Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wat soss nach am Land esou lass war
https://moien.lu/wonders-dating/ Neiegkeeten

kostenlose dating apps iphone

Nodeems et schonn e Sonndeg zu Hesper zu engem Brand

hallmark dating
https://moien.lu/wonders-dating/ Neiegkeeten

Jean-Claude Hollerich am 7. Himmel

Hie mécht grad Vakanz a Portugal an ass scheinbar selwer

Editorial: Eng staark Fra mat de falschen Ambitiounen
https://moien.lu/wonders-dating/ Neiegkeeten

Editorial: Eng staark Fra mat de falschen Ambitiounen

Fraen si déi besser Männer! Esou zumindest presentéiert sech déi

Nationale Sécherheetsberoder brauch en neie Job

Washington: Donald Trump schéckt den John Bolton dohinner wou de Peffer wiisst

Nationale Sécherheetsberoder brauch en neie Job

A Bezuch op den Ëmgang mat sengem „Personal“ ass ee beim US-President muenches gewinnt an esou ass et scho bal ee „Fait Divers“ dat den Donald Trump säin nationale Sécherheetsberoder John Bolton zum Récktrëtt opgefuerdert huet. Deen hätt dann och gëschter Moie brav gekënnegt.

Iwwert de „Virgank“ ass net groussaarteg an enger Pressekonferenz oder soss enger Geleeënheet bei där d‘Press uwiesend ass geschwat ginn. Nee den Trump zitt et vir seng Personalentscheedungen op Twitter matzedeelen: „Ech hunn de John Bolton gëschter doriwwer informéiert, datt seng Servicer am Wäissen Haus net méi benéidegt ginn“. De Prinzip „hire & fire“ huet de Milliardär verstanen…

Sécherheetsberoder

Elo muss een dem Mann mam Charisma vun engem chinesesche Sak Räis awer zougestoen, datt si net wierklech villes gemeinsam haten. Dësen alen „Krichsdreiwer“ aus der Bush-Regierung huet sech eng Renommée als aussepoliteschen Hardliner gemaach an hat kierzlech duerchblécke gelooss, datt hien dem Treffe mat Vertrieder vun den Taliban näischt Gutts ofgewanne kann. An dat geet net.

Sécherheetsberoder

De Charles Kuppermann – dee bis ewell dem Bolton säi Stellvertrieder war – soll elo dëst Mandat kommissaresch iwwerhuelen. Eng nei Nominéierung huet den US-President fir déi nächst Woch ugekënnegt. Iwwert de méigleche Successeur vum John Bolton ass nach näischt bekannt, et dierft awer e Kandidat aus dem engen Ëmfeld vum Donald Trump sinn. Iwwerraschung net ausgeschloss.

Bullshit?

Fir den John Bolton stellt sech d‘Situatioun eppes anescht duer wéi se vum US-President no bausse verkläert gëtt. Hie widdersprécht dem Donald Trump a stellt via Twitter kloer, datt dësen net ëm de Récktrëtt gebueden huet, mee hien dësem um Méindegowend seng Demissioun ugebueden hat. Dee wier awer „kuerz gebonne“ gewiescht an hätt gemengt: „Looss ons muer doriwwer schwätzen“.

SécherheetsberoderInteressant an dësem Kontext: Kuerz iert den Donald Trump „gezwitschert“ huet, hat dat Wäisst Haus matgedeelt, datt den nationale Sécherheetsberoder John Bolton zesumme mam Ausseminister Mike Pompeo an dem Finanzminister Steven Mnuchin eng Pressekonferenz virgesinn hat. Dozou ass dann allerdéngs net méi komm, a gären hätt en gewosst wat hannert dem Rideau beschwat gouf.

SécherheetsberoderDatt den nationale Sécherheetsberoder „gegaange ginn ass“ erfreet awer d‘Ajatollahen zu Teheran. Esou huet den Hesameddin Aschena, e Mataarbechter vum iranesche President Hassan Rohani op Twitter gemengt: „Dat ass en däitlecht Zeeche fir d‘Néierlag vun der amerikanescher Strategie, maximalen Drock op den Iran auszeüben. D‘Blockad vum Iran wäert zesummebriechen“. Abee jo…

Foto: © The Hill (courtesy)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, John Bolton, Nationale Sécherheetsberoder, USA, Washington
Nächsten Artikel Virrechten Artikel