Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 2
https://moien.lu/y8-dating-dress-up-games/

Weess du, wou dës Uertschafte leien? – 2

Lëtzebuerg ass zwar kleng, mee dat heescht net, datt een

https://moien.lu/spokane-dating-sites/
https://moien.lu/y8-dating-dress-up-games/

https://moien.lu/oregon-law-for-dating-a-minor/

Plënneren, datt kennt ee vun doheem (oder Frënn) an dat

De kuerze Besuch vum Marco Houwen beim Digitaliséierungsminister
https://moien.lu/y8-dating-dress-up-games/

De kuerze Besuch vum Marco Houwen beim Digitaliséierungsminister

De delegéierte Minister fir d‘Digitaliséierung, Marc Hansen (DP) hat de

Fir méi Sécherheet op eise Stroossen

2019 sollen eis Stroossen nees méi sécher ginn, hei gëtt erkläert wéi dat soll ausgesinn

Fir méi Sécherheet op eise Stroossen

Wann een zréck op d‘Joer 2017 bléckt, wou mat 25 Verkéiersaffer d‘Land en historeschen Déifstand erreecht hat, dann hätt ee kënne soen „esou dierf et bleiwen, esou ass et gutt“. Mee d‘Gesellschaft huet hir eege Reegelen, d‘Gewaltbereetschaft ass och am Verkéier méi grouss ginn, dozou kënnt de Stress op der Aarbecht an Doheem. 2018 war folgerichteg ee schwaarzt Joer, dat muss besser ginn.

Dat gesot, muss een drun erënneren, datt wann e sech emol d‘Zuele vun de leschte 40 Joer ukuckt, d‘Joer 2018 mat eppes iwwer 30 Doudeger op eise Stroossen, eigentlech net emol esou e schlecht Joer, am Bezuch op d‘Sécherheet, war. An den 80er Jore vum leschte Joerhonnert, sinn nach all Joers honnerte Mënsche bei Verkéiersaccidenter gestuerwen. An et ware wiesentlech manner Gefierer ënnerwee. Et ass deemno wichteg e bëssi ze relativiséieren: 2018 ass um Niveau vun 2010.

Fir Sécherheet op eise Stroossen ass politesch den Infrastrukturminister François Bausch (déi gréng) zoustänneg. Deen huet elo net op déi schlecht Zuele vun 2018 gewaart – déi souwisou eréischt am Fréijoer offiziell verëffentlecht ginn – fir sech ëm méi Sécherheet op eise Stroossen ze këmmeren. Säit 2016 gëtt et uechtert d‘Land e sëlleche Radaren, an déi hunn op hir eegen Aart a Weis zu enger Verbesserung bäigedroen, well déi meescht op tatsächlech geféierleche Plazen opgestallt goufen.

Et gëtt eemol ze vill Idioten

Wann dës Radaren also e Bäitrag zur Sécherheet sinn, esou gëtt et awer nach emol ze vill Idioten op eise Stroossen. Déi sinn natierlech géigendeeleger Meenung, a knapp dat si laanscht de Radar „gerullt“ sinn, gëtt nees zolidd op d‘Gaspedall getrëppelt. Et huet ee fir näischt méi Zäit, mat der Gedold ass leider och net méi hir, a wann een e Patt iwwert den Duscht gedronk huet, klappt dat mam „Nodenken“ och net méi esou richteg. Dat erzwéngt weider Moossnamen an déi gëtt et och.

Schonn am Hiecht vun dësem Joer dierften déi éischt Tronçon-Radaren optauchen. Et soll awer zu engem Pilotprojet kommen, iert dës Maschinne ganz offiziell hir Aarbecht ophuelen. Déi berechnen dann d‘Moyenne vun der Vitesse, déi en Automobilist tëscht zwee festgeluechte Kontrollpunkten hat. Leider kann een hei och duerno nees de „Champignon“ duerchtrëppelen. Do hëlleft et dann och net, wann e géif, wéi a Frankräich, d‘Vitesse op Landstroossen op 80 Km/H begrenzen.

Stroossen

Och zu Lëtzebuerg si Vitesse an Alkohol déi éischten Ursaach fir Verkéiersaccidenter.

Mee och d‘Infrastrukture musse verbessert ginn, en Job deen d‘Stroossebauverwaltung (Ponts & Chaussées) iwwerhuele muss. An déi hunn och schonn op ville Plazen am Land, sougenannt „geféierlech Verkéierspunkten“ entschäerft. Um Enn sinn et d‘Automobiliste selwer déi fir Sécherheet suerge mussen. Net mam Handy telefonéieren oder Messagen antippen, déi eege Vitesse de Wiederkonditiounen upassen, Alkohol an/oder Drogen hunn hannert dem Steier näischt verluer.

Foto: Entgéint enger allgemenger Meenung, sinn et net ëmmer déi „Jonk“ déi sech beim fueren mat hirem Handy beschäftegen.

Ähnlech Sujeten Accident, Alkohol, Drogen, Radarkontroll, Sécherheet, Stroossen, Stroosseninfrastrukturen, Verkéierssécherheet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel