Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
Fir de Referendum a Katalounien
https://moien.lu/hawaiian-word-for-hook-up/

speed dating studenten freiburg

Nom Enn vun der Franco-Diktatur, war ech der Meenung, datt

is bayley dating anyone
https://moien.lu/hawaiian-word-for-hook-up/

gay dating apps in saudi arabia

Den 23. Juni 2016 ass schonn elo een Dag, den

money
Airbus a Bombardier: mat der C-Series e neien Horizont a Siicht
https://moien.lu/hawaiian-word-for-hook-up/

Airbus a Bombardier: mat der C-Series e neien Horizont a Siicht

Vu Boeing schwéier ënner Drock gesat, huet den Hiersteller Bombardier

Esch-Uelzecht: Seniore besser begleeden

De Kommunalplang fir Seniore gëtt et zu Esch zanter 2014, Zäit fir de Bilan an d‘Zukunft

Esch-Uelzecht: Seniore besser begleeden

Um Mëttwoch huet den Escher Schäffen André Zwally (CSV) sech dem Kommunalplang fir Senioren ugeholl, deen nach ënnert der virechter Majoritéit instauréiert gouf. Heibäi geet en drëms, déi eeler Matbierger aus der Gemeng méi an d‘Liewe vun der Stad anzebannen an si besser ze begleeden. De Kommunalplang fir Seniore gouf mat der Uni-Lëtzebuerg zesummen ausgeschafft.

An de Schäffe konnt och ee gudde Bilan virleeën. De „Service Seniors – besoins spécifiques“ dee gehalen ass d‘Politik an dëser Matière ëmzesetzen, hätt ganz Aarbecht geleescht, och wann et hei sécherlech nach e puer Schwaachstelle gëtt. Dofir géif op Kooperatioune gesat, wéi et se scho mam „Mosaïque Club“ gëtt. Et geet drëms, d‘Leit aus der Isolatioun ze huelen, si nees anzebannen…

Dofir gëtt et regelméisseg Konferenzen, bei deenen déi seniorespezifesch Theme behandelt ginn: „Fleegeversécherung“, „Liewensowend“ oder „de Leschte Wëllen“ sinn e puer Beispiller, vu Sujeten déi dem André Zwally wichteg sinn, firwat déi an noer Zukunft dierften opgegraff ginn. Doriwwer eraus huet d‘Minettemetropole eng helle Wull un Offeren a Servicer fir d‘Senioren.

Besser informéieren

Mee wat notzt déi beschten Offer oder dee schéinste Service, wann een net weess datt et se gëtt? An dat ass e Punkt un deem muss ugesat ginn. Leit besser informéieren, datt geet esouwuel virtuell wéi analog. Ënner „Analog“ ass den „Escher BIBSS“ gemengt. Den „Informatiounsbüro fir Mënsche mat spezifesche Besoinen a Senioren“ gëtt dann och an ee puer Deeg erëffent (15. November).

Hei sollen sech dann d‘Seniore mat hiren Doleancen u kompetent Mataarbechter wenne kënnen, déi all hir Suerge consideréiere wäerten an och op alles sollten eng Äntwert hunn. An de Schäffen huet nach ënnerstrach: „Eis läit um Häerzen, datt de BIBSS zur Gewerkschaft vun den Escher Seniore gëtt“. Fir datt et esouwäit ka kommen, mussen d‘Senioren sech awer och dësem Service unhuelen.

Wéi gesot, déi eeler Matbierger musse gutt an ëmfaassend informéiert ginn, an zu dësem Zweck ass eng Start-up mat an d‘Boot geholl ginn. „GoldenMe“ esou de Numm vun dëser Entreprise, weist de Seniore wat et alles un Aktivitéite gëtt a wat hir Virdeeler sinn, sech dësen unzeschléissen. Et geet drëms esouvill Leit wéi méiglech ze erreechen an zum matmaachen ze motivéieren.

Op d‘Leit zougoen

Dat kann ee roueg als „Erausfuerderung“ ëmschreiwen an den André Zwally ass gewëllt sech dëser ze stellen. Säin Zil: déi eeler Mënschen aus der Isolatioun ze huelen. Eng Isolatioun déi eiser haideger Gesellschaftsform geschëlt wier, awer net tolerabel ass. Dat weist och nees wéi wichteg et ass, den eelere Mënschen d‘Informatiounen och zougänglech ze maachen. Méiglech ass et jo…

Wann een dovunner kann ausgoen, datt déi meescht eng Televisioun hunn, da sollt mat „Esch TV“ d‘Informatiounskappassitéit en héijen Niveau hunn. Heiriwwer loossen sech d‘Seniore gutt an einfach iwwert all d‘Konferenzen, kulturell wéi sportlech Aktivitéiten an natierlech de BIBSS informéieren. Esou kann ee se dann ermonteren, sech nees ze bedeelegen a selwer aktiv ze ginn.

Mee och den Internet, hei méi spezifesch „Facebook“ soll als Intermediaire tëscht dem Service an de Senioren hierhalen. Et wier eng gutt Plattform déi den „direkten“ Austausch méiglech mécht a vun alle ka genotzt ginn. Et wier jo net esou, datt d‘Senioren net wéisste wat sech am Netz deet, a fir déi wou nach net digital ënnerwee sinn, gëtt et Atelieren a Coursen, et muss ee just wëllen.

D‘Villfalt liewen

Oft stellt sech och d‘Fro vun der Definitioun „Senior“. Ab wéini ass een „al“ gemooss um Fait datt haut vum 3. a vum 4. Alter rieds ass? Zu Esch-Uelzecht ass een ab dem 50. e Senior. An där gëtt et der vill: +50 Joer hunn 12.019 Awunner, a 6.087 Escher Bierger sinn iwwer 63 Joer al. Vill vun dëse Senioren hunn e Migratiounshannergrond, an och dat ass eppes wat muss berécksiichtegt ginn.

Den André Zwally stellt an dësem Kontext fest, dat et beispillsweis déi eeler Mënsche vun der portugisescher Communautéit sinn, déi d‘Offere vun der Gemeng am mannste kennen. An der Integratiounskommissioun géif ee sech scho laang domatter ausenanersetzen, a leider wieren déi gewënschten Objektiver nach net erreecht ginn. Si sinn dann och ee besonnescht Zilpublikum.

Bleift nach ze betounen, datt déi flottsten a virun allem agreabelst Aart a Weis sech e begéinen, den „Thé Dansant“ ass. Eng Offer déi bäibehalen a vläicht esouguer ausgebaut gëtt. Wien sech hei trëfft ass ënnert sengesgläichen, an esou eppes wéi eng Sproochebarrière huet et net. A wat ass besser wéi Leit déi matenaner diskutéieren, laachen a firwat net och emol kontradiktoresch debattéieren?

Foto: De Schäffen André Zwally © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten André Zwally, BIBSS, Esch-Uelzecht, Mosaique Club, Senioren, Service Seniors, The Dansant
Nächsten Artikel Virrechten Artikel