Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Kampf ëm Plaz dräi bei der Bundestagswahl
Fail International panzer mit angepassten matchmaking

https://moien.lu/xclusive-dating/

D’Kräizer fir d’Bundestagswahl maachen eis däitsch Noperen eréischt muer. Et

What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!
Fail International panzer mit angepassten matchmaking

What the Fakt – Den INL feiert seng 10 Joer!

Säit senger Grënnung am Joer 2009 konnt den nationale Sproocheninstitut

Blame! wäicht vum Virbild of – an dat ass gutt esou!
Fail International panzer mit angepassten matchmaking

Blame! wäicht vum Virbild of – an dat ass gutt esou!

Vun deene villen Anime-Adaptéierungen, déi een sech am Joer 2017

dislike

Kee Recht op Selbstbestëmmung fir de Kurdistan

Kee Recht op Selbstbestëmmung fir de Kurdistan

Mat enger „Blockade“ déi iwwert den irakesche Kurdistan verhaange ginn ass, an deen haut soll effektiv ginn, soll de Referendum zur kurdescher Onofhängegkeet „gebrach“ ginn. Washington rifft béid Säiten op sech ze berouegen a mateneen ze schwätzen.

D‘Spriecherin vum US-Ausseministère, Heather Nauert, huet drop bestanen, datt sech d‘Acteuere missten um Rim rappen. „Mir géifen et begréisse wa sech nees jidderee kéint berouegen“, esou de klore Message aus Washington, wou keen „eppes wëll ënnerhuele wat déi aktuell Spannunge kéint verschlëmmeren“.

D‘Heather Nauert erënnert drun, datt Washington gefaart hat, datt de Referendum fir „Kaméidi“ géif suergen. Et wier awer eng Prioritéit fir d‘USA, den Dialog tëscht Erbil a Bagdad ze encouragéieren, an e Beitrag zu enger friddlecher Léisung vir déi autonom Kurdeprovënz ze leeschten. Leider stinn sech béid Säiten net grad gutt gesënnt géinteniwwer.

„Et gëtt keng Verhandlunge mat de Kurden, net offiziell a net am geheimen. Et wäert déi och net ginn esou laang wéi d‘Resultat vum Referendum héich gehale gëtt, si net den Autoritéite vu Bagdad hir Grenzposten, Fluchhäfen a Regiounen iwwerginn, wou si hir „Zaldoten“ opgestallt hunn“, lapidar d‘Stellungnam vun der irakescher Regierung, déi virun allem un der Provënz Kirkouk, wéinst dem Pëtrol, festhält.

Bagdad zwéngt Auslänner zur Flucht

Déi irakesch Regierung huet den Ultimatum vun en Dënschdeg agehalen an ab 15 Auer haut de Mëtteg (eiser Zäit) gëtt et keng international Fluchverbindunge méi mat Erbil an Souleimaniyeh. Et ass dat déi éischt Mesure déi Bagdad als Äntwert op de massive „Jo“ zur Onofhängegkeet vun de Kurden ëmsetzt. Wat d‘Banneflich betrëfft, esou gëtt eng Entscheedung heizou haut am laf vum Dag getraff.

Mat 93% haten sech d‘Kurden, deene säit bal engem Joerhonnert en eegent Land an esou d‘Selbstbestëmmung ofgeschwat gëtt, fir d‘Onofhängegkeet am Referendum entscheet. E Referendum deen natierlech besonnesch all de Länner, an deenen déi kurdesch Minoritéit kaum Rechter huet, opgestouss huet. Den Iran, Syrien awer ganz speziell d‘Tierkei schénge bereet d‘Onofhängegkeet och mat Gewalt ze verhënneren.

Och irakesch Deputéiert verlaange widderhuelt vum Premierminister Haider al-Abadi d‘Arméi an déi kurdesch Regioun ze schécken an dem Dreiwen en Enn ze bereeden. Dee schéngt dat keng gutt Iddi ze fannen an huet sech bis ewell nach net ëffentlech geäussert. D‘Onsécherheet awer a besonnesch d‘Angscht am Kurdistan festsetzen ze bleiwen, zwéngt d‘Auslänner zur Flucht aus der Géigend.

