Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

OUT OF THE CROWD Festival: Beak a Built To Spill als Headliner!
International Neiegkeeten

OUT OF THE CROWD Festival: Beak a Built To Spill als Headliner!

Déi 16. Editioun vum Out Of The Crowd Festival fënnt

WikiLeaks-Informantin Chelsea Manning a Beugehaft
International Neiegkeeten

WikiLeaks-Informantin Chelsea Manning a Beugehaft

D‘Chelsea E. Manning hat als Bradley Edward Manning fir d‘US-Arméi

Editorial: Macron a Bettel, et géif een hinnen hir gutt Absichten esou gäre gleewen
International Neiegkeeten

Editorial: Macron a Bettel, et géif een hinnen hir gutt Absichten esou gäre gleewen

Um Donneschdeg war de franséische President Emmanuel Macron den Invité

Am Asaz fir Mënscheliewen – d’Séinoutrettung muss bestoe bleiwen!

Am Asaz fir Mënscheliewen – d’Séinoutrettung muss bestoe bleiwen!

Virgëschter huet déi Europäesch Kommissioun mat Drock op déi rechtspopulistesch italienesch Regierung ugekënnegt, d’Séinoutrettung auszesetzen a just nach op Loftopklärungen an d’Ausbildung vun der libescher Küstewuecht am Kader vun der „Operation Sophia“ ze setzen. D’Moossname gi mam gescheiterte Verdeelungsmechanismus vun de Flüchtlingen ënnert den EU-Länner begrënnt.

Demno kënnen elo keng Mënscheliewe méi gerett ginn. D’Warscheinlechkeet steigt, datt d’Zuel vun den Doudegen am Mëttelmier wuel signifikant klamme wäert. De Meris Sehovic, Spriecher vun déi jonk gréng, erkläert: „Dëst ass ee weidere Schrëtt hin zu enger mënscherechtsonwierdeger, repressiver Geflüchtetepolitik an Europa. Als jonk Gréng stelle mir eis dem weiderhi konsequent entgéint. Mir sti fir een Europa vun der Solidaritéit, dat Mënsche Schutz gëtt, déi viru Krich, Honger, Verfolgung, Gewalt a Klimaverännerunge flüchte mussen. Mir mussen dringend legal Fluchtweeër erméiglechen, fir illegal Schlepperbanden de Geschäftsmodell ze zerstéieren a Mënsche virum Erdrénken am Mëttelmier ze schützen.“

D’Jessie Thill, Spriecherin vun déi jonk gréng, ergänzt: „D’EU-Memberstaate mussen sech endlech op ee faire Verdeelungsmechanismus eenegen. Regierungen, déi sech konsequent weigeren, sech un der Opnam vu Flüchtlingen ze bedeelege, musse mat enger Verréngerung vun EU-Fërdergelder sanktionéiert ginn. Dës sollen dann a Kommunen an zivilgesellschaftlech Gruppen an de betraffene Länner fléissen, déi sech solidaresch mat Flüchtlinge weisen.“

D’Tanja Duprez, Direktiounsmember vun déi jonk gréng, ënnersträicht, datt si fir een Europa stinn, dat Fluchtursaachen an net d’Flüchtlinge bekämpfe wëll. Dofir fuerderen si d’Opkënnegung vun der Zesummenaarbecht mat der lybescher Küstewuecht. D’EU dierf net weiderhin a Kaf huelen, datt Flüchtlingen um Mier attackéiert an a Libyen an onmënschleche Verhältnisser festgehale ginn.

Ähnlech Sujeten déi jonk gréng, EU, Flüchtlingen, Libyen, Séinoutrettung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel