Search

You may also like

Chamber: Kanada ass wéi Lëtzebuerg, just eppes méi grouss
International Neiegkeeten

Chamber: Kanada ass wéi Lëtzebuerg, just eppes méi grouss

Den Ausseminister wollt den Debat am Kontext vun de Gesetzer

Den 11. Mee gëtt Netflix ëm eng Teenie-Komödie mi räich
International Neiegkeeten

Den 11. Mee gëtt Netflix ëm eng Teenie-Komödie mi räich

Mëttlerweil vergeet kaum eng Woch, ouni datt net en neie

Gitt dem Virus keng Chance
International Neiegkeeten

Gitt dem Virus keng Chance

Um Donneschdeg hunn d‘Gesondheetsministesch an de Premierminister sech zur 2.

Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!

Katalane protestéieren zu Madrid géint de Prozess vun den Separatisten

Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!

De Prozess deen d‘Regierung zu Madrid géint déi katalanesch Separatiste féiert, huet eng nei Form erhalen. Nom Generalstreik a Katalounien, un deem laut den Organisateuren 200.000 Leit deelgeholl, waren d‘Katalane gëschter op e neits géint de Prozess vun den Separatisten op d‘Strooss gaangen. Dës Kéier allerdéngs net zu Barcelona, mee direkt zu Madrid.

Wäit iwwer 10.000 Katalanen, déi sech fir d‘Onofhängegkeet, oder zumindest Selbstbestëmmung, entscheet hunn, hunn zu Madrid géint de Prozess vun den 12 „politesche Prisonéier“ protestéiert. Deene geet ënnert anerem virgeworf: Rebellioun, Oprou an ënnerschloe vun ëffentlechem Geld. De Protest selwer stoung ënnert dem Motto: „Selbstbestëmmung ass kee Verbriechen!“.

An si sinn opgefall, wéi se de Boulevard Paseo del Prado ageholl haten. Et war eng „giel-rout Flut“ déi sech engem opgedoen huet, an déi zentral Parole war „Fräiheet fir déi politesch Prisonéier“. Dat hunn d‘Madrilenen esou och nach net erlieft. Laut de Kollege vun El Pais, sollen iwwer 500 Busser gechartert gi sinn, an 15 Sonner-Zich waren néideg, fir all déi Leit op Madrid ze bréngen.

Zur Demo opgeruff, haten d‘ANC (déi katalanesch Nationalversammlung) an eng fofzeg aner Verbänn a Parteien. Wann de Prozess géint d‘Separatisten d‘Kärfuerderung ass, esou beweist dës Aktioun och, datt d‘Relatioun tëscht Zentral- a Provënzregierung och weiderhi schlecht ass. Datt de Prozess zudeem live op der Tëlee iwwerdroe gëtt, ënnersträicht de Virworf vum „Schau-Prozess“.

Dem Sozialist, Pedro Sanchez, seng Regierung, behaapt sech awer weiderhin drop, datt eng Live Iwwerdroung vum Prozess, déi gréisst méiglech Transparenz géif garantéieren. Dat gleewen awer net emol déi der Regierung frëndlech gesënnte Medien. Déi sinn och weiderhin der Usiicht, datt de Konflikt mat de Katalanen net juristesch ze léisen ass, mee et d‘Politik ass déi hei entscheede muss.

mat indymedia/mad/bcn

Foto: © Xavier Domenèch

Related topics Generalstreik, Katalounien, Madrid, Pedro Sanchez, politesche Prozess
Next post Previous post