Wéi eng Zukunft fir d‘Spidol „Prinzessin Marie-Astrid“?
D‘Spidol „Prinzessin Marie-Astrid“ zu Nidderkuer ass extreemst Asbest-Belaascht, a soll
D‘Spidol „Prinzessin Marie-Astrid“ zu Nidderkuer ass extreemst Asbest-Belaascht, a soll
An der Nuecht op en Donneschdeg huet d‘Regierung mam Ministerpresident
Ausgerechent bei enger Gedenkfeier zum Éischte Weltkrich rifft den ungareschen Autokrat eemoleg
Vum 26. Oktober bis de 25. November ginn d’Lëtzebuerger invitéiert fir sechs Lidder aus hirer Heemecht erauszesichen, déi si an der alleréischter Sammlung vu Lidder aus der europäescher Unioun „The EU Songbook“ representéieren.
Vun deenen 400 a jee 6 Kategorien nominéierte Lidder, ginn der 60 zeréckbehalen. D’Lidder gi souwuel vu Sänger, wéi och vu Museksstudenten erausgewielt. Bis ewell goufen 108 Lidder an d’Sammlung vu Lidder aus der EU integréiert. Si goufe vu méi wéi 32.000 Persounen aus 18 Uniounsmemberlänner, déi scho gewielt hunn, erausgesicht. Dës Sammlung gouf vun enger dänescher Organisatioun, ouni lukratiivt Ziel, déi kee Lien mat den europäeschen Instanzen huet, initiéiert.
Bis ewell goufen 108 Lidder an d’Sammlung vu Lidder aus der EU integréiert. Si goufe vu méi wéi 32.000 Persounen aus den éischten 18 Uniounsmemberlänner, déi scho gewielt hunn, erausgesicht. Elo ass et un de Lëtzebuerger, déi 19. Populatioun, déi zum Vott opgeruff gëtt. De Vott fir d’Lëtzebuerger Lidder gëtt op der Startsäit vum Site www.eu-songbook.org an www.eu-songbook.org op Franséisch an op Lëtzebuergesch ofgehalen.
Déi sechs Kategorien, déi vu 17 Museksakademien aus 14 EU-Memberstaaten definéiert goufen, sinn déi folgend: Léift, Natur & Joreszäiten, Fräiheet a Fridden, Vollekslidder, Lidder, déi de Glawen zum Thema hunn a Kannerlidder.
Vun deene 400 Lidder, déi a sechs Kategorien souwuel vu Chorallen vun den zwou Chorallesorganisatiounen, der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) an dem Institut Européen de Chant Choral Luxembourg (INECC), wéi och vu Musekstudenten a -Professeren vum Conservatoire de Luxembourg erausgewielt ginn, bleiwen der siechzeg am Rennen. Déi zwee Chefredakteren vum „Songbook vun der EU“ fir Lëtzebuerg – Robert Köller, UGDA, an Arend Herold, INECC, – hunn eng final Lëscht vun deene Lidder, déi de Lëtzebuerger presentéiert ginn, editéiert. Commentaire vum Editeur, Robert Köller, UGDA, wat d’Initiativ ugeet:
“Dës Sammlung vu Lidder aus alle Länner vun der EU, erausgewielt vun hire Bierger, ass eng enorm Aarbecht déi vun engagéierte Fräiwëllege gemaach gouf, déi eisen Dank verdéngen. Si wäert et erlaben, am Betrib vun eise Chéier, an awer och am Schoulwiesen, Gemeinsamkeeten an Partikularitéiten vun all dëse Natiounen spierbar ze maachen”.
D’Sammlung u Lidder aus der EU ass en demokratesche Projet, e Virreider, dee sengesgläichen an der Geschicht vun der Unioun sicht. E gouf vun enger dänescher ONG initiéiert, déi kee wirtschaftlechen oder finanzwirtschaftleche Lien mat Bréissel huet, eng Eegenschaft, déi staark vum ehemolegen däneschen Europakommissär Ritt Bjerregaard appreciéiert gëtt: „Eng finanziell Hëllef vun der Kommissioun ze kréien, hätt de Projet denaturéiert!“. Doriwwer eraus huet de Projet an Dänemark, doduerch, datt an dëser Sammlung national mat europäesch Gefiller verbonne ginn, ganz onerwaart Politiker vun alle Richtungen zesummebruecht. Säi Fondateur, de Jeppe Marsling (gebueren 1974) gëtt eis weider Detailer zu dëser Initiativ:
„Mir, déi 27 Populatiounen aus der EU, wëssen zimlech wéineg ee vun deem aneren! Geschätzte Vollekslidder ze deelen schéngt eng effikass Manéier ze sinn, sech besser kennenzeléieren“
Déi éischt Editioun vun der Sammlung soll am Dezember 2019 publizéiert ginn. Si wäert 162 Lidder enthalen, déi souwuel an hirer Originalversioun wéi och op Englesch gedréckt ginn. En eventuelle Gewënn ass fir d’Publikatioun vun enger zweeter Editioun vun der Sammlung reservéiert, dës Kéier an de 24 Sproochen vun der Unioun, fir dass jiddwereen, onofhängeg vun der Maîtrise vum Engleschen, d’Liddertexter och sangen a verstoe kann.
A ganz geschwënn wäerte mer déi sechs Lidder kennen, déi vun de Lëtzebuerger erausgesicht goufen, fir si ze representéieren.
D’Sammlung vu Lidder aus der Europäescher Unioun
D’European Union Songbook Organisation ass am Januar 2015 vun dräi Dänen an engem Italiener gegrënnt ginn. Fir méi Informatiounen iwwer hire Parcours, kuckt op www.eu-songbook.org.
Déi sechs nominéiert Lidder
Déi sechs Musekskategorien goufen a Kollaboratioun mat 17 Museksakademien a Museksfakultéiten aus 14 EU-Memberstaaten festgehalen
400 Lëtzebuerger Lidder a sechs Kategorien goufen vun de Chorallen vun den zwou Organisatiounen vu Choristen, der Union Grand-Duc Adolphe (UGDA) an dem Institut Européen de Chant Choral Luxembourg (INECC), a vu Museksstudenten a -Professeren aus dem Conservatoire de Luxembourg nominéiert.
Déi zwee Chefredakteren vum „Songbook vun der EU“ fir Lëtzebuerg – Robert Köller, UGDA, an Arend Herold, INECC – hunn déi final Lëscht vu Lidder, déi de Lëtzebuerger presentéiert wäert ginn, editéiert.
Kategorie Léift
Kategorie Natur a Joreszäiten
Kategorie Vollekslidder
Kategorie Vollekslidder
Kategorie Glawen
Kategorie Kannerlidder
Wou kann een wielen?
De Vott vun de Lëtzebuerger Lidder gëtt op Franséisch a Lëtzebuergesch op der Startsäit vum Site www.eu-songbook.org ofgehalen a bleift op bis de 25. November.