Eng Moossnam mat dramatesche Konsequenzen

De verlängerten Ofbroch vun de Fluchverbindunge mam Kurdistan hätt dramatesch Konsequenzen. Dat besonnesch fir déi sëllechen Auslänner déi hei schafen, an dat op der Basis vun engem vun de kurdeschen Autoritéiten ausgestalltem Visa. E Visa dee vu Bagdad net unerkannt ass an och ne wäert ginn. Dat bedeit, datt d‘Auslänner sech net am Irak dierften ophalen.

„Ech fléien zréck an d‘States well hei fänkt et un ongemittlech ze ginn an ech hunn zwee Kanner“, erkläert d‘Zenat Drown, dat mat senge Krapperten zu Erbil um Fluchhafen op eng Verbidnung gewaart huet. „Ech kommen zréck wann sech d‘Lag nees berouegt huet“, esou d‘Amerikanerin mat afghanesche Wuerzelen, déi sech zanter dräi Joer ëm d‘Frae gekëmmert huet, déi d‘Affer vun de Mësshandlungen duerch den Islamesche Staat (IS) waren.

„Mir hunn hei Konsulater, Entreprisen an internationaalt Personal, dës Mesuren hunn en Impakt op alles a jiddereen. Dat ass einfach eng falsch Entscheedung“, bedauert géintiwwer der AFP d‘Direktesch vum Fluchhafen zu Erbil, d‘Tafar Faiq Saleh.

„Mir hunn hei och eng grouss Zuel u Refugiéeën an eise Fluchhafen ass eng Bréck tëscht Syrien an de Vereenten Natioune fir den Transfert vun humanitärer Hëllef. Net ze vergiessen datt och d‘Zaldoten a soss Leit vun der internationaler Koalitioun hei stationéiert sinn. De Fluchhafe vun Erbil erfëllt vill Besoinen“, erkläert d‘Tafar Faiq Saleh.

Um Enn geet et dann awer just ëm de Pëtrol

De Spriecher vun der internationaler Koalitioun, de Colonel Ryan Dillon, ënnersträicht sengersäits dat de Referendum en direkten Impakt op d‘Operatiounen, déi sech géint den IS riichten, huet. „Den Objektiv, dee wéi ee Laserstral géint den IS geriicht war, huet u senger Kraaft verluer“, sot de Colonel bei enger Telekonferenz mam Pentagone.

Well awer och déi kurdesch Regierung kee Wëlle weist nozeginn, an um Donneschdeg op e neits d‘Fuerderunge vu Bagdad zréckgewisen huet, bleift d‘Lag ugespaant. D‘Kurde schwätzen dann och vun enger kollektiver Bestrofung.

D‘Mesuren dierften dann och ganz Rapid den irakesche Kader sprengen. Den tierkesche Premierminister Binali Yildrim huet e Sommet Ankara-Teheran-Bagdad gefuerdert. D‘Tierkei wëll mat de „betraffene“ Länner d‘Moossname géint d‘Bedierfnis vun Onofhängegkeet ofklären. Als Drockmëttel gesäit Ankara Pëtrol, an de Schlëssel läit an der Tierkei. Déi kafen nämlech 550.000 vun de 600.000 produzéierte Barrel of.

Wat d‘Gespréicher betrëfft, esou huet den Yildirim eng Saach kloer gestallt: „Op de Grenzen ass eise Gespréichspartner den Irak, op de Fluchhäfen ass eise Gespréichspartner Bagdad an bei alle wirtschaftleche Froen ass déi irakesch Regierung onser Gespréichspartner“.

mam Wilson Fache an dem Ammar Karim zu Bagdad/AFP

Foto: Fir e d‘Recht op Selbstbestëmmung: bei enger Bedeelegung vun iwwer 70% hunn sech bal 93% fir d‘Onofhängegkeet vum Kurdistan ausgeschwat. De Referendum gëtt vun der Zentralregierung zu Bagdad veruerteelt an ofgeleeënt. Bis ewell ass drop verzicht ginn d‘Arméi anzesetzen. © Safin Hamed

Ähnlech Sujeten Irak, Kurdistan, Onofhängegkeet, Petrol
Nächsten Artikel Virrechten Artikel