Search

You may also like

Lacrosse: Blacksmiths gewanne 14-5 géint Namur Knights!
Neiegkeeten

Lacrosse: Blacksmiths gewanne 14-5 géint Namur Knights!

Lacrosse zu Lëtzebuerg? Jo dat gëtt et! A leschte Sonndeg

Alt nees ee Chantier um Echangeur Hamm (Autobunn A1)
Neiegkeeten

Alt nees ee Chantier um Echangeur Hamm (Autobunn A1)

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt et wéinst dem Reamenagement vum Echangeur

Ab e Méindeg: Geännert Ëffnungszäiten am Stater Recyclingszenter
Neiegkeeten

Ab e Méindeg: Geännert Ëffnungszäiten am Stater Recyclingszenter

D’Stad Lëtzebuerg informéiert, datt ab e Méindeg, de 6. Juli

Sénkkëschtebotzert: Propper a sécher schaffen ass Gold wäert

D‘Ekipp vum Kanaldéngscht vun der Escher Gemeng krut haut d‘Schlëssele vum Swingo 200+

Sénkkëschtebotzert: Propper a sécher schaffen ass Gold wäert

Esch-Uelzecht – Um haitege Freideg war d‘Stëmmung am „Service Canalisation“ (Kanaldéngscht) an der Barbourg-Strooss beschtens, an et huet weder dorunner geleeën dat de Kollektivcongé haut ugefaangen huet nach eppes mat schéinste Summerwieder ze di gehat. Nee haut ass de fusch neien „Sénkkëschtebotzert“ Swingo 200+ SKR offiziell an den Déngscht geholl ginn.

De Sénkkëschtebotzert vum däitschen Hiersteller Schmidt, ass deen éischte senger Aart deen zu Lëtzebuerg an den Asaz kënnt, an d‘Stad Esch-Uelzecht ass frou esou eng wierklech nëtzlech an och wichteg Maschinn ze hunn. Op hire ronn 60 Kilometer laange Gemengeninfrastrukturen, zu deenen nach emol eng 20 Kilometer staatlech Infrastrukture mussen derbäirechent ginn, mécht d‘Investitioun vun 224.055 Euro allerdéngs och Sënn.

Hei gëtt et ëm déi 5.000 dëser Siphone fir d‘Kanalisatioun, an déi propper ze halen – fir datt wann emol een zolitte Schluet kënnt, déi och hire Job wéi gefuerdert maache kënnen – war näischt fir zaart Gemidder. Do huet et schonn eppes kräfteg Äerm gebraucht. Elo, mam Swingo 200+ ass et streng geholl, nach just eng Saach vum richtege Fangerspëtzegefill.

Véier Mataarbechter kréien elo eng Formatioun, an da kann et eigentlech direkt lassgoen. A wann een duerchaus ervirhiewe kann, datt de Sénkkëschtebotzert de Männer vum Kanaldéngscht déi ganz Aarbecht zolidd erliichtert, esou ass dat net den eenzegen Atout, deen dëst Gefier ze bidden huet. Esou ass d‘Aarbecht net méi esou beschwéierlech a knaschteg, mee virun allem wesentlech méi sécher. Déi kompakt Bauaart dréit derzou bäi, datt d‘Strooss während dem Botzvirgank net méi blockéiert ass an den Aarbechter bleift am Gefier sëtzen.

Domadder ass d‘Sécherheet vun den Aarbechter – déi wuel och heiansdo awer wäerte mussen erausklammen – wierklech enorm verbessert ginn, wat ëmmer begréissenswäert ass. Mam Swingo 200+ gëtt also a ville Beräicher eng däitlech Verbesserung vun den Aarbechtskonditiounen erreecht an zousätzlech och d‘Effektivitéit gesteigert. Fir gréisser Gemengen, sécherlech ee gudde Grond emol bei den Escher eranzeluussen, a sech mat eegenen Aen ee Bild ze maachen.

Opmaacherfoto a Galerie: D‘Vertrieder vum Schäfferot: André Zwally (CSV), d‘Mandy Ragni (déi gréng) an de Pim Knaff (DP) hei zesumme mat der Ekipp vum Kanaldéngscht. Si ware mindestens esou begeeschtert wéi d‘Männer vum Service, an och dat ass déi richteg Astellung. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Esch-Uelzecht, Kanaldéngscht, Schmit Swingo 200+ SKR, Sénkkëschtebotzert
Next post Previous post