Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
G7 Sommet: Tëscht Konsens a Status Quo
Neiegkeeten

G7 Sommet: Tëscht Konsens a Status Quo

Um Freideg huet zu Taormina a Sizilien de G7 Sommet

Wann ee mat Sue kee Geld méi verdénge kann, muss um Personal gespuert ginn
Neiegkeeten

Wann ee mat Sue kee Geld méi verdénge kann, muss um Personal gespuert ginn

De Verband vun de Banken a Banquieren (ABBL) déi um

surprise
Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima
Neiegkeeten

Bréissel: d‘Studente maache Blo a marschéiere fir de Klima

Laut den Autoritéite waren si zu hirer 12.000, fir d‘Organisateure

Qualitative Wuesstem dank engem staarke Secteur vun de Gesondheetstechnologien

De Secteur vun de Gesondheetstechnologien zielt 131 Entreprisen zu Lëtzebuerg

Qualitative Wuesstem dank engem staarke Secteur vun de Gesondheetstechnologien

Bei der Konferenz „Health Technologies @ Luxembourg – Shaping the Future Together“, déi de 15. Januar vum Wirtschaftsministère am „House of BioHealth“, zesumme mat den Experte vum „BioHealth Cluster“ an „Luxinnovation“ organiséiert ginn ass, hunn déi 120 Participanten en detailléierten Iwwerbléck vum nationale Secteur vun de Gesondheetstechnologien erhalen.

De Secteur vun de Gesondheetstechnologien huet 2016 zu Lëtzebuerg eng Plus-value vun 175 Milliounen Euro generéiert. Dat entsprécht 0,38% vum Bruttoinlandprodukt (BIP). De Secteur regruppéiert aktuell 131 Entreprisen an huet 2016 ronn 1.600 Persoune beschäftegt. 80% vun de Salariéeën hunn a Strukture geschafft, wou manner wéi 10 Mënschen agestallt sinn.

Opgrond vun der Zesummenaarbecht tëscht dem Wirtschaftsministère, dem Observatoire vun der Kompetitivitéit, dem BioHealth Cluster, an dem Departement „Market Intelligence“ vu Luxinnovation, konnt bei dëser Konferenz och eng Kartographie vum nationale Secteur vun de Gesondheetstechnologie virgestallt ginn. Déi erlaabt e gudden Iwwerbléck, heescht et.

„Mat dëser Kartographie, verfüügt de Ministère iwwert eng Referenz fir den Impakt vu senger Strategie a senger Politik ze definéieren, déi drop ausgeriicht ass d‘Zukunft vum Secteur vun de Gesondheetstechnologien, deen als eng vun den Haapt Achse vun der prioritärer Entwécklung zur Diversifizéierung vun der nationaler Ekonomie betruecht gëtt“, esou d‘Françoise Liners.

Gesondheetstechnologien

D‘Chargée de Direction vun de Gesondheetstechnologien am Wirtschaftsministère betount: „Fir d‘Zukunft vum Secteur, gëtt e besonneschen Akzent op d‘Entwécklung vun de Gesondheetstechnologie geluecht, déi zou enger intelligenter an nohalteger Ekonomie bäidroen“. Eng Ausso déi beim CEO vu Luxinnovation, Sasha Baillie, vill Zousproch fonnt huet.

„Mat der Zounam vum Impakt vun de chronesch Krankheeten, der Populatioun déi ëmmer méi al gëtt an der Wichtegkeet vun der Preventioun an den ambulanten Traitementer, ass de Secteur an enger stänneger Evolutioun. All d‘Entreprisen aus dem Secteur mussen sech séier op Changementer an der medezinescher Praxis astellen“, esou de CEO vu Luxinnovation.

Hie füügt nach bäi: „D‘Opkomme vun numeresche Léisungen dréit zu de Changementer bäi, mee ass och zweiwelsfräi als Liwwerant vu Léisunge vir de Secteur unzegesinn“. Luxinnovation geréiert de BioHealth Cluster, deem seng Aufgab et ass, d‘Entreprisen an d‘Industrie vun der Technologie an de Beräicher: Medezin, Pharmacie, Biotechnologie, Diagnostik a Gesondheet ze verbannen.

mam SIP

Foto: Françoise Liners, Chargée de Direction vun de Gesondheetstechnologien am Wirtschaftsministère. © Marie de Decker/House of BioHealth

Ähnlech Sujeten Gesondheetstechnologien, House of BioHealth, Luxinnovation, Sasha Baillie, Wirtschaftsministère
Nächsten Artikel Virrechten Artikel