Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Budget 2019: Keng Steiererliichterunge fir d‘Konsumenten!
International Neiegkeeten

Budget 2019: Keng Steiererliichterunge fir d‘Konsumenten!

No der Presentatioun vum Budget, dëse 5. Mäerz, muss festgestallt

Clever Solar: Den Turmes am Optrag vun der Sonn
International Neiegkeeten

Clever Solar: Den Turmes am Optrag vun der Sonn

Gëschter huet den Energieminister Claude Turmes nei Detailer zur Campagne

surprise
Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer
International Neiegkeeten

Den OGB-L gesäit bei der neier Fréirentereegelung vill Problemer

A kierzt gëtt an der Chamber iwwert d‘Reform vum Gesetz

Peking setzt Sécherheetsgesetz fir Hong Kong ëm

Peking setzt Sécherheetsgesetz fir Hong Kong ëm

Um haitegen Dënschdeg huet de stännegen Ausschoss vum Vollekskongress dat ëmstriddent Gesetz zum Schutz vun der nationaler Sécherheet zu Hong Kong offizialiséiert. Dëst Gesetz riicht sech all Aktivitéiten, déi vun der Zentralregierung als subversiv, separatistesch an/oder terroristesch kënnen agestuuft ginn. Washington huet scho Géigemoossname versprach.

Nieft deene genannten Haaptpunkten, huet dëst Gesetz awer och déi heemlech Ofsprooche vun den Aktiviste mat auslänneschen Acteuren (an éischter Linn d‘USA a Groussbritannien) am Viséier. Déi demokratesch Oppositioun befiercht zu Recht, vun dësem Gesetz betraff ze sinn. Déi wiert sech géint den ëmmer gréisseren Afloss vu Peking an de Verloscht vun der Autonomie.

Laut der „South China Morning Post“ ass d‘Decisioun vun den 162 Membere vum Ausschoss, eestëmmeg ugeholl ginn. Déi offiziell Confirmatioun vun der Regierung steet zur Stonn nach aus, dierft awer nach am Laf vum Dag nogereecht ginn. D‘Carrie Lam, Regierungscheffin vun Hong Kong, huet d‘Decisioun géintiwwer de Medie bestätegt, wollt awer net op d‘Gesetz agoen.

HongD‘Eenzelheeten zu dësem Sécherheetsgesetz, dat als Unhang an d‘Grondgesetz vun Hong Kong afléisst, ware bis heihinner „streng Geheim“. Laut dem chineseschen Ausseministère soll de Gesetzestext awer schon haut am Nomëtteg (Lokalzäit) zu Peking verëffentlecht ginn. Dëse Schratt dierft um internationale Plang fir eppes Verwerfunge suergen, besonnesch säitens Washington.

Mee d‘Gesetz ass net nëmmen ee Problem fir d‘Bierger vun Hong Kong, déi jo entgéint de Leit vum Festland wesentlech méi demokratesch Rechter genéissen, a bis heihinner zimmlech fräi hir Roserei géintiwwer der Zentralregierung ausdrécke konnten. Si behaapten sech op den Accord, dee sengerzäit vun de Britten ausgehandelt gouf an d‘Stad zur Sonnerverwaltungsregioun gemaach hat.

Et ass dann och richteg, datt dëst Gesetz ee massiven Agrëff an d‘Autonomie vun Hong Kong ass. „Ee Land zwee Systemer“ dat war de Gedanken, an sollt bis 2047 – esou zumindest den Accord – gëllen. Mat dësem Gesetz huet déi chinesesch Zentralregierung allerdéngs och d‘Parlament vun Hong Kong ëmgaangen. Ganz interessant dierft elo d‘Reaktioun vun der EU-Kommissioun sinn…

mat indymedia/tpe

Illustratioun: Mat der „Präbbeli-Revolutioun“ wollt virun allem d‘Jugend vun Hong Kong sech fir den Erhalt vun der Autonomie, Meenungsfräiheet an de Mënscherechter asetzen. Ganz esou Gewaltfräi wéi erhofft, ass dës da schlussendlech net verlaf. D‘Amëschung vu Washington kann een och net wierklech als Hëllefräich bezeechnen. © Erin Song / unsplash

Ähnlech Sujeten Autonomie, China, Hong Kong, Sécherheetsgesetz, Vollekskongress
Nächsten Artikel Virrechten Artikel