Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

EU-Mobilitéitspak: déi éisträichesch Propose ass besuergnesereegend
best working dating app dating someone new after a breakup

speed dating indian london

Eng Delegatioun vum Transportsyndikat ACAL-OGBL an der europäescher Federatioun vun

https://moien.lu/dating-framework---edition-enterprise/
best working dating app dating someone new after a breakup

ADR-Dissidentin Sylvie Mischel nees um Dill

Nodeems d‘Liewenspartnerin vum Fernand Kartheiser virun engem Mount vun der

D‘Kapassitéite beim Lëtzebuergeschen Sproochentest ginn erhéicht
best working dating app dating someone new after a breakup

D‘Kapassitéite beim Lëtzebuergeschen Sproochentest ginn erhéicht

Wien d’Lëtzebuergesch Nationalitéit wëll, muss zënter 2017 e Sproochentest packen.

Senat zu Roum hieft Immunitéit vum Salvini op

Senat zu Roum hieft Immunitéit vum Salvini op

Elo wou dem Matteo Salvini seng Immunitéit opgehuewe gouf, ka géint de Chef vun der Lega Nord elo de Prozess wéinst senger iwwerdriwwen haarder Flüchtlingspolitik gemaach ginn. De Parquet vu Catania huet dem fréieren Inneminister Fräiheetsberaubung an Amtsmëssbrauch virgeworf. Hei kéint de Politiker zu bis zu 15 Joer Prisong erwaarden. Esouwäit dierft et allerdéngs net kommen…

De Matteo Salvini huet no der Entscheedung am Senat gemengt: „Ech hunn Italien verdeedegt an dofir kommen ech elo viru Geriicht“. Esou wier hien also d‘Affer, nodeems hien am Numm vun den Italiener d‘Grenze vum Land geséchert huet. An hie war jo net deen eenzegen deen sech un dëser Flüchtlingspolitik bedeelegt huet. Et wier alles am Aklang mat der Regierung gemaach ginn.

Salvini

Beim Prozess wäert et allerdéngs manner ëm Politik wéi ëm dréche Fakte goen. De Matteo Salvini hat am Summer 2019, engem Schëff vun der italienescher Küstewuecht mat 131 aus Séinout gerett Migranten u Bord, verbueden en italieneschen Hafen unzelafen. D‘Gregoretti huet esou deeglaang um Mier missen ofwaarden, wat vum Parquet zu Catania als Fräiheetsberaubung bezeechent gëtt.

Et ass den zweeten Ulaf vum Parquet, dee schonn am Mäerz 2019 vum Senat d‘Ophiewe vun der Immunitéit gefuerdert hat. Sengerzäit goung et ëm dee selwechte Sachverhalt: Am August 2018 war dem Schëff Diciotti vun der italienescher Küstewuecht, mat 177 Migranten u Bord, verbuede ginn ee sizilianeschen Hafen unzelafen. Béid „Fäll“ hate fir vill Kritik am Land selwer gesuergt.

Salvini

De Concernéierte gesäit dat alles mat enger gewësser Rou. Hie géif sech net verfuussen an a Rou d‘Uerteel ofwaarden… fir unzefänken dat vum Geriicht an dann dat vum Vollek. Datt de Matteo Salvini, deem ëmmerhin eng Prisongsstrof an Aussiicht gestallt gëtt, esou gemälleg mat der Saach ëmgoe kann, ass dem italienesche Justizsystem geschëlt. Kuerzfristeg huet hie näischt ze fäerten.

Opmaacherfoto: Bei der Prozedur zur Ophiewung vun der Immunitéit am Senat, ass et eigentlech Usus datt sech d‘Regierung (zumindest partiell) weist. Bei der Diskussioun an der Kausa Salvini war dat entschidden anescht. © Senato della Repubblica

Ähnlech Sujeten Catania, Diciotti, Flüchtlingspolitik, Gregoretti, Immunitéit, Italien, Justiz, Lega Nord, Matteo Salvini, Séinout, Senat zu Roum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel