Search

You may also like

money
De Mindestloun ass sécher
International Money Neiegkeeten Stories

De Mindestloun ass sécher

Et soll keen an dëse schwieregen Zäiten déi eis d‘Land

money
Wou ass d‘Fräihandelsofkommes tëscht der EU a Singapur drun?
International Money Neiegkeeten Stories

Wou ass d‘Fräihandelsofkommes tëscht der EU a Singapur drun?

Den asiatesche Maart ass fir déi europäesch Unioun e wichtegen

Ëmweltwoch an der Gemeng Contern
International Money Neiegkeeten Stories

Ëmweltwoch an der Gemeng Contern

Et ass e gëllege Programm deen sech d‘Gemeng Contern fir

money

USA: Sechs Millioune Chômeure bannent enger Woch (Analys)

USA: Sechs Millioune Chômeure bannent enger Woch (Analys)

Amerika, dat Land vun deem den Donald Trump behaapt et wier dat bescht, well et do déi daperst Mënschen, Fuerscher an Doktere gëtt, huet e Problem: d‘Pandemie vum „Wuhan-Virus“, wéi der Welt gréissten Diplomat aller Zäiten de Covid19 ëmbenannt huet.

Chômeure

Säit de Milliardär, dee bekanntlech virun allen aneren, och oder besonnesch den Europäer, wousst, datt dës Infektiounskrankheet zu enger Pandemie mat dausenden Doudege géif féieren a sech selwer zum „Krichspresident“ erhuewen huet, dunn en Noutstandsgesetz aus de 50er Joren aus den Archiven ervirgeholl gëtt, ass nees alles gutt… also eigentlech, wëll gutt ass et just fir déi Räich.

E kuerze Bléck op de wirtschaftlechen Impakt vun der sanitärer Kris déi aner Säit vum grousse Pull, erënnert onweigerlech un déi grouss Depressioun vun 1929. Esou hunn eleng an dës Woch, bezunn op déi offiziell Zuelen, 6,6 Milliounen Amerikaner hir Aarbecht verluer an Aarbechtslosenhëllef ugefrot. De Donnie seng Rechekënschtler ware vun 3,1 Milliounen Demandeuren ausgaangen…

ChômeureBlöd just, dat et schon déi virecht Woch 3,3 Milliounen Anträg ginn huet. Elo zwou Wochen nodeems d‘Kris och der Welt dommsten – a sécherlech och arrogantste – Regierung opgedrängt huet sinn et „offiziell“ scho bal 10 Milliounen. Rechent een dozou nach eng realistesch awer wierklech existéierend Donkelziffer derbäi, dann ass de Chômage vun 1,5% op 10% geklommen.

D‘Kapital lieft vun der Aarmut

Eng Tendenz déi wuel nach – esou d‘Previsiounen – iwwert déi nächst Wochen unhale wäert. Och am Etat-Major vum zweete „GröFaZ“ aller Zäiten ass dës Erkenntnis ukomm an de Milliardär huet elo ee Problem ze léisen, dee hie mat vill Geschéck an Intelligenz ganz gekonnt selwer geschafen huet. Mee och déi wirtschaftlech Verännerungen am leschte Joerzéngt hu hiert derzou bäigedroen.

Amerika ass vu der „Wirtschaftsproduktioun“ zur „Déngschtleeschtung“ iwwergaangen. Wann awer esou ee Secteur vum „Kontakt“ lieft, an dësen ënnersot gëtt, da sinn d‘Wëndele séier voll. Zudeem hunn d‘USA, wou de Mënsch no sengem Bankkonto an der Kreditwierdegkeet beuerteelt gëtt, et fäerdeg bruecht, datt „fest Aarbechtsverhältnisser“ esou gutt wéi ganz verschwonne sinn.

ChômeureElo kënne vill Amerikaner sech glécklech schätzen, datt Wahlkampf ugesot ass, an de misogyne Rassist säi Bail am Wäissen Haus mat aller Gewalt an alle Mëttel verlängere wëll. Hien huet déi lescht Woch ee Rettungspak (den him schonn eppes opgezwonge gouf) vun zwou Billiounen US-Dollar ënnerzeechent, vum deem och eppes bei deene Lande soll, déi den Job verluer hunn.

Et ass net emol d‘Spëtzt vum Äisbierg

Vill Amerikaner hunn, wann se den eligibel sollte gewiescht sinn fir eng Chômageindemnitéit ze kréien, 400 US-Dollar an der Woch kritt. Dat soll elo op 600 US-Dollar opgestockt ginn. Eng Annonce déi en Ustuerm op d‘Internetsäit, wou ee säin Antrag stelle kann, ausgeléist an zum erleie bruecht huet. Fakt ass hei allerdéngs och, datt „vill“ Demandeuren absolut net „eligibel“ sinn.

An engem Land, wou sech d‘Vollek hannert d‘Fuerderung vum Leader „America First“ gestallt huet an eng allgemeng Krankekeess fir eng kommunistesch Gäissel hält, lieft d‘Wirtschaft primär vun der Nofro am Land selwer. Zweedrëttel vun der Wirtschaftsleeschtung an Amerika gi vun de Konsumenten assuréiert. Déi friessen a Kierzt de Mastic aus de Fënsteren a si selwer Schold…

Chômeure

Säit der Kris mam Covid19, ass dem Chef vun Amazon säi private Besëtz ëm 5 Milliarden US-Dollar ugewuess. Just fir kloer ze stellen, datt sech Geld net a Loft opléist, mee just de Besëtzer wiesselt.

Wann elo net méi ausgibeg konsuméiert gëtt, brécht dat wat si „Wirtschaft“ nennen zesummen. Et wäerten sech nees Bänker suicidéieren, Vollekskichen an de Quartieren entstoen an d‘Gewalt esou och exponentiell klammen. Ee Chômagetaux vun 30% bis Enn Abrëll kléngt iwwerdriwwen, ass awer ganz reell. A wann se ganz vill Gléck hunn, rutschen se nëmmen an eng kleng Depressioun…

mat indymedia/was/nyc

Related topics Chômage, Coronavirus, Covid19, Depressioun, Donald Trump, GröFaZ, Krichspresident, USA
Next post Previous post