéiert. Dat bezitt sich op all Schoul an d‘Gewalt geet net eleng ënner Schüler ausgeüübt, et soll och scho Léierpersonal betraff sinn. Den Deputéierte wéisst da gären, wéi eng Moyenen dann d‘Enseignante hunn fir deem ze begéinen a wat d‘Schoule fir méi Sécherheet kënne maachen…

Béid Minister, déi dem Deputéierten de 27. Mee schrëftlech geäntwert hunn, domatter den Delai awer op neits net respektéiert hunn, dinn sech awer siichtlech schwéier domatter, déi ugeschwate Gewalt an de Schoulen „statistesch“ ze rezenséieren. „Gewalt ass e vasten Terme, well dorënner kann een Verhalensstéierungen, Pathologië ma och Delinquenz verstoen“, esou d‘Schreiwes.

Zudeem géif sech den Deputéierten ob esouwuel d‘Primärschoul wéi ob de Lycée bezéien, wat d‘Äntwert dann och net méi einfach mécht. Aus dëser geet dann awer ervir, datt et zumindest an de Lycéeën net „dramatesch“ ass, schliisslech wieren d‘Disziplinarprozeduren tëscht 2014 a 2017 réckleefeg:

  • 2014/15 waren et 186 Sëtzungen
  • 2015/16 waren et 151 Sëtzungen
  • 2016/17 waren et 144 Sëtzungen
  • ronn ee Véierel vun dëse Reuniounen huet sech mat Fäll vu Gewalt missen ausenanersetzen.

D‘Servicer „CEPAS“ an „SESPAS“ géife statistesch wuel déi psychologesch Problemer hanner Verhalensopfällegkeeten notéieren, net awer d‘Symptomer repertoriéieren. Ervirzehiewen och, datt Gewalt duerchaus den Ausdrock vu psychescher „Nout“ ass. Heifir misst et en adequate psycho-sozialen Encadrement ginn an déi Moossname wieren an der leschter Legislaturperiod getraff ginn.

Wat déi Fäll betrëfft, déi e juristescht „Nospill“ haten, esou kënnen d‘Minister nëmmen op déi vun der Police zur Verfügung gestalten Donnéeën zréckgräifen. Also eigentlech nëmmen d‘Plainten déi deposéiert goufen, net iwwert der Verlaf oder Ausgang vum Fall. Et ass deemno net gewosst a wéi ville Fäll et zu engem Verfare komm ass, a wéi eng Konsequenzen sech erginn hunn.

Zu de Plainten dann esouvill: 2014 waren et der 70, e Joer drop 71, an 2016 schonn 78, fir dann 2017 nees ofzehuelen (73) an 2018 waren 88 Plainten déi op de Kommissariater am Land opgeholl goufen. Detailer zur geographescher Lokaliséierung vun den „Hotspots“ huet et an der Äntwert net ginn. Et léisst sech net definéieren, wou d‘Gefor am gréissten ass, wat zu Spekulatioune verféiert.

D‘Argument, datt zu Lëtzebuerg nach alles vill besser wier wéi am Ausland, bezitt sech op d‘PISA-Etüd. Als Zousazinformatioun sécherlech net verkéiert, mee am Kontext vun der Fro onglécklech, firwat den Deputéierten elo och nach wëll wësse wou et mat den „Delegéierte fir d‘Sécherheet“ drun ass, wéi eng Formatioun déi duerchlafen a wat dann hir eigentlech Aufgab soll sinn?

Illustratioun: Gewalt, op an der Schoul oder soss anzwousch, huet vill Gesiichter, an net all d‘Verletzunge sinn „ersiichtlech“. © Coco

Ähnlech Sujeten adr, Enseigement, Fernand Kartheiser, Gewalt, Mobbing, Schoul, Sécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel