Search

You may also like

What the Fakt – D’Paräisser Bluddwoch a seng dausenden Affer!
Neiegkeeten

What the Fakt – D’Paräisser Bluddwoch a seng dausenden Affer!

Scho virun der Zäit vun de Giele Gileten ass et

#VakanzDoheem – Summer an den Naturparken
Neiegkeeten

#VakanzDoheem – Summer an den Naturparken

D’Naturparke vu Lëtzebuerg presentéieren hir Offer un Erhuelung an Erliefnis

Jessica Jones beschäftegt sech an der zweeter Staffel mat senger Vergangenheet
Neiegkeeten

Jessica Jones beschäftegt sech an der zweeter Staffel mat senger Vergangenheet

Ënnert de Marvel Netflix Serien hat Jessica Jones a ganz

Sécherungsaarbechten am Val de Hamm/Polvermillen

Sécherungsaarbechten am Val de Hamm/Polvermillen

D’Stad Lëtzebuerg informéiert doriwwer, datt de Service Forêts dëse Weekend senger Obligatioun zur Sécherung vun de Fielsen am Val de Hamm/Polvermillen, tëscht der Rue de Pulvermühl an der Rue des Peupliers, nogeet.

Val de Hamm

D’Sécherungsaarbechten dauere vu Samschdes, de 15. Februar um 6:00 Auer bis Sonndes, de 16. Februar um 20:00 Auer an droe folgend Ännerungen am Verkéier mat sech:

  • De Val de Hamm gëtt tëscht der Rue de Pulvermühl an der Rue des Peupliers a béid Richtunge gespaart. Den Trafic, dee vun der Autobunn A1 oder der Autobunn A7 kënnt, gëtt iwwert de Kierchbierg an de Stadzentrum ëmgeleet;
  • Persounen, déi am Garer Quartier ënnerwee sinn an op de Fluchhafe musse sollen iwwert de Pont Buchler an den Irgäertchen a Richtung Kierchbierg fueren, uschléissend d’Autobunn A1 befueren an d’Sortie Aéroport huelen.
  • Awunner vum Val de Hamm an der Polvermillen gëtt den Accès wärend den Aarbechten zu all Zäit garantéiert. D’Stad Lëtzebuerg këmmert sech ëm déi noutwenneg Beschëlderung.
  • D’Linnen 7 an 29 ginn tëscht Verlorenkost-Lavoisier (Linn 7), respektiv Gare-Rocade (Linn 29) an Cents-Hamm Halte CFL a béid Richtung iwwert Hamm ëmgeleet. D’Haltestellen Al Molkerei (Linn 29), Général Patton an Hammerdällchen (Linnen 7 an 29) falen ewech.
  • De Quartier Polvermillen gëtt vun enger Navette ugefuer, déi tëscht den Arrêten Gare-Rocade a Pulvermuhl-Hammerdällchen zu folgenden Zäite fiert:

Val de Hamm

  • D’Linn CN3 fiert just bis op Hamm mam Terminus Hamm-Schoul. D’Haltestell Hamm-Kierch, Peupliers, Pulvermuhl-Hammerdällchen a Général Patton falen ewech.

Et entschëllegt ee sech schonn am viraus fir eventuell Onannehmlechkeeten.

Related topics Bus, CN3, Deviatioun, Ëmleedung, Linn 29, Linn 7, Polvermillen, Sécherungsaarbechten, Service Forêts, Stad Lëtzebuerg, Val de Hamm, Verkéier
Next post Previous post