Search

You may also like

Monte-Carlo: Keng Chance fir den Dylan Pereira
International Neiegkeeten

Monte-Carlo: Keng Chance fir den Dylan Pereira

De leschte Weekend hat de Lëtzebuerger Pilot vum Momo Megatron

Editorial: Youth for Climate – Méi Eegeninitiativ fir de Klima!
International Neiegkeeten

Editorial: Youth for Climate – Méi Eegeninitiativ fir de Klima!

Déi schwedesch Klima-Aktivitstin Greta Thunberg ass d’Virbild vun der globaler

Fonds-de-Gras: 50 Joer sinn ee laangen Dag
International Neiegkeeten

Fonds-de-Gras: 50 Joer sinn ee laangen Dag

Den „Train 1900“ a soumat de Minettpark hunn e Sonndeg

Séinoutrettung: Nach ëmmer vill lass um Mëttelmier

Séinoutrettung: Nach ëmmer vill lass um Mëttelmier

D’Sea-Eye-Rettungsschëff Alan Kurdi geet no enger Zwangspaus vu 4 Méint erëm an den Asaz. Et huet e Freideg, den 11. September den Hafe vu Burriana verlooss. Déi italienesch Autoritéiten haten d’Schëff no der Rettung vun 150 Mënsche wärend der Coronakris Ufanks Mee a Palermo festgesat.

Mëttelmier

sea-eye / Twitter

Am August huet Sea-Eye géint dës Dot eng Klo virum Verwaltungsgeriicht a Palermo agereecht, d’Uerteel steet nach aus. D’Festsetze vum Schëff huet 3 Asätz verhënnert a soumat Mënscheliewe kascht. IOM seet, datt an dësem Zäitraum 252 Mënschen erdronk sinn.

Direkt no der Festsetzung huet d’Flaggenstaatsbehörde vum Däitschland bestätegt, datt d’Schëff Alan Kurdi korrekt ausgestatt an zertifiéiert ass. Sea-Eye huet dës Zwangspaus genotzt fir technesch Verbesserungen um Schëff auszeféieren.  Nodeems spuenesch Autoritéiten alles kontrolléiert hunn, krut d’Alan Kurdi d’Erlaabnis nees a Séi ze stiechen.

Kritik um däitschen Engagement

Nom Brand am Flüchtlingslager Moria mécht Sea-Eye senger Roserei Loft. “Déi ‘europäesch Léisung’ ass e Mäerchen, datt do nach eppes Guddes kënnt. Déi tatsächlech, europäesch Léisung gesi mir säit 5 Joer. 20.000 Doudeger am Mëttelmier, 12.000 am Moria-Lager internéiert an 69 Ofschiebungen zum 69. Gebuertsdag vun onsem Inneminister”, seet de Gordon Isler zum Engagement der Regierung wéinst der Brandkatastroph.

Mëttelmier

sea-eye / Twitter

Vun däitscher Säit aus, ass geplangt bis zu 150 Kanner vu Lesbos ze evakuéieren. De Bundesinneminister nennt dat ënnert anerem en “Akt praktizéierender Nächsteléift”. Fir déi aner Flüchtlinge gëtt et nach keng Léisung.

Mëttelmier

Sea-Watch / Twitter

Absurd Grënn zwéngen d’Aktiounen zum Stopp

Och Sea-Watch huet mat Problemer ze kämpfen. Den Opklärungsfliger setzt zu Lampedusa fest, well en ze vill Stonne am Asaz war. Gläichzäiteg gëtt d’Rettungsschëff Sea-Watch 3 a Porte Empedocle blockéiert. De Virworf: et gëtt ze vill Schwammwesten a Passagéier u Bord.

Obwuel dës Grënn absurd sinn, gëtt befiercht, datt d’Sea-Watch 4 mat ähnleche Motiver blockéiert gëtt.

Am Moment ass d’Schëff viru Palermo positionéiert, d’Crew gouf negativ op Corona getest a bereet sech drop vir, geschwënn erëm a Richtung Mëttelmier opzebriechen, wou se dringend gebraucht gëtt.

Mënschen, déi am zentrale Mëttelmier stierwen, gehéieren zur der ekelhafter Politik vun Europa. Si brauche Fligeren. Si brauchen Hänn a Schëffer. A si wäerten hire Kampf net opginn, fir datt kee méi am Mëttelmier erdrénke muss.

Opmaacherbild: D’Alan Kurdi dierf zeréck an den Asaz © Sea Eye

Related topics Alan Kurdi, Brand, Europa, Flüchtlingen, IOM, Mëttelmier, Moria, Nächsteléift, Palermo, Politik, Rettungsschëff, Sea-Eye, Sea-Watch4, Séinoutrettung
Next post Previous post