Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

déi gréng: „A gudde wéi a schlechten Zäiten…“
Neiegkeeten

déi gréng: „A gudde wéi a schlechten Zäiten…“

Et gëtt ëmmer emol Héichten an Déiften am Liewen an

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun
Neiegkeeten

Eng zefriddestellend Entrevue vum SLEG op der Mediatioun

No hirem „Piquet“ an enger éischter Entrevue mam Mediateur um

De Kollektivvertrag beim Cactus huet d‘Ënnerschrëfte kritt
Neiegkeeten

De Kollektivvertrag beim Cactus huet d‘Ënnerschrëfte kritt

Nom prinzipiellen Accord vu Mëtt Februar, huet d‘Gewerkschaft OGBL elo

Seniore beweege sech fir d‘Integratioun ?

Seniore beweege sech fir d‘Integratioun ?

Am „Club Senior“ vun Esch-Uelzecht weess een dat d‘Beweegung Léif a Séil zesummenhält. Hei gëtt et dann e Grupp, dee reegelméisseg Trëppeltier ënnerhëlt, awer och eppes „anescht“ ass wéi ee sech dat gemengerhand virstellt. Et handelt sech hei ëm eng „interkulturell Wandergrupp“.

Nei ass d‘Iddi net. Heibäi handelt et sech ëm en europäesche Pilotprojet aus dem Joer 2013, deen am Partenariat mam „RBS-Zenter fir Altersfroen“ ëmgesat ginn ass. Laut dem Sandy Lorente, dat de Projet opgebaut huet, huet d‘Iddi doranner bestanen, e Wandergrupp zesummenzestellen, deen sech duerch seng kulturell Mixitéit ervirdeet. D‘Verkéierssprooch ass dann och Franséisch.

Eppes eesäiteg geduecht

D‘Sandy Lorente huet festgestallt, datt et wuel vill Veräiner gëtt, déi engem d‘Wanderen no bréngen an och villes ze bidden hunn. Si bedauert allerdéngs, datt an dëse Veräiner vill lëtzebuergesch geschwat gëtt, firwat sech eng ganz Partie Seniore géifen ausgeschloss fillen.

An Hirem Grupp wier all Mënsch wëllkomm. Hire Grupp ass fir all „sozial Klassen“ op, gratis an et muss ee sech net aschreiwen. Et sollt een allerdéngs der franséischer Sprooch mächteg sinn, wat net frankophon Seniore jo awer och iergendwéi ausschléisst, an de multikulturelle Charakter vun der Saach net wierklech trëfft. Zum gewënschten Austausch an der Integratioun féiert dat net.

Mueres geet et zäiteg lass

Eemol an der Woch gëtt sech mueres getraff an da geet op den Tour. D‘Distanz ass mat sechs bis aacht Kilometer iwwersiichtlech. Nom Trëppeltour gëtt sech heiansdo fir e gudde Maufel entscheet, wat d‘Fro opwerft, op d‘Participanten dat scho virum „Tour“ ugekënnegt kréien, wëll d‘Wandere selwer jo awer „gratis“ ass, an ënner „all sozial Klass“ och eeler Mënschen ouni Geld gemengt sinn.

Et sief dann. Zil vun engem gemeinsame Mëttegiessen, och wann dorunner net méi jidderee kann deelhuelen, ass et de Leit d‘Méiglechkeet ginn sech auszetauschen. Esou kann een am engem Coup eppes fir seng Gesondheet maachen, a säi soziaalt Ëmfeld ausbauen a fleegen.

Den drëtten Alter mobiliséieren

Interessant ass d‘Zilsetzung vum Projet. Dee soll net nëmme fir Beweegung an Austausch tëscht den eelere Semester suergen, mee déi och derzou animéieren, sech weider Aktivitéiten zouzeleeën. Laut dem Sandy Lorente, géif d‘Wandergrupp de Leit nees Vertrauen a sech selwer ginn.

Déi gutt Fra mécht allerdéngs och eng gewoten Ausso. Laut dem Sandy Lorente hunn d‘Senioren d‘Tendenz unzehuelen, datt si keng Partner méi kënne fannen, déi sech fir déi selwecht Saache wéi si interesséieren. An den Nol gëtt dann direkt ganz ageschloen: „Wat si méi al ginn, wat si méi Gemeinsamkeeten hunn. Si mussen sech dorops konzentréieren, an net op d‘Ënnerscheeder“.

Wat, Wou, Wéini?

Rendez-vous gëtt de Club Senior allen interesséierte „Marcheuren“ um Parking vum Lallenger Kierfecht (nee datt ass kee Witz). Den Depart ass um 9 Auer moies, an den Tour dauert an der Reegel 2 Stonnen. Fir matzegoen, brauch een eigentlech just Kleedung déi dem aktuelle Wieder ugepasst ass, an e puer gutt Schong. Den Tour ass gratis, mee et muss sech ugemellt ginn.

Well de Grupp, eegenen Aussoen no, e gudden Tempo drop huet, gëtt et ab dem 1. Oktober dann dank enger neier Mataarbechterin, och d‘Méiglechkeet sech enger Grupp unzeschléissen, déi et eppes méi gemälleg ugeet. Wat soss nach Gebuede gëtt, dat steet am Programm.

Ähnlech Sujeten Club Senior, Esch-Uelzecht, Integratioun, Mosaique Club, RBS Zenter, Roud Kräiz, Senioren
Nächsten Artikel Virrechten Artikel