Search

You may also like

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President
Neiegkeeten

Déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg hunn en neie President

Um Samschdeg haten déi jonk Sozialiste Lëtzebuerg (JSL) zu Esch-Uelzecht

OPGEPASST: Réckruff vum Schockelasbotter vu „Boerinneke“
Neiegkeeten

OPGEPASST: Réckruff vum Schockelasbotter vu „Boerinneke“

D’Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet gouf vun der Societéit Delhaize informéiert, datt de

Eng Fläsch fir de gudden Zweck: Cuvée „Schueberfouer“ 2018
Neiegkeeten

Eng Fläsch fir de gudden Zweck: Cuvée „Schueberfouer“ 2018

E gudde Cremant fir de gudden Zweck, datt ass eng

E sektorielle Kollektivvertrag fir den Eenzelhandel

Am Handel sinn eng 25.000 Leit beschäftegt an fir deenen hir Interesse wëll den OGBL elo astoen

E sektorielle Kollektivvertrag fir den Eenzelhandel

Wann et sech net mat Sécherheet soe léisst, wéi vill Salariéeën aus dem Eenzelhandel sech an enger Gewerkschaft engagéieren, esou heescht dat net, datt ee sech beim OGBL keng Gedanken iwwert hir Interessen a Rechter géif maachen. An esou huet de Syndikat Handel elo eng nei Campagne fir e sektorielle Kollektivvertrag lancéiert an hofft och nei Memberen ulackelen ze kënnen.

An de gutt 3.000 Betriber schaffen eng 25.000 Mënschen. Déi mécht Geschäfter beschäftegen awer manner wéi 5 Mataarbechter, firwat et kaum méiglech ass, an dëse Strukturen e Kollektivvertrag op d‘Been ze stellen. Am Secteur vum Eenzelhandel gëtt läit den Taux vun de Kollektivvertrag bei 40%, wat schonn ersiichtlech mécht, firwat ee sektorielle Kollektivvertrag wierklech wichteg ass.

Bei der Presentatioun vun der Campagne leschten Donneschdeg, huet den Zentralsekretär Handel, David Angel, nach emol drop higewisen, datt déi duerch de Covid19 ausgeléiste Kris, virun allem déi kleng Betriber – besonnesch wa se net „essentiell“ waren – zolidd an d‘Laberente bruecht. Déi hu generell scho genuch mam Onlinehandel ze kämpfen, mee och déi „Grouss“ dinn hinne wéi.

Esou geet den David Angel emol op d‘Gréisseverhältnesser an. Zu Lëtzebuerg gëtt et ronn 1,2 Millioune Quadratmeter Verkafsfläch. Ëmmer méi Supermarchéeën an Akafszenter op der grénger Wiss, setzen d‘Geschäfter an de Stied ënner Drock. Geschäfter déi disproportionéiert méi Loyer ze entriichten hunn, och wann d‘Fläch an de groussen Akafszenter elo net wierklech geschenkt ass.

Einfach nëmmen d‘Plaz besetzen

Mee och déi „Grouss“ mierken datt sech d‘Konsumverhale vun de leit verännert huet. Esou wéi den neien Akafszenter op der Cloche d‘Or, oder de Cactus tëscht Diddeleng a Beetebuerg. Si dinn sech schwéier d‘Clienten an hir Haiser ze lackelen, wat zu engem „Krich vun de Standuerter“ féiert an natierlech um Réck vun de Beschäftegten ausgedroe gëtt. An dat hëlt zuweile komesch Formen un.

Elo behaapt den David Angel, datt vill Enseignen sech Standuerter séchere wëllen, wëll si dovunner ausginn, datt déi lokal demographesch Entwécklung hinnen an d‘Hänn spillt. Et géif esouguer do investéiert, wou ersiichtlech ass, datt et net klappe wäert. Mee et wëll ee wéi gesot d‘Plaz besetzen, fir datt d‘Konkurrenz et guer net eréischt versicht. Dat ass pur Spekulatioun, de volle Risiko…

Net ze vergiessen, datt d‘Entreprisen – an all deene wou et méiglech ass – sollen den Télétravail privilegiéieren. Dat wierkt sech, wéi een et androcksvoll op der Cloche d‘Or mee och zu Esch-Belval feststelle kann, massiv op den Ëmsaz aus. Hei ass ze bedenken, datt déi nei Akafszenter wéi den Hamilius, d‘Cloche d‘Or oder Belval sech positiv op den Aarbechtsmaart ausgewierkt hunn.

Och d‘Groussregioun berécksiichtegen

Wann elo bei eis Aarbechtsplaze geschafe goufen, esou den OGBL-Zentralsekretär, da sinn der anerwäerts verluer gaangen. Alles hänkt jo iergendwéi zesummen a wann een de Bléck op déi gesamt Groussregioun riicht, da kann ee feststellen datt et Handel am Iwwerfloss gëtt. Dat huet ewell éischt Repercussiounen a de gréissere Lokalitéite wéi Diddenuewen an/oder Metz.

Mee och bei eis am Land dinn sech Stied a Gemenge schwéier den Eenzelhandel an hiren Zentren ze behalen. Ee Bléck zu Esch – do huet den OGBL säi Sëtz – geet duer fir ze gesinn, wat et fir eng Akafsstrooss bedeit, wann d‘Geschäfter eent nom aneren de Schlëssel ënnert den Teppech leeën. Do wiere Stied wéi Diddeleng a Beetebuerg eendeiteg besser opgestallt, wat d‘Attraktivitéit ugeet.

D‘Gewerkschaft huet dann eng Rei Virschléi, mat deenen de Secteur vum Eenzelhandel besser ka geschützt ginn. Sécherlech ziilt de sektorielle Kollektivvertrag emol op de Schutz vun de Salariéeën of. D‘Fuerderung en dräijärege Moratoire fir nei Akafszenter anzeféieren, fir de klengen Entreprisen eppes Loft ze verschafen, gëtt awer och enger Demande vun de klenge Patrone Rechnung gedroen.

Et huet selbstverständlech och Virschléi

Zudeem wier et noutwenneg per Gesetz d‘Loyere fir op mannst déi nächst dräi Joer anzefréieren. Wou et méiglech ass, kënnen och Akafsbongen, fir eben déi eege Geschäfter um Liewen ze erhalen, en Deel vun der Léisung sinn. Eng déck Noss ze knacken, huet den OGBL bei senger Fuerderung endlech kloer Verhältnisser bei den Aarbechtszäiten an dësem Secteur ze schafen.

Firwat den David Angel elo net vun der Regierung gefuerdert huet, den Onlinehandel vun Amazon a Konsorte méi staark ze besteieren – also eigentlech iwwerhaapt emol ze besteieren – fir all de klenge Geschäfter nees méi Kompetitivitéit zouzegestoen ass elo net gewosst. Gewosst ass awer, datt de Lex Delles (Mëttelstand) an den Dan Kersch (Aarbecht) sech op Besuch astelle sollten.

Wierklech vill Spillraum hunn awer och d‘Ministeren net, et huet do jo och EU-Direktiven. Reegele wou et anzehale gëllt, wann ee sech net viru Geriicht wëll musse rechtfäerdegen. E Moratoire fir nei Akafszenter dierft rechtlech kaum duerchzesetze sinn, och wann d‘Argumenter absolutt zoutreffend sinn. De sektorielle Kollektivvertrag wier dogéint awer och am Interessi vun de Patronen…

Illustratioun: Den Eenzelhandel zu Lëtzebuerg steet zolidd ënner Drock. Zum enge fält et dem Secteur schwéier sech géint den Onlinehandel ze behaapten, d‘Loyeren an de Stied – besonnesch am Stadkär – sinn exzessiv a ville Gemenge geléngt et net, d‘Geschäftsstroossen attraktiv ze gestalten. Zum aneren huet ze vill Akafszenter a Supermarchéeën, déi bei Covid19-Mesuren och däitlech am Virdeel sinn. © Martine de Lagardère / moien.lu

Related topics Akafszenter, David Angel, Eenzelhandel, OGBL, sektorielle Kollektivvertrag, Supermarchéeën, Syndikat Handel
Next post Previous post