Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ponts & Chaussées: De Wanter ka kommen, eis Jongen si Virbereet
International Neiegkeeten WTF

Ponts & Chaussées: De Wanter ka kommen, eis Jongen si Virbereet

Et gëtt esou lues ongemitterlech dobaussen a schneie sollt et

Europäesch Mobilitéitswoch 2020 – D’Stad Lëtzebuerg presentéiert säi Programm
International Neiegkeeten WTF

Europäesch Mobilitéitswoch 2020 – D’Stad Lëtzebuerg presentéiert säi Programm

D’Europäescher Mobilitéitswoch, déi dëst Joer vum 16. bis den 22.

Europa: D‘Finnen iwwerhuelen d‘Presidence vum EU-Rot
International Neiegkeeten WTF

Europa: D‘Finnen iwwerhuelen d‘Presidence vum EU-Rot

Bis zum Enn vum Joer wëllen d‘Finnen de Konsens och

surprise

Kroatien duerch Live-Selbstmord vum Praljak geschockt

Kroatien duerch Live-Selbstmord vum Praljak geschockt

Um Mëttwoch waren d‘Kroate geschockt, nodeems si live materlieft hunn, wei e fréiere Kroat vu Bosnien sech am Geriichtssall vum internationale Strofgeriicht vun den Haaf (ICTY) no sengem Uerteel vergëft huet.

De Geste vum Slobodan Praljak „illustréiert déi déif moralesch Ongerechtegkeet géint déi sech Kroate vu Bosnien“, dorënner de Praljak, e Mëttwoch vum ICTY condamnéiert, esou de kroatesche Premierminister Andrej Plenkovic am Kader vun enger Pressekonferenz. An dës Ongerechtegkeet, laut dem Plenkovic, wäit sech op d‘Vollek vun de Kroaten aus.

„De Praljak ass kee Kriminellen, ech weisen äert Uerteel zréck“, huet de Slobodan Praljak, oprecht stoend deklaréiert, zitt e Flacon aus de Täsch a schléckt den Inhalt virun de Riichter erof. Säin Affekot huet drop higewisen, datt et sech ëm Gëft handelt. E Geste deen den Ugekloten direkt no erhale vum Verdikt, 20 Joer Prisong, duerchgefouert huet.

De Virfall huet sech bei enger Audienz an Appell zougedroen, vun där sechs fréier ex-Dirigente a Militärcheffe vun de Kroate vu Bosnien betraff waren. Déi ware beschëllegt während dem Krich, méi prezis dem kroatesch-moslemesche Konflikt (1993/94) Krichsverbrieche begaangen ze hunn.

Se hunn nogekuckt, hunn alles gesinn

Zu Mostar, der Stad am Süde vu Bosnien, déi duerch de kroatesch-moslemesche Konflikt zerstéiert gouf, war d‘Geriichtsverhandlung mat grousser Opmierksamkeet verfollegt ginn. An engem Sall haten sech fréier bosnesch-moslemesch Combattante versammelt. Mënschen déi d‘Kroate vu Bosnien bekämpft hunn an d‘Meenung vum Premierminister net deelen.

Wéi den Almir Zahilic, deen an engem Gefaangenelager vun de Kroate vu Bosnien festgehale gi war, de Praljak gesäit aus dem Flacon drénken, ass hie besuergt-erstaunt. Een aner mengt „et ass Alkohol“. En Drëtte seet: „Dat ass ee Schauspiller“ mam hiweis op dem Praljak seng Vergaangenheet als Theaterdirekter.

Mee déi kroatesch Medien hate séier den Doud vum Slobodan Praljak gemellt. Zur gläicher Zäit huet d‘Presidentin Kolinda Grabar-Kitarovic hir offiziell Visite an Island ofgebrach. Si hat den Ugekloten d‘lescht Woch nach ëffentlech ënnerstëtzt.

Gerechtegkeet…

„Hien huet mat sengem Geste gewisen zu wéi engem Affer hie bereet war, fir der Welt ze weisen, datt de Slobodan Praljak kee Krichsverbriecher war“, deklaréiert de Dragan Covic, kroatesche Member vun der Tripartite vu Bosnien. „Et ass eng Blamage fir den ICTY“, mengt en aneren.

De Virfall u sech wierkt sech op de Ruff vun der internationaler Justiz bei de Kroate, ob se vu Bosnien oder Kroatien sinn, negativ aus. Zu Zagreb gëtt et der vill, déi sech dem Konzept vu „krimineller Entreprise“ därer sech déi Ugeklote schëlleg gemaach hätten, net uschléissen. Si hätten, mat der Zoustëmmung vun den héchsten Autoritéite gehandelt, ugefaange mam fréiere President Franjo Tudjman „Papp vun der Natioun“, deen 1999 verstuerwen ass.

Et ass dat Bild vun engem heroesche Befreiungskrich, dee sech an enger legitimmer Selbstverteidegung géint d‘Aggressioun vu Belgrad agepräägt huet, dat d‘Presidentin Kolinda Grabar-Kitarovic wollt de Mënschen an Erënnerung ruffen, wéi si déi lescht Woch d‘Promotioun vum Buch „Generol Praljak“ gemaach huet.

Wat fir eng „Wourecht“?

„De Beitrag vum Generol Slobodan Praljak war vun immenser Bedeitung, esouwuel fir d‘Verdeedegung vu Kroatien a Bosnien géint de grousse Serb, wéi och fir d‘Iwwerliewe vum kroatesche Vollek op sengem historesche Gebitt während dem patriotesche Krich“, esou d‘Presidentin.

An hiren Aen huet de Praljak „d‘Wourecht“ verkierpert, déi hien nom Krich verdeedegt huet.

Gebuer am Süde vu Bosnien, war de Praljak en diploméierten Ingenieur vun der philosophescher a an dramatescher Konscht-Fakultéit. Hie war alles ausser Zaldot. Mee wéi de Krich komm ass, huet hie séier Carrière an der kroatescher Trupp gemaach, wou hien eng wichteg Roll bei de Waffeliwwerunge gespillt huet.

Am Krich géint d‘Bosnier, an ofgesi vun den ethnesche Säuberungen, bléift säin Numm enk Verbonne mat der Zerstéierung vu Stari-Most (1993), der aler Bréck vu Mostar aus dem 16. Joerhonnert. 2004 hat de Slobodan Praljak gemengt: „Et ass just eng al Bréck“.

En Hellege mat vill Blutt un den Hänn

Fir de Politolog Zarko Puhovski ass dann awer eppes sécher: „Kuerzfristeg stellt säin Doud de Verdikt an den Hannergrond. De Praljak gëtt elo e neie kroateschen Hellegen“. Mee déi „kriminell Entreprise“ bleift, esou de Puhiovski „eng grouss Laascht fir Kroatien, als Land an d’ als Natioun“.

Mat deem wat sech um UN-Tribunal zu den Haag opgespillt huet, bestätegt sech, datt och de Franjo Tudjman un der „krimineller Entreprise“ bedeelegt muss gewiescht sinn. Et kann een net anescht wéi de „Papp vun der Natioun“ mat verantwortlech maachen, fir d‘Verbriechen déi vun de kroateschen Truppen a Bosnien begaange goufen, esou de Politolog.

mam Lajla Veselica an dem Rusmir Smajilhodzic zu Mostar /AFP

Foto: De fréiere Generol Slobodan Praljak bei senger Arrivée um UN-Tribunal, wou hien zesumme mat weidere fënnef Ugeklote fir Krichsverbrieche veruerteelt sollt ginn. Um Enn vun der Audienz huet hien e Flacon Gëft gedronk. © Robin van Lonkhuijsen/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Bosnien, Den Haag, ICTY, Kroatien, Slobodan Praljak, UN-Tribunal
Nächsten Artikel Virrechten Artikel