Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Den ëffentlechen Defizit an der EU ass réckleefeg
Neiegkeeten

Den ëffentlechen Defizit an der EU ass réckleefeg

Den ëffentlechen Defizit huet sech an der EU iwwert déi

dislike
Verspillte Massen
Neiegkeeten

Verspillte Massen

Gamescom ass dat gréissten Event fir Videospiller vun Europa. Och

rout-rout-gréng Koalitioun: Eng kloer Fuerderung un d‘Sozialisten an déi gréng
Neiegkeeten

rout-rout-gréng Koalitioun: Eng kloer Fuerderung un d‘Sozialisten an déi gréng

E Sonndeg ass et esou wäit, da gëtt gewielt. Fir

Sennenger Schlass: Informelle Sommet vun de liberale Premierministeren

Sennenger Schlass: Informelle Sommet vun de liberale Premierministeren

Um Mëttwoch hunn sech déi liberal Premierministeren an EU-Kommissären, op Aluedung vum Xavier Bettel, zu engem informelle Sommet am Sennenger Schlass getraff. Hei ass sech dann iwwert esou wichteg Theme wéi der Zukunft vun Europa an aner aktuelle Sujeten ënnerhale ginn.

Ee vun den Haapttheme war dann awer och d‘Immigratioun, déi um EU-Sommet vun haut a Muer fir hëtzeg Diskussioune suergen dierft. Et ass ee sech eens, datt d‘Migratiounskris eng decisiv Roll fir d‘Zukunft vum der europäescher Unioun wäert spillen.

Déi liberal Premierministeren an EU-Kommissäre sinn iwwerzeegt, datt eenzeg multilateral Ofsprooche „de Knuet“ kënne Léisen. Hei schéngt een dann och tatsächlech gewëllt sech an Afrika besser opzestellen, an esou och ze verhënneren, datt sech d‘Leit iwwerhaapt op de Wee maachen.

Sommet

D‘Solidaritéit, besonnesch am Kader vun der aktueller Migratiounskris, wäert beim EU-Sommet d‘Weiche vun der europäescher Zukunft stellen. © Martine de Lagardère/moien.lu

An hei wier et dann och gutt, wann no zwee Joer endlech Fortschrëtter an dësem däregen Dossier ze verzeechne wieren. Woubäi déi ënnerschiddlech Approchen zum Reglement vun Dublin, éischter méi Kappzerbrieches verursaachen, wéi se Léisungsvirschléi ervirbréngen.

Brexit an „digital Europe“

Beim klenge Sommet zu Senneng hunn sech déi liberal Politiker och op eng gemeinsam Linn am Dossier Brexit verstännegt. Deen dierft um Freideg Mueren de Géigestand vun engem Debat ginn, deen der britescher Premierministesch, déi grad ënner Beschoss geroden ass, net entgéint kënnt.

Europa digital virubréngen, datt ass bei de liberal-gefouerte Länner keng Fro vu „Versteesdemech“ mee éischter eng vun der Noutwennegkeet. Dat kann een dann och am Kader vun der drëtter industrieller Revolutioun gesinn, firwat een d‘Weichen elo misst richteg positionéieren.

Sommet

Beim klenge Sommet vun de liberale Premierministeren an EU-Kommissären am Sennenger Schlass, ass sech op eng gemeinsam Linn fir den EU-Sommet vum 28. a 29. Juni zu Bréissel virbereet ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Iwwert de Budget fir d‘Eurozon ass sech och ënnerhale ginn. E Projet deen der Bundeskanzlerin Angela Merkel, mee och dem Emmanuel Macron um Häerze läit. Hei ass et den Hollänner, Mark Rutte, deen sech heftegst widdersetzt. Iwwert eng gemeinsam Linn, war hei näischt gewuer ze ginn.

An zu gudder Lescht ass och dee vum Donald Trump ausgeléisten „Handelskrich“ op Tapéit komm. Hei besteet de Konsens dorausser, datt ee Bréissel de Virtrëtt léisst „Moossnamen“ ze ergräifen, een awer en opmierksamt A drop hält. Och hei wier den Zesummenhalt wichteg.

Foto: De belsche Premierminister Charles Michel (l) war vum Xavier Bettel häerzlech empfaange ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Brexit, Informelle Sommet, Migratioun, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